Op den Inhalt sprangen

Villa Conter

Vu Wikipedia
Villa Conter
Land Lëtzebuerg
Gemeng Dikrech

D'Villa Conter ass e Gebai zu Dikrech an der Alexis-Heck-Strooss.

D'Villa Conter gouf Enn vum 19. Joerhonnert vum Alexis Heck, dem Besëtzer vum Grand Hôtel des Ardennes nobäi, als säi Privathaus baue gelooss.[1] Méi spéit krut se den haitegen Numm, no hirem neie Besëtzer.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war do de Sëtz vun der Gestapo, wou ë. a. Leit agespaart an zum Deel brutal verhéiert goufen. Nom Krich huet vun 1948 un d'Famill Mambourg-Zeyen an der Villa Conter gewunnt, wou ufanks de Gemengeconseiller Dr. Albert Mambourg bis zu sengem Doud 1952 seng Praxis hat.

2010 koume Pläng op, aus der Villa, déi ewell eidel stoung, en Nordstad-Archiv ze maachen; doraus gouf awer näischt. 2018 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2] D'Gemeng hat wëlles, et ze kafen, schlussendlech huet awer eng Privatpersoun et opkaaft. Dës ass 2020 gestuerwen, sou dass d'Gemeng et dat Joer drop dann awer kafe konnt.

Zanterdeems lafen Aarbechten, doran e Stadarchiv anzeriichten, dat ënner der Leedung vum Michel Pauly gefouert soll ginn. Vun 2025 u soll, fir am ganze 7,5 Milliounen Euro, nieft Ëmbauaarbechten och eng Annex gebaut ginn, mat Lies- a Konferenzraim, Büroen, enger Bibliothéik an Archivraim dran.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Roger Infalt: "Früheres Gestapo-Hauptquartier wird zum Stadtarchiv: Um- und Anbau der Villa Conter kostet 7,5 Millionen Euro. tagebaltt.lu, 10.08.2024.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).