Victor Schœlcher

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Victor Schoelcher)
Victor Schœlcher
Gebuer 22. Juli 1804
Paräis
Gestuerwen 25. Dezember 1893
Houilles
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Marc Schœlcher
Monument zu Éiere vum Victor Schoelcher zu Cayenne, an der Guyane.

De Victor Schœlcher, gebuer den 22. Juli 1804 zu Paräis, a gestuerwen de 25. Dezember 1893 zu Houilles, war e franséische Politiker a Géigner vun der Sklaverei an de franséische Kolonien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Victor Schœlcher seng Eltere ware vu Fessenheim am Elsass, hie selwer ass zu Paräis opgewuess. No sengem Lycée huet hie sech an de Paräisser Kënschtlerkreesser opgehalen, wou en d'George Sand, den Hector Berlioz an de Franz Liszt kennegeléiert huet.

Hien huet d'Parzeläinsfabréck vu sengen Eltere geierft. Bei enger Geschäftsrees a Mexiko, Kuba an an déi amerikanesch Südstaaten 1829–31 huet hien d'Sklaverei kennegeléiert, déi et dunn do gouf.[1] Nodeems en nees zu Paräis war, huet hien d'Fabréck verkaaft an huet sech vun do u politesch a publizistesch dofir engagéiert, dass d'Sklaverei opfgeschaaft sollt ginn.

Hie war Deputéierten an der Nationalversammlung fir d'Martinique an huet 1848 den Décret d'abolition de l'esclavage du 27 avril 1848 mat iniziéiert, deen den 22. Mee 1848 proklaméiert gouf, a mat deem d'komplett Ofschafe vun der Sklaverei a Frankräich an a senge Kolonië festgeschriwwe gouf. 1849 an 1850 huet hie Guadeloupe an der Nationalversammlung vertruden. Nom Staatsstreech vum Napoléon III. 1851 goung de Schœlcher an den Exil an d'Belsch, an dann op London, vu wou en eréischt 1870, nom Enn vum Napoléon III. senger Herrschaft, op Paräis hannescht koum a vu wou aus en 1871 bis 1875 op en Neies d'Martinique an der Nationalversammlung representéiert huet. 1875 gouf en zum Senateur op Liewenszâit ernannt.

Hie gouf um Kierfecht Père-Lachaise begruewen. Den 20. Mee 1949 goufe seng Äschen, zesumme mat deene vum Félix Éboué, an de Panthéon iwwerfouert.

1888, nach zu senge Liefzäiten, gouf déi drëttgréisst Gemeng op Martinique déi du Case-Navire housch, a Schœlcher ëmgenannt.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire des crimes du 2 décembre, Chapman, London 1852.
  • Esclavage et Colonisation, Avant-propos de Charles-André Julien, Introduction d'Aimé Césaire. Textes annotés par Émile Tersen. Presses Universitaires de France, Paris 1948.
    • Neioplo als Victor Schœlcher et l'abolition de l'esclavage. Éditions Le Capucin, Lectoure 2004.
  • Le vérité aux ouvriers et cultivateurs de la Martinique, suivie de Rapports, Décrets, Arrêtés, Projets de Louis et d'Arrêtés concernant l'abolition immédiate de l'Esclavage, Paris 1849 (Digitalisat)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • François Blancpain: Les abolitions de l'esclavage dans les colonies françaises (1793–1794 et 1848). In: Léon-François Hoffmann, Frauke Gewecke, Ulrich Fleischmann (Hg.): Haïti 2004 – Lumières et ténèbres. Vervuert, Frankfurt am Main 2008. ISBN 978-84-8489-371-4. S. 63–83.
  • Aimé Césaire: Commémoration du centenaire de l'abolition de l'esclavage. In: Collection du centenaire de la Revolution de 1848. Presses universitaires de France, Paris 1948
  • Nelly Schmidt: Victor Schœlcher et l'abolition de l'esclavage. Fayard, Paris 1999.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victor Schoelcher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Victor Schœlcher op unesco.org.