Wadern

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Wadern
lb: Wadern
Wappen-StadtWadern.jpg
Wadern Schloss Muenchweiler01.jpg
Land Däitschland
Bundesland Saarland
Krees Merzig-Wadern
Buergermeeschter Jochen Kuttler (ProHochwald)
Awunner 15.727 (30 September 2019)
Fläch 111.17
Héicht 275-600 m i. NN
Koordinaten 49°32'22"N, 6°53'24"O
Telefonszon 06871
Postcode 66687
Websäit http://www.wadern.de
Jumelage mat Uebigau-Wahrenbrück, Montmorillon
Wadern in MZG.svg


Wadern ass eng däitsch Stad am saarlännesche Landkrees Merzig-Wadern tëscht Saarbrécken an Tréier. Mat 143 Awunner pro km² ass d'Stad dënn besidelt, flächeméisseg ass se awer mat 111 Quadratkilometer no Saarbrécken a St. Wendel déi drëttgréisst Stad am Saarland. D'Stad Wadern regruppéiert 13 Staddeeler mat am Ganze 24 Dierfer. Si gehéiert zum muselfränkesche Sproochraum.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Lag vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Wadern läit an der nërdlechster Regioun vum Saarland, deem sougenannte „Schwarzwälder Hochwald“.

Andeelung vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Wadern ass a 14 Gemengebezierker resp. Staddeeler ënnerdeelt: Bardenbach, Büschfeld, Dagstuhl, Krettnich, Lockweiler, Löstertal, Morscholz, Noswendel, Nunkirchen, Steinberg, Wadern, Wadrilltal, Wedern. De Sëtz vun der Stadverwaltung ass am Staddeel Wadern.

Déi 14 Staddeeler vun der Stad Wadern

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Handwierksgeschier aus Steen a verschidde Grafhiwwelen deiten drop hin, datt d'Regioun vum Hochwald, an deem dat haitegt Stadgebitt vu Wadern läit, schonn zu enger Zäit besidelt war, fir déi et keng schrëftlech Quelle gëtt (Virgeschicht).

Schrëftstécker, déi d'Geschicht dokumentéieren, fanne sech fir d'éischt am Zesummenhang mat der Eruewerung vun der Regioun duerch d'Réimer (58 – 51/50 v. Chr.). De réimesche Feldhär Julius Caesar beschreift a senge Schrëften detailléiert d'Mënschen, déi an der Regioun gelieft hunn, a gëtt Hiweiser op hir Sitten a Bräich.

D'Regioun vum Hochwald profitéiert wirtschaftlech a kulturell vum Ausbau vum Stroossennetz duerch d'Réimer. Ëmmer méi Kelte loosse sech an der Regioun néier.

Déi éischt Joerhonnerten no Christus si vun ëmmer méi Ugrëff vu germanesche Stämm markéiert, déi schliisslech d'Réimer ofléisen. Dat féiert dozou, datt d'Regioun en Deel vum Frankeräich gëtt.

D'Land gëtt urbar gemaach, d'Landwirtschaft gëtt ausgebaut an et entstinn nei Siidlungen. D'Duerfnimm vun den Uertschafte mat -bach,-feld oder -rod um Enn, déi zum Gebitt vun der haiteger Stad Wadern gehéieren, deiten op d'Rodunge vum Bësch hin, déi et doi am fréie Mëttelalter gemaach goufen.

Déi haiteg Stad Wadern huet am Mëttelalter an an der fréier Neizäit zu ënnerschiddlechen Herrschaftsgebidder gehéiert, ë. a. zum Äerzstift Tréier, zum Herzogtum Lothringen an zur Herrschaft Dagstuhl.

