Tony Krier
Den Antoine (Tony) Krier, gebuer den 21. Juli 1906 zu Hamm a gestuerwen den 22. September 1994 um Houwald, war e lëtzebuergesche Fotograf a Journalist.
Hie war Hafffotograf, huet fir d' Luxemburger Wort geschafft a Fotosbicher publizéiert. Seng Sujetë waren nieft Portraiten och Landschaftsopnamen. Bekannt sinn och seng direkt nom Zweete Weltkrich publizéiert 2 Bicher Luxembourg Martyr 1940 1945, wouranner ë.a. déi an der Ardennenoffensiv zerstéiert Dierfer androcksvoll dokumentéiert sinn. Wéi d'Héich Autoritéit vun der CECA sech 1952 zu Lëtzebuerg néiergeloss huet, war hien mam Théo Mey ee vun den aktivsten fräiberufflechen Fotografen. Seng Biller vun däer Zäit sinn an alle grousse Fotothéiken erhale blief.
Seng ronn 400.000 Fotoe sinn an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg archivéiert.
Wierker
- D'Jorhonnertfeier 1939 am Bild
- (mam Pierre Hentges a Joseph Kanivé - Texter) Luxembourg Martyr 1940-1945, 2 Bänn
- Le Souvarain et son peuple (1965)
- (mam Jemmy Koltz) Les châteaux historiques du Luxembourg (1975)
- La vie d'une grande dame (1986)