Ferizaj
| Ferizaj | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Kosovo |
| Awunner | 5.424 |
| 5. Abrëll 2024 | |
| Fläch | 720 km² |
| Héicht | 500 m |
| Koordinaten | 42°22'12"N, 21°9'18"O |
| Telefonszon | 0290 |
| Postcode | 70000 |
| Websäit | https://ferizaj.rks-gov.net/ |
|
| |
|
| |
Ferizaj (op albanesch och nach: Ferizaji, op serbesch: Uroševac oder Урошевац) ass eng Stad a Gemeng am Süde vum Kosovo. Se huet 5.424 Awunner (Stand 5. Abrëll 2024)[1][2] an ass no Pristina a Prizren déi drëttgréisst Stad am Land. D'Gemeng setzt sech aus der Haaptuertschaft mam selwechten Numm a 45 Dierfer zesummen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ferizaj ass eng vun de jéngste Stied am Kosovo. Si ass nom Bau vun der Eisebunnslinn Mitrovica-Skopje am Joer 1873 entstanen. Den Hotelbesëtzer Feriz Shasivari (no dem d'Stad benannt ass) hat eng Gare op sengem Land baue gelooss, ronderëm déi eng Uertschaft entstanen ass, déi séier gewuess ass, an deemools nach zum Osmanesche Räich gehéiert huet.
1913 ass d'Stad bei d'Kinnekräich Serbie komm a gouf an Uroševac (d'Stad vum Uroš), nom serbesche Kinnek Stefan Uroš V., ëmbenannt. Am Éischte Weltkrich war d'Stad vun Éisträich-Ungarn, am Zweete Weltkrich vum Kinnekräich Italie besat.
Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]Ronn 4000 Entreprisë sinn zu Ferizaj registréiert, dorënner eng Zillefabréck, eng Uelegfabréck an Entreprisen déi Uebst an Holz verschaffen. An den Dierfer gi Weess, Mais, Sonneblummen, Soja a Gromperen ugebaut.[3]
Am Oste vun der Stad läit de Camp Bondsteel, eng amerikanesch Militärbasis an där den Haaptquartéier vum amerikanesche KFOR-Kontigent ass. Si ass nom Vietnamkrichveteran James Leroy Bondsteel benannt an ass mat 386 Hektar ongeféier hallef sou grouss wéi déi ganz Stad. De Camp gouf 1999 nom Amarsch vun der NATO am Kosovo gebaut.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Camp Bondsteel.
Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Am Zentrum vu Ferizaj leien nëmmen e puer Meter vuneneen ewech déi grouss Moschee vum Mulla Veseli an d'orthodox Kierch vum hellegen Uroš aus dem Joer 1933. D'Proximitéit vun den zwee Gebaier gëllt als Symbol fir déi joerzéngtelaang reliéis Toleranz tëscht Moslemen a Chrëschten. D'Moschee aus dem Joer 1891 gouf am zweete Weltkrich zerstéiert an duerno nees opgebaut. Am Kosovokrich vun 1999 gouf keent vun de Gebaier zerstéiert. Wärend Onrouen am Mäerz 2004 gouf d'Kierch vun Extremisten attackéiert mä net zerstéiert.
Et gëtt en Theater an der Stad selwer.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]De Foussballclub KF Ferizaj spillt an der héchster nationaler Divisioun, der Raiffeisen Superliga.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]- Vue op de Camp Bondsteel (2006)
- D'Gemengebibliothéik
- Déi grouss Moschee vum Mulla Veseli an d'orthodox Kierch vum hellegen Uroš
- D'Gemengenhaus vu Ferizaj
- De Bierg Ljuboten vu Ferizaj aus gesinn
- Den Theater
- D'Gare
- Fassadekonscht
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ferizaj – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ Ferizaj (District, Kosovo) - Population Statistics, Charts, Map and Location. Gekuckt den 11. Dezember 2025.
- ↑ Archive copy Archivéiert den 19.12.2014. Gekuckt de 17.12.2014.