Fir d'Opliewe vun der Uertschaft Wadern selwer war d'Herrschaft Dagstuhl besonnesch wichteg. 1680 ass si an de Besëtz vun de Grofe vun Oettingen-Baldern iwwergaangen, am 18. Joerhonnert huet de Grof Joseph Anton von Oettingen-Baldern und Soetern d'Herrschaft Dagstuhl iwwerholl. Hien huet säi Wunnsëtz a säin Haff ganz op Dagstuhl verluecht, wou hien a sengem Schlass gewunnt huet, dat tëscht 1760 a 1762 fäerdeg gebaut war. Mat vill Engagement a Geschéck huet hien d'wirtschaftlech Situatioun vun der Herrschaft Dagstuhl verbessert. Déi wichtegst Neierung war d'Maartrecht, dat d'Uertschaft Wadern 1765 feierlech zougesprach krut. D'Maartplaz, déi deemools ugeluecht gouf, an de Maartbur, dee gebaut gouf, sinn nach haut d'Zeie vun dësem feierlechen Akt an de Rechter, déi domat verbonne waren.

Wéi d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun d'Regioun eruewert hunn, sinn d'Feudalherrschaften opgeléist ginn an d'Gidder vun den Adlege sinn an de Besëtz vum franséische Staat iwwergaangen. Dat huet och fir d'Schlass Dagstuhl gegollt, dat de Fräihär Wilhelm Albert de Lasalle von Louisenthal am Joer 1807 iwwerholl huet. D'Schlass Münchweiler gouf 1801 vu sengem fréiere Besëtzer erëm zréckkaaft. Dat haitegt Stadgebitt gouf 1801 Frankräich zougeschloen. Wéi de Wiener Kongress d'Grenzen 1815 nei gezunn huet, koum et ënnert d'Verwaltung vu Preisen.

Doduerch, datt sech ëmmer méi Mäert fir d'saarlännesch Kuel fonnt hunn, ass vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert un d'Zuel vun de Leit aus der Hochwald-Regioun, déi am Biergbau geschafft hunn, rapid gewuess. D'Landwirtschaft war fir vill Leit oft just nach e Nieweverdéngscht. Fir e weidere wirtschaftlechen Opschwong huet den Uschloss vum haitege Stadgebitt vu Wadern un d'Eisebunnsnetz gesuergt. Dat huet derzou bäigedroen, datt och déi kleng Handwierksbetriber sech positiv entwéckelt hunn.

Op den Ausbroch vum Éischte Weltkrich 1914 reagéieren d'Leit an der Regioun éischter zréckhalend, vill hunn Angscht ëm hir Existenz. Nom Krich bleift d'Hochwald-Regioun Deel vum Däitsche Räich an ënnersteet weider der Verwaltung vu Preisen. D'Nopeschregioun am Westen am Raum Merzig gëtt dergéint no dem Versailler Friddensvertrag am Joer 1920 aus dem Däitsche Räich ausgegliddert an dem nei geschafene Saargebiet zougeschloen. Dat féiert derzou, datt d'wirtschaftlech Situatioun vun de Leit aus der Hochwald-Regioun sech drastesch verschlechtert, well déi traditionell Verbonnenheet mat de Wirtschaftsraim, déi vun elo un zum ofgetrennte Saargebiet gehéieren, net méi ginn ass.

Och nodeems d'Saargebiet 1935 zréck un d'Däitsch Räich geet, steet d'Hochwald-Regioun weider ënnert der Verwaltung vu Preisen.

Wéi 1939 den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, goufen all wierfäheg Männer an d'Wehrmacht agezunn an an de Krich geschéckt. Vill vun hinne sinn un der Front gefall. D'Zivilbevëlkerung huet d'Schrecke vum Krich virun allem Ënn 1944/Ufank 1945 erlieft, wéi déi alliéiert Truppen dat haitegt Stadgebitt aus der Loft ugegraff hunn.

