Waassertuerm zu Stengefort

Vu Wikipedia
De Waassertuerm um Kinneksbierg

De Waassertuerm zu Stengefort steet um Kinneksbierg, nërdlech vun der Uertschaft. Zesumme mam Waassertuerm um Bëchel zu Klengbetten, versuergt en d'Gemeng Stengefort mat Drénkwaasser. Déi zwéi Waassertierm sinn zesummegeschloss a funktionéieren nom Prinzip vun de Vases communicants.

An den 1990er Joren ass d'Capacitéit vum Waassertuerm um Bëchel net méi duergaange fir d'Versuergung mat Drénkwaasser an der Gemeng ze garantéieren. D'Gemeng huet dunn de Bau vun engem zweete Waassertuerm, um Kinneksbierg, decidéiert.

De Waassertuerm um Kinneksbierg gouf de 25. September 2003 vum deemolegen Inneminister Michel Wolter a vum deemolege Buergermeeschter Jean Asselborn offiziell ageweit[1], dat no enger Bauzäit vun zwee Joer (2001-2003).

Den Tuerm ass 37,5 m héich. De Waasserbaseng huet en Duerchmiesser vu 15 m an e Faassungsverméige vun 1000 m³.

Den Tuerm aus Bëtong gouf bausserëm mat patinéierte (raschtege) stole Panneauen agekleet, fir déi visuell Integratioun an d'Ëmwelt, virun allem de Bësch niewendrun, z'erméiglechen. D'Stabilitéit vun de Panneauë gëtt mat zwéi Réng aus Inox verstäerkt, déi d'Panneauë mam Tuerm selwer verbannen.

De Bau vum Waassertuerm huet 2,5 Milliounen Euro kascht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

(c.m.), 2013. Chronik vor 10 Jahren. Neuer Trinkwasserbehälter in Steinfort eingeweiht. Luxemburger Wort vum 25. September 2013, S. 35.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Chronik an der Literatur