Weltpostveräin
De Weltpostveräin, offiziell Union postale universelle (Ofkierzung: UPU) gouf 1874 op Virschlag vum Heinrich von Staphan vun 22 Memberlänner am Gemengenhaus zum Üsseren Stand zu Bern gegrënnt an ass op déi Manéier no der ITU déi zweeteelst international Organisatioun.
Hautdesdaags huet dës Spezialorganisatioun vun der UNO 190 Memberlänner an ass den internationale Forum fir d'Zesummenaarbecht tëscht de Postadministratiounen an der Welt. Den Haaptsëtz ass zu Bern an der Schwäiz. Vun do gëtt all véier Joer de Weltpostkongress organiséiert. Zanter dem 14. Januar 2005 ass de Fransous Édouard Dayan Generaldirekter vum Weltpostveräin.
De Weltpostvertrag vun 1874 reegelt déi international Zusammenaarbechtt vun de Postadministratiounen an d'Kaderkonditioune vum internationale Postverkéier. Bis haut ass d'Haaptaufgab vum Weltpostveräin d'Garantéiere vun der Liwwerung vu Bréiwer a Päck iwwer Länner- a Sproochgrenzen ewech.
Als Weltpostsprooch gouf vun der UPU Franséisch gewielt.
Weltpostkongresser
[änneren | Quelltext änneren]- 1874 Bern
- 1947 Paräis
- 1952 Bréissel
- 1957 Ottawa
- 1964 Wien
- 1969 Tokio
- 1974 Lausanne
- 1979 Rio de Janeiro
- 1984 Hamburg
- 1989 Washington D.C.
Presidente vun de Weltpostkongresser
[änneren | Quelltext änneren]Direkteren a Generaldirektere vum Internationale Büro
[änneren | Quelltext änneren]- bis 1949 Alois Muri
- 