Fir seng Uspréch op Reparatioun ofzesécheren huet Frankräich no dem Zweete Weltkrich derfir gesuergt, datt eng Rei vu saarlännesche Gebidder aus senger Besatzungszon ausgegliddert goufen an an dem sougenannte Saargebiet regruppéiert goufen. D'Saargebiet vun 1946 huet zum franséischen Zoustännegkeetsberäich gehéiert a war territorial e bësschen anescht ausgeriicht wéi d'Saargebiet vun 1920. Esou huet elo ë. a. och den Hochwald-Raum zum Saargebiet gehéiert. Domat gouf Wadern, staatsrechtlech gesinn, fir d'éischt a senger Geschicht eng saarlännesch Gemeng.

No engem entspriechende Referendum ass d'Saargebiet den 1. Januar 1957 als Bundesland Saarland en Deel vun der Bundesrepublik Däitschland ginn. 1974 ass Wadern am Kader vun der grouss ugeluechter Gebitts- a Verwaltungsreform „Großgemeinde“ ginn, 1978 krut et d'Stadrechter.

Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Logo vun der Stad Wadern
  • 1974-1984: Herbert Klein, CDU
  • 1984-1998: Berthold Müller, CDU
  • 1998-2014: Fredi Dewald, SPD
  • zanter 2014: Jochen Kuttler, ProHochwald

Partnerschaft mat anere Stied[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Partnerschaftsstied vu Wadern sinn déi franséisch Stied Montmorillon a Jeumont, d'Stad Sobotka an Tschechien, d'Stad Toma am Burkina Faso a Wahrenbrück a Brandenburg.

Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

Buergruin Dagstuhl

D'Buergruin vun Dagstuhl: Wéi Dokumenter beleeën, gouf d'Buerg vun Dagstuhl virum Joer 1290 vum Ritter Boemund von Saarbrücken gebaut. Si war e Virposte vun der Herrschaft vum Bëschof vun Tréier. D'Anlag ass eng Héichbuerg mat enger Virbuerg a Bastiounen an huet eng Längt vun iwwer 300 m. Wéi d'Geschlecht vun de Buerghären vu Dagstuhl am 14. Joerhonnert ausgestuewen ass, ass d'Herrschaft Dagstuhl als sougenannt Ganerbe un d'Häre vu Fleckenstein, Brucken, Rollingen a Kriechingen gefall, déi no aldäitschem Iefschaftsrecht de Grondbesëtz zesummen hu misse verwalten an déi sech dobäi ofgeléist hunn. Spéiderhin gouf d'Anlag op Uerder vum Wolfgang Anton von Langemantel, dem Administrator vum Doumpropst a spéiederen Erzbëschof a Kurfürst vun Tréier, bal ganz ofgedroen. Mëtt vun de 1980er Joren ass dermatt ugefaange ginn, d'Reschter vun der Buerg fräizeleeën an ze sécheren. Tëscht 2002 an 2006 si weider Sanéierungsaarbechten gemaach ginn. Deen Ament goufen och zwou Brécke gebaut, déi den historeschen Zougang zur Buerg nees erméiglecht hunn. D'Geschicht vun der Buerg gouf op Infotafelen dokumentéiert a gëtt bei Buergféierungen an am Internet erzielt.

D'Schlass an d'Schlasskapell Dagstuhl: D'Schlass Dagstuhl ass de fréiere Wunnsëtz vum Grof Joseph Anton von Oettingen-Sötern. De Grof huet d'Schlass tëscht 1760 a 1762 baue gelooss. D'Härenhaus gouf 1775 erweidert. No der Franséischer Revolutioun an der Flucht vun der Grofefamill huet d'Famill de Lasalle von Louisenthal d'Gebai 1806 iwwerholl. Ëm 1906 ass den Ubau am neogotesche Stil entstan fir de Wunntrakt an d'Kapell mateneen ze verbannen. D'Wänn an de Plafong vun der Schlasskapell goufe vun der Octavie de Lasalle mat Biller aus dem Liewe vun der Gottesmamm Maria ausgestallt, déi am Stil vun der biblescher Historiemolerei gehale sinn. Am Ubau vun der Kapell ass e Kräizwee ze gesinn, deen d'Octavie de Lasalle gemoolt huet an deen aus der Parkierch vu Lockweiler staamt. D'Schlass war bis 1957 a Familljebesëtz. Duerno war et laang Joren en Altersheem. Haut ass d'Schlass de Sëtz vum renomméierte Leibniz-Zentrum für Informatik. Zum Schlass gehéiert och e Schlassgaart, deen am Kader vum Projet „Gärten ohne Grenzen" ugeluecht gouf. Vill Gestaltungselementer, déi dem Gaart säin eegene Charakter ginn, inspiréiere sech un de Biller vun der „Malergräfin" Octavie de Lasalle, déi op Gaardentableauen hir Virstellungen entworf hat.

