Rugby Club Walferdange "De Renert"
De Rugby Club Walfer "De Renert" ass e Rugbysclub zu Lëtzebuerg, deen 1990 gegrënnt gouf.
D'Iddi en zweete Rugbysclub zu Lëtzebuerg ze grënne geet op de Fernand Goldschmitt zeréck, e Rugbyspionéier zu Lëtzebuerg an den 1970er Joren.
De Rugby Club Walfer huet ufanks am belsche Championnat gespillt, wou en an der véierter Divisioun ugefaangen huet, an 1991 Divisiounsmeeschter gouf, an domat an drëtt Divisioun koum. Dat Joer duerno konnte se an d'zweet Divisioun eropklammen.
En neien Terrain gouf vun 1991 un nieft der Walfer Schwämm amenagéiert. An de Joren duerno spillt de Veräin ofwiesselnd an der zweeter an drëtter Divisioun. Zanter der Saison 2006-2007 an där se sech als Zweet klasséiert haten, spillen d'Fiiss vu Walfer erëm an der zweeter belscher Divisioun.
Zanter der Saison 2018-2019 spillen d'Senioren an der Regionalliga RLP/LUX, an där Clibb aus Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg spillen.
Walfer huet zanter 1996 eng Rugbyschoul fir Kanner. 2007 huet de Rugby Club Walfer säin éischte Beach Rugby Tournoi organiséiert.
Zu Walfer spillt och déi eenzeg Rugby Dammenekipp aus dem Land, déi sech Les Renardes nennt. Si spille weiderhin an der 2. Divisiouin vum Championat an der Belsch.