Walter Civitareale

Vu Wikipedia
Walter Civitareale
Gebuer 2. August 1954
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Pianist


De Walter Civitareale, gebuer den 2. August 1954 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Pianist a Komponist.

Hien huet säi Museksstudium um Conservatoire National Supérieur de Musique zu Paris beim Pierre Sancan, dem Jacques Parrenin am Pierre Max Dubois gemaach. 1979 ass hien um Conservatoire Tchaïkovski zu Moskau ugeholl ginn, wou hie Piano, Kompositioun, Orchestratioun an Direktioun studéiert huet.

De Walter Civitareale huet verschidde Wierker fir Orchester, Kammermusek, Pianoswierker an och e Ballet komponéiert. 1984 huet hie säi "Concerto fir Piano" zu Moskau am Kader vum Mee-Festival opgefouert. Säi "Concerto Humoristique" fir Bassklarinett an Harmoniesorchester ass um Mee-Festival 1988 zu Leningrad uropgefouert ginn.

Zanter 1983 huet de Walter Civitareale eng Partie Tournéeen duerch Europa gemaach an huet bei verschiddene Radiosopname matgewierkt. Hien huet och mam Cellist Daniil Chafran a mam Orchester vu Leningrad gespillt.

De Walter Civitareale ass Professer fir Piano um Stater Conservatoire.

Säi Brudder, de Felice Civitareale ass Trompettist.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze lauschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Dos Guitarras, by: Manuel de Falla, Guido Santorsola, Mario Gangi, Walter Civitareale, Joaquin Prats, Sergio Tordini, 18 July, 1995.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]