D'Schlass Münchweiler: D'Schlass Münchweiler gouf no de Virstellungen vum Fräihär Franz Georg Zandt von Merl vun engem onbekannten Architekt aus dem Ëmfeld vum Baumeeschter Christian Kretschmar zwëschen 1749 a 1785 zu Münchweiler gebaut. Eng Käschtenallee féiert bei d'Schlass. Duerch e grousst Portal kënnt een an de Bannenhaff, dee vum Wunngebai a vun de Wirtschaftsgebaier encadréiert gëtt. Am 19. Joerhonnert sinn d'Fligele vum Schlass erweidert ginn. Zum Schlass gehéiert och e Barockgaart. Déi ganz Anlag ass als Komplex eemoleg am Saarland. Haut sinn do en Hotel an e Schlosscafé ënnerbruecht.

D'Oettinger Schlösschen vu Wadern: 1759 huet de Grof Joseph Anton d'Oettinger Schlössche mat enger Parkanlag als säin éischte Wunnsëtz zu Wadern baue gelooss. Wéi d'Grofenzäit op en Ënn gaangen ass, war am Schlösschen fir d'éischt eng Wiertschaft, duerno laang Zäit eng Apdikt. Op der Fassad ass nach d'„Waderner Elle“ ze gesinn, eng Mooss, un déi sech d'Stoff- a Liederhändler hu missen hale wa Maart war. Datt d'Gebai nach steet, ass dem Engagement vun enger Grupp vun Heemechtsfuerscher ze verdanken, déi sech fir d'Erhale vum Schlösschen agesat hunn, wéi et sollt ofgerappt ginn. Haut fënnt een do de Stadmusée an de Ratssaal vun der Stad Wadern.

De Maartbuer op der Maartplaz am Staddeel Wadern gouf 1770 opgeriicht

De Maartbur vu Wadern: De Maartbuer ass dat siichtbaart Symbol dofir, datt de Grof Joseph Anton von Oettingen-Sötern den 13. Abrëll 1765 dem Handwierks- an Handelszentrum Wadern d'Maartrechter zougesprach huet. De Buer selwer gouf 1770 opgeriicht. Nodeems en e puermol a senger Geschicht vun enger Plaz op déi aner verluecht gouf, steet en haut – no der Ëmgestaltung vun der Maartplaz – nees bal genee op där Plaz, wou hien ursprénglech am 18. Joerhonnert stoung.

Och kuckeswäert:

  • Stadtmuseum Wadern am Oettinger Schlösschen
  • Grofeschlass Wadern
  • Parkierch Herz Jesu Nunkirchen
  • Parkierch Allerheiligen Wadern
  • Parkierch St. Martin Wadrill
  • Ale Klackentuerm Lockweiler
  • Haus München um Maart zu Wadern
  • Gallo-réimesch Monumentalgrafhiwwel vun Oberlöstern

Reegelméisseg Veranstaltungen[änneren | Quelltext änneren]

Hei déi wichtegst Veranstaltungen an der Stad Wadern chronologesch opgelëscht:

Éischte Faaschtesonndeg: Lauf des Erbsenrades zu Wadrill: No alem Brauch gëtt de Wanter mat engem Feierrad ausgedriwwen, dat iwwer d'Gewan rulle gelooss gëtt.

