Op den Inhalt sprangen

Tunnel vun Esch-Sauer

Vu Wikipedia
Den Tunnel.

Den Tunnel vun Esch-Sauer ass e 75 Meter laangen Tunnel zu Esch-Sauer op der N27. E féiert ënner dem Biergréck erduerch op deem d'Buerg vun Esch-Sauer steet.

D'Strooss, déi duerch den Tunnel féiert, läit op enger Héicht vun 277 Meter an ass domat op der déifster Plaz ronn 43 Meter ënner dem Buedem. En ass banne ganz mat Schiferplacken ausgekleet, déi vertikal zum Verwëllef agebaut goufen.

Den Tunnel erspuert e ronn 750 Meter laangen Ëmwee laanscht d'Sauer an iwwer déi schmuel Strooss an der Uertschaft.