Vernon A. Walters
Ausgesinn
| Vernon A. Walters | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
3. Januar 1917 New York |
| Gestuerwen |
10. Februar 2002 West Palm Beach |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Diplomat, Dolmetscher |
| Partei | Republican Party |
| Fonctioun | Ambassadeur |
| Member vun | United States Army |
| Gielercher | Presidential Medal of Freedom, Großes Verdienstkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland |
|
| |
De Vernon Anthony Walters, gebuer den 3. Januar 1917 zu New York, a gestuerwen den 10. Februar 2002 zu West Palm Beach, Florida, war en US-amerikaneschen Zaldot, Geheimdéngschtmann an Diplomat. Hien huet iwwer fënnef Joerzéngte fir aacht verschidde Presidente vun den USA, als antikommunistesche Kämpfer wärend dem Kale Krich geschafft. Am Ufank war en Exekutant a spéider huet en d'Pläng opgestallt fir oppen a verdeckt Operatiounen an der ganzer Welt.
Bekannt gouf hien awer eréischt am leschten Drëttel vu senger Carrière, wéi hie vun 1972 bis 1976 Sous-Direkter bei der CIA gouf, a vun 1985 bis 1989 Ambassadeur vun den USA bei der UNO, a vun 1989 bis 1991 Ambassadeur an Däitschland war.