Pällemsonndeg: Kunstroute Wadern: Bei dëser am Saarland eemoleger Veranstaltung weise méi wéi 30 Kënschtlerinnen a Kënschtler hir Wierker an de Geschäfter vun der Stad, déi all op dem verkafsfräie Sonndeg hir Dieren opmaachen.

Dat zweet Wochenenn am Juni: Stadtfest Waderner Maad ("Maad" bedeit am lokalen Dialekt "Maart"): Dëst Stadfest ass dat gréisst Volleksfest an der Hochwald-Regioun. Et huet historesch Ukläng an erënnert un d'Wierke vum Grof Joseph Anton vun Oettingen-Sötern.

Vill Weekender am Juni, Juli an August ass Waderner Marktsommer: Ënnert fräiem Himmel gëtt op der Waderner Maartplaz en ofwiesslungsräiche Museksprogramm gebueden. Den Entrée ass fräi.

Dat éischt Wochenenn am August: Sagenhaftes Spektakulum auf Burg Dagstuhl: De „Spektakulum“ ass eent vun deene schéinste Mëttelalterfester am Saarland. Fir jiddereen gëtt eppes gebueden: Concerten, Lagerliewen, mëttelalterlecht Handwierk an e grousst Ritterturnéier fir Kanner.

Am September: Waderner Buchwoche: Gebuede gëtt e breetgefächerte Programm mat Liesnueten, kulinaresche Krimiowender, Bicherfloumaart asw. All zwee Joer gëtt och e grousse Schreifconcours organiséiert.

Am Hierscht stinn d'Hochwälder Kartoffeltage an d'Hochwälder Wildwoche am kulinaresche Kalenner. Den Héichpunkt ass all Joer um éischte Samschdeg am November de Waderner Wildmarkt.

De Veräin Konzerte in der Kleinen Residenz stellt Joer fir Joer e Concertsprogramm op d'Been, dee vu Klassik bis Jazz vill Ofwiesslung bitt.

De Veräin "Kultur am Tor" zu Nunkirchen bitt a sengem Joresprogramm Musek, Cabaret a Liesungen.

Wirtschaft an Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Wadern ass als „Mittelzentrum“ den administrativen, sozialen a kulturelle Mëttelpunkt vum nërdleche Saarland an de wirtschaftlechen Zentrum vun der Hochwald-Regioun. Wadern läit un der Schnëttstell zwëschen der Groussregioun Saar-Lor-Lux an der Hochwald-Regioun am Norde vum Saarland.

Autobunnsuschloss[änneren | Quelltext änneren]

Haaptstroosse vun der Stad Wadern

En direkten Uschloss un d'Autobunn huet d'Stad Wadern zwar net, mee vum Staddeel Wadern aus sinn et nëmme fënnef Kilometer bis bei d'Autobunnsopfahrt Nonnweiler/Braunshausen, déi op d'A1 féiert.

Mäert[änneren | Quelltext änneren]

Am Staddeel Wadern ass all leschte Mëttwoch am Mount dee grousse Maart. All Freidegmoie gëtt et e Frëschmaart op der Maartplaz vu Wadern. D'Stadfest „Waderner Maad", dat all Joer ugangs Juni organiséiert gëtt, erënnert un déi laang Maartraditioun vu Wadern.

Dës Traditioun an d'Maartplaz selwer sinn d'Iewe vum Grof Joseph Anton vun Oettingen-Sötern, deen am 18. Joerhonnert seng Herrschaft aus dem schwäbeschen Baldern um Bord vum Nördlinger Ries an de sougenannte „Schwarzwälder Hochwald“ am Norde vum heitege Saarland verluecht huet. Him war besonnech dru geleeën, datt seng nei Residenz- a Verwaltungsuertschaft Wadern e wirtschaftlechen Opschwong sollt erliewen. Dofir huet hie Wadern den 13. Abrëll 1765 d'Maartrecht zougesprach. Säitdeem ginn op der Maartplaz vu Wadern, déi eegens dofir geschafe gouf, allerlee verschidde Mäert ofgehalen. Besonnesch bekannt waren an der Zäit d'Waderner Véimäert mat Ranner a Schwäin, déi an der zweeter Halschecht vum 19. Joerhonnert zu deene gréisste vum Preußischen Regierungsbezirk Trier gehéiert hunn. De Maartbur, dee 1770 opgeriicht gouf, steet symbolesch fir d'Zougestoe vun de Maartrechter.

Grousse Maart op der Maartplaz am Staddeel Wadern

Spazéieregoen a Velofueren[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt op dem Gebitt vun der Stad Wadern eng ganz Rei vu Méiglechkeeten, fir de besonnesche Charme vum Hochwald ze entdecken. Ganz besonnesch Naturerliefnësser bidden d'Premiumwanderweeër „Wadrilltal Tafeltour", „Almglück“, „Weg des Wassers“, „Himmels Gääs Paad“ an de Saar-Hunsrück-Steig. Och de Velostourismus spillt eng wichteg Roll. De Saarland-Radweg an de Saar-Bostalsee-Radweg féiere queesch duerch d'Stadgebitt. Nieft dësen iwwerregionale Radweeër kënnen d'Velosfrënn och op de regionale Landkreesrouten Noswendeler-See­Runde, Drei-Seen-Runde an Hochwälder-Runde an d'Pedallen trieden.

Fräizäitzentrum Noswendeler See[änneren | Quelltext änneren]

De Fräizäitzentrum Noswendeler See ëmfaasst en Areal vun 20 ha, de Séi selwer ass 6,6 ha grouss. Déi lokal Veräiner, déi am Heimat- und Verkehrsverein regruppéiert sinn, engagéiere sech staark fir de Fonctionnement vum Fräizäitzentrum. Si bedreiwen eng Buvette um Séi an organiséieren an de Summerméint e ganze Koup Evenementer. Besonnesch ervirzehiewe sinn dobäi d'Lampionsfest, d'Hierscht- an d'Schluechtfest, den Deko-Vollekslaf an d'„Sautrogrennen“. Um Ufer vum Séi gëtt et zwou Spillplazen, e Basketsterrain a Beachvolleyball-Terrainen. Um Séi kann ee mat Pedalobooter fueren. Och Fëschen ass méiglech. E Spazéierwee féiert ronderëm de Séi. Dräi Wanderweeër vun 2,5, 6 an 8 Kilometer sinn ausgewisen. Um Naturpad kann een och en Ofstiecher an d'Naturschutzgebitt „Noswendeler Bruch" maachen, dat dee gréisste Fiichtbiotop am Saarland ass. Ausserdeem gëtt et beim Noswendeler Séi eng Kneipp-Anlag, déi mat frëschem Waasser aus enger Quell gespeist gëtt. Beim Séi sinn och fënnef Stellplazen fir Wunnmobiler.

Entreprisen[änneren | Quelltext änneren]

An der Stad Wadern gëtt et vill Betriber. Hei sinn déi opgelëscht, déi déi meescht Aarbechtsplaze bidden.

D'SaarGummi-Gruppe ass en Zouliwwerer vun Dichtungssystemer fir d'Automobilindustrie. De Sëtz vun der Holding ass zu Réimech. De gréisste Produktiouns- an Entwécklungsstanduert ass zu Büschfeld, engem Staddeel vu Wadern. Do huet 1947 d'Geschicht vun der Entreprise ugefaangen. Haut produzéiert d'SaarGummi-Gruppe op 13 Plazen an Europa, Nord- a Südamerika an an Asien. Déi wichtegst Cliente sinn Daimler, BMW, General Motors, Volkswagen/Porsche a Ford.

ThyssenKrupp System Engineering gehéiert zur ThyssenKrupp AG. D'Wierk zu Lockweiler ass ee vu weltwäit 20 Standuerter vun ThyssenKrupp. Do ginn Ingenieursleeschtungen an de Beräicher Carosserie an Aggregatmontage ugebueden. Nieft modulare Standarden ass een och op individuell Léisunge fir Betriber spezialiséiert.

HACO Einkaufszentrum: Den HACO Einkaufszentrum huet eng Verkafsfläch vun 11000 m2 a beschäftegt 260 Mataarbechter. Den Akafszenter gëtt vun der Besëtzerfamill gefouert. Ugefaangen huet alles 1936. Deemols huet de Franz Haas op der Maartplaz zu Wadern e Geschäft fir Liewensmëttel, Wäin a Spirituosen opgemaach. Den éischte Buttek hat 38 m2. Et gouf dräi Employéen.

Unimed Abrechnungsservice für Kliniken und Chefärzte GmbH: D'Entreprise gouf 1984 gegrënnt an huet hiren Haaptsëtz zu Wadern-Noswendel. Do ginn d'Privatofrechnunge fir Klinicken, Chefmedezinner a medezinesch Zentren a ganz Däitschland opgestallt.

D'Lockweiler Plastic Werke GmbH produzéiert héichwäerteg Plastikprodukter. Do ginn all gängeg Thermoplasten am Sprëtzgossverfahren zu Plastikprodukter verschafft, déi a vill verschidde Beräicher agesat kënne ginn, zum Beispill fir Lagerariichtungen, d'Presentatioun vu Produiten oder den Aarbechtsschutz.

Werkstätten der Arbeiterwohlfahrt: De „Verbund für Inklusion und Bildung der Arbeiterwohlfahrt (AWO) Saarland“ huet zu Nunkirchen Ateliere fir Mënsche mat Behënnerung.

Brabant & Lehnert Werkzeug- und Vorrichtungsbau GmbH: D'Entreprise ass spezialiséiert op d'Plangen, d'Bauen an d'Fäerdegstelle vu komplexem Handwierksgeschier, Maschinnen an Apparaturen an de Beräicher Automotive a Nei Energien. Zu de Kompetenzberäicher vun der Firma gehéieren nieft Schweess- a Montageapparaturen och Miess- a Préifapparater.

D'Alten- und Pflegeheim St. Sebastian zu Nunkirchen ass eng kierchlech Ariichtung, déi vun der "Cusanus Trägerschaft Trier" (ctt) gedroe gëtt. Hei kënne bis zu 78 al Leit a Leit, déi Fleeg brauchen, liewen a versuergt ginn.

Schoulen, Bildung, Weiderbildung a Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

D'Schoul- a Bildungsplaz Wadern huet eng grouss Bedeitung fir d'Regioun. Ronn 3000 Schülerinnen a Schüler ginn an eng vun de Schoulen vun der Stad Wadern, wou et – verdeelt op verschidde Staddeeler – dräi Grondschoulen, eng Fërderschoul, eng Gemeinschaftsschoul, e Beruffsausbildungszentrum an e Lycée gëtt. Dernieft gëtt et néng Crèchen an eng ganz Rei vu Formatiounsméiglechkeete fir Erwuessener.

De Leibniz-Zentrum für Informatik (LZI) gouf 1989 gegrënnt. Bis 2008 huet en ënnert der Bezeechnung „Internationales Begegnungs- und Forschungszentrum für Informatik (IBFI)“ fonctionéiert. Den LZI ass Member vun der Leibniz-Gemeinschaft a gëtt an der Haaptsaach vum Bund a vun de Länder grondfinanzéiert. Ënnerbruecht ass den LZI am Schlass Dagstuhl an an neie moderne Gebaier am Staddeel Dagstuhl.

Schlass Dagstuhl mat Schlasspark

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wadern – Biller, Videoen oder Audiodateien