WASP-4
Ausgesinn
| WASP-4 | |
| Stärebild: | Phoenix (Phe) |
| Daten (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 23h 34m 15,06s |
| Deklinatioun | - 42° 03' 41,1" |
| Visuell Magnitude | 12,6 mag |
| Spektralklass: | G7V |
| Astrometrie | |
| Radialvitess: | ? km/s |
| Distanz | 850 Lj. |
| Liichtkraaft | 12,6 mag |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Mass: | 0.9 (± 0.07) M☉ |
| Radius: | 1.15 (± 0.28) R☉ |
| Uewerflächentemperatur | 5500 (± 150) K |
| Aner Bezeechnungen | |
| 1SWASP | J233415.06-420341.1 |
| USNO | USNO-B1.0 0479-00948995 |
De WASP-4 ass e Stär a läit ronn 260,5 Parsec (zirka 850 Liichtjoer) vun eis ewech am Stärebild Phoenix. Ronderëm hie kreest en Exoplanéit. De Stär WASP-4 ass e Spektraltyp G7V an huet eng visuell Magnitude vun 12,6. Mat enger Uewerflächentemperatur vun zirka 5600 K gläicht de Stär eiser Sonn.
De Planéit
[änneren | Quelltext änneren]Haaptartikel: WASP-4 b
De Planéit, deen ëm de WASP-4 kreest gëtt WASP-4b genannt. WASP-4b huet op d'mannst 1,34 Jupitermassen an huet ongeféier den 1 ½ fache Radius vum Jupiter. Hie braucht fir eng Ëmkreesung ëm säi Stär 1,34 Deeg.