Union luxembourgeoise des associations du secteur culturel
Ausgesinn
| Union luxembourgeoise des associations du secteur culturel | |
|---|---|
| Rechtsform | De-facto-Associatioun |
| Ofkierzung | ULASC |
| Grënnungsdatum | 2020 |
|
| |
D'Union luxembourgeoise des associations du secteur culturel (ULASC) ass de lëtzebuergeschen Daachverband vun de Veräiner, déi déi verschidde Kultursecteure representéieren. Juristesch gesinn ass d'ULASC eng De-facto-Associatioun (fr: association de fait), déi wéinst der Kris vun der COVID-19-Pandemie am Fréijoer 2020 gegrënnt gouf.
D'ULASC huet ënner hire Memberen eng Ëmfro gemaach, fir d'Zuel vun annuléierten oder verréckelten Evenementer am Secteur ze schätzen a Kataloge vu Revendicatiounen opzestellen. Déi Dokumenter goufen de 27. Abrëll 2020 an enger Entrevue mat der Ministesch Sam Tanson[1] iwwerginn an diskutéiert, ë. a. fir eng Extensioun vun de Covid-19-Spezialmoossnamen am Kader vum Kënschtlerstatut ze froen.
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]- Actors.lu
- Association des artistes plasticiens du Luxembourg (AAPL)
- Association des techniciens de l'audiovisuel (ALTA)
- Association luxembourgeoise des professionnels du spectacle vivant (ASPRO)
- Association luxembourgeoise des réalisateurs et scénaristes (LARS)
- Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs (FLAC)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Gouvernement 2020. Échange de Sam Tanson avec les fédérations luxembourgeoises du secteur culturel dans le cadre de la lutte contre le COVID-19. Communiqué du Gouvernement du 28.04.2020. https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2020/04-avril/28-tanson-federations.html
