Toxonevra muliebris

Vu Wikipedia
Toxonevra muliebris
Toxonevra muliebris

Toxonevra muliebris
Toxonevra muliebris
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Diptera
Famill: Pallopteridae
Gattung: Toxonevra
Wëssenschaftlechen Numm
Toxonevra muliebrisa
Harris, 1780

Toxonevra muliebris ass eng Aart vu Mécken an der Famill Pallopteridae[1][2] Se gouf an Europa an an Nordamerika fonnt. D'Muster op de Flilleke vun dëser Aart ass eng markant Ënnerscheedungzeechnung.

Taxonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Aart gouf fir d'éischt vum Moses Harris ënnert dem Numm Musca muliebris beschriwwen.[3] Uschléissend gouf d'Aart an d'Gattung Palloptera gesat.[4] Momentan gëtt se an der Gattung Toxonevra als Toxonevra muliebris gefouert.[1][5][6] D'Aart ass och ënnert dem Numm Toxoneura muliebris bekannt. Allerdéngs gëllt dësen Numm als eng falsch Schreifweis vun der Gattung Toxonevra.[2] Bekannt sinn och d'Synonymer Scatophaga lobata Fabricius, 1805 an Toxonevra fasciata Macquart, 1835.[6]

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

D'Aart ass eenheemesch an Europa[1] a gouf a Länner wéi Spuenien, Italien, Éisträich, Frankräich a Groussbritannien observéiert.[4] Viru kuerzer Zäit gouf se och an Nordamerika entdeckt.[7]

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Larve vun dëser Aart goufen ënner Bamschuele fonnt an et gouf hypothetiséiert datt se sech vu Käferlarve ernieren. An Nordamerika goufen erwuessen Exemplare vun der Aart och a Wunnhaiser entdeckt. Dat ass héchstwarscheinlech drop zeréckzefeiere well d'Larve vum T. mulibris sech mat Preferenz vun de Larve vun de Kiewerleken ass der Famill vun den Dermestidae ernieren, déi an Nordamerika een heefege Schädling sinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Toxonevra muliebris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Evenhuis, Neal L. & Pape Thomas, Toxonevra muliebris. Bishop Museum (2 Abrëll 2021). Gekuckt de(n) 2 Juli 2021.
  2. 2,0 2,1 Marshall, Stephen A. (2012). Flies: The Natural History & Diversity of Diptera. Firefly Books. ISBN 9781770851009. OCLC 1126641864.
  3. An Exposition of English Insects, including the several Classes of Neuroptera, Hymenoptera, Diptera, or Bees, Flies and Libellulae. London: White and Robson, 1782.
  4. 4,0 4,1 Wallace, P. F; O'Connor, J. P. (31 July 1997). Palloptera muliebris (Harris) (Dipt., Pallopteridae) discovered in Dublin City. Entomologist's Monthly Magazine. 133: 114.
  5. Toxonevra muliebris (Harris, 1780). www.gbif.org. Gekuckt de(n) 2021-07-02.
  6. 6,0 6,1 https://www.catalogueoflife.org/data/taxon/57M2R. www.catalogueoflife.org. Gekuckt de(n) 2021-07-02.
  7. R. A. Cannings, J. F Gibson (2019) Toxonevra muliebris (Harris) (Diptera: Pallopteridae): a European fly new to North America