Wallenborn
Wallenborn | |
---|---|
Land | Däitschland |
Bundesland | Rheinland-Pfalz |
Krees | Vulkanäifel |
Gemeng | Daun |
Awunner | 419 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 832 ha |
Héicht | 425 m |
Koordinaten |
50° 09’ 22’’ N 06° 43’ 20’’ O |
Telefonszon | 06599 |
Postcode | 54570 |
Websäit | https://www.wallenborn-vulkaneifel.de/ |
Wallenborn ass eng kleng Uertschaft an der Vulkanäifel am Landkrees Daun a Rheinland-Pfalz. Si läit ongeféier eng 12 Kilometer vun Daun ewech.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Zu Wallenborn gëtt et deen eenzegen "natierlechen" Kalwaassergeysir aus Däitschland. E gëtt "Wallender Born", "Wallenborn"[1] oder, am Volleksmond, "Brubbel"[2] genannt. Ongeféier all 35 Minutte fänkt d'Quell un ze spruddelen a verbreet dann an der Géigend e Geroch vu faulen Eeër.
Als Familljennumm zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Uertschaft Wallenborn kënnt de Familljennumm "Wallenborn", deen et 1880 zéngmol zu Lëtzebuerg gouf.[3] 1930 hunn 20 Leit sou zu Lëtzebuerg geheescht; déi meescht hunn zu Groussbus (7) a Biergem (6) gewunnt, anerer um Lampertsbierg (3), zu Konsdref (1), Dikrech (1), Heeschpelt (1) a Walfer (1).[4] 1984 ass den Numm 38-mol am Land notéiert ginn.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Der wallende Born von Wallenborn (Quarks & Co, 2003).
- Einweihung des „Wallenden Born" am 29.06.2002 in Wallenborn, Verbandsgemeinde Daun
- Land unter in Wallenborn nach schweren Regenfällen am 08.11.2001
- Wallenborn Geiser
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ W. Spielmann, 2003. Geologische Streifzüge durch die Eifel. Rhein-Mosel-Verlag, Alf/Mosel, S. 38.
- ↑ Die oder der Brubbel, jee no den Auteuren: cf. Rudolf Mehler, 1988: Die "Brubbel" [1]; Wallenborn, das schöne Dorf am Brubbel. [2] — Op dem Informatiounspanneau op der Plaz gëtt "der Brubbel" gesot.
- ↑ 3,0 3,1 Statec, 1984. Die Luxemburger und ihre Familiennamen. Luxemburg, RTL Edition, S. 194.
- ↑ Institut Grand-Ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie, 1989. Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Luxembourg, S. 393.