Télécran
Den Télécran. Das Luxemburger Magazin ass eng lëtzebuergescher Zäitschrëft, déi den 21. Januar 1978 fir d'éischt erauskoum. Et ass en Televisiouns- a Fräizäitmagazine, deen am Ufank vun den Éditions Plus erausgi gouf. Dohanner stounge fréier Mataarbechter vun der Revue; d'Sankt-Paulus-Dréckerei, déi e gdréckt huet, hat ee Fënneftel vum Kapital.
Am Oktober 1978 huet d'St.-Paulus-Dréckerei d'Zäitschrëft ganz iwwerholl, de Rémy Franck gouf Chefredakter. Mat der Revue louch den Télécran méi wéi eemol am Clinch - och alt viru Geriicht - wien déi héchst Oplo hätt.
Chefredakteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1978–1990 Rémy Franck
- 1990–1995 Carel Scheltgen
- 1995–2004 Fern Morbach
- 2004–2008 Roland Arens
- 2008–2013 Claude François
- 2013-? Fern Morbach (resposabel); Chefredakter vun alle Medie vu Saint-Paul: Jean-Lou Siweck
- ?-haut: Martine Hemmer.
Zuelen
[änneren | Quelltext änneren]Oplo
[änneren | Quelltext änneren]Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:[1]
uganks 2000 | ... | 4. Trimester 2008 | 2. Tr. 2009 | 4. Tr. 2009 | 2. Tr. 2010 | 4. Tr. 2010 |
---|---|---|---|---|---|---|
37.357 | ... | 33.485 | 32.760 | 32.534 | 31.846 | 31.734 |
Lieserstatistik
[änneren | Quelltext änneren]2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 34,3 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch den Télécran gelies. 2006/2007 waren dat der 33,60%; 2007/2008 31,80% an 2008/2009 31,50%.[2] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 28,50 %[4]
Tëscht 2009 an 2016 ass d'Lieserschaft ëm e Véirel zeréckgaangen.[5]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 93.500 Leit iwwer 15 Joer den Télécran gelies (19,4 % vun der Wunnbevëlkerung).[6]
Pressehëllef
[änneren | Quelltext änneren]2011 huet den Télécran 401 758 € staatlech Pressehëllef kritt.[7]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]De Layout
[änneren | Quelltext änneren]De Layout gouf mat der Nummer vum 6. Oktober 2016 fir d'lescht geännert.[5] Dee vu virdrun war den 2. Mee 2007 agefouert ginn. Deemools war d'Format e bësse vergréissert ginn, an en neit Schrëftbild a "großzügige Freiflächen" waren ageriicht ginn.
Kuriéises
[änneren | Quelltext änneren]De Begrëff "Télécran" ass e sougenannt Portmanteau-Wuert, dat an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four, fir den englesche Begrëff telescreen fir d'éischt gebraucht gouf. Gemengt domat sinn do eng Zort Iwwerwaachungsecranen, déi gläichzäiteg Videobiller senden an Iwwerwaachungskamera sinn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8.
- ↑ Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
- ↑ R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
- ↑ Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
- ↑ 5,0 5,1 "Invité vum Dag: Martine Hemmer." op 100komma7.lu, 06. Okt 2016 - 07:30.
- ↑ Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
- ↑ Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.