Tukanen

Vu Wikipedia
Tukanen

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spiechtvullen
Wëssenschaftlechen Numm
Ramphastidae
Vigors

Tukanen, (Ramphastidae), sinn eng Vullefamill a gehéieren zu der Uerdnung vun der Spiechtvullen (Piciformes). Dës Famill ëmfaasst 6 Gattungen an 41 Aarten.

Ausgesinn[änneren | Quelltext änneren]

Tukane si mëttelgrouss bis grouss Vulle mat kuerze Flilleken an engem relativ laange Schwanz. Dat opfällegst Kennzeechen ass de risegen, faarwegen a gezackte Schniewel. D'Plomme si bei villen Zorte faarweg a kontrastéiere mat schwaarze Plazen. Giel ass an allen Nuancen ze fannen. Hir Féiss gläichen deene vun de Spiechten, se hunn zwou Zéiwen no vir an zwou no hanne geriicht.

Liewesraum[änneren | Quelltext änneren]

Tukane sinn an den tropesche Regiounen vu Mëttel- a Südamerika ze fannen. Den eigentleche Liewensraum spaant sech vum Süde vu Mexiko bis an de südëstlechen Deel vu Brasilien. Am Nordoste vun Argentinie si s'an der Provënz Misiones verbreet. Op de karibeschen Insele liewe se nëmmen op Trinidad. Tukane wunnen nëmmen op Beem.

Ramphastos vitellinus

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ramphastidae – Biller, Videoen oder Audiodateien