Wäibauzonen

Vu Wikipedia

D'Ubaufläch vir Wäin an de Gebidder vun der Europäescher Unioun ass duerch e Reglement vum Europarot vum 17. Mee 1999, an a senger Ofännerung vum 29. Abrëll 2008 iwwer d'Organisatioun vum Wäimaart an Europa no klimatesche Krittären a siwe Wäibauzonen agedeelt.

Et sinn dat d'Haaptzonen A, B an C. D'Haaptzon C ass weider opgedeelt an CIa, CIb, CII, CIIIa an CIIIb.

An der Wäibauzon A ass de Klima am keelsten an d'Zon CIIIb huet dee wäermste Klima. Fir d'Wënzer gëllen an de verschiddenen Zonen ënnerschiddlech Virschrëften iwwer d'Moschtgewiicht, d'Uräicherung an d'Saieren, respektiv d'Entsaiere vum Wäin.

Lëtzebuerg gehéiert zesumme mat den däitsche Wäibaugebidder (mat Ausnam vu Baden) zu der Wäibauzon A.

Et gëtt Bestriewungen d'Andeelung op dräi Zonen, Süd, Mëtt an Nord, ze vereinfachen. Dobäi géifen d'Mindestufuerderungen un de Wäin an der nërdlecher Zon warscheinlech erhéicht.

Um amerikanesche Kontinent gëtt et nëmmen a Kalifornien eng änlech Andeelung a verschidde Klimazonen.

Definitioun vun de Wäinbauzonen[änneren | Quelltext änneren]

Wäibauzon A[änneren | Quelltext änneren]

Dëst ass déi keelsten Zon.

Wäibauzon B[änneren | Quelltext änneren]

Wäibauzon C[änneren | Quelltext änneren]

D'Zon C, déi wäermsten Zon, ass a follgend 5 Subzonen ënnerdeelt:

  • CIa: Déi franséisch Regioune Bordeaux, Bourgogne, Provence, Rhône a Sud-Ouest gehéieren dozou. Donieft sinn e puer Gebidder an Nordspuenien an e groussen Deel vun de portugisesche Regiounen an dëser Zon agedeelt.
  • CIb: Südtiroul, nërdlech Ubaugebidder vun Italien
  • CII: Longuedoc-Roussillon, Nord- a Mëttelitalien an den Norde vu Spuenien
  • CIIIa: dee méi killen Deel vu Griicheland
  • CIIIb: franséisch Ubaugebidder um Mëttelmier, Korsika, Sardinien, Süditalien, Südspuenien, déi wäermste Gebidder vu Portugal an dee gréissten Deel vu Griicheland

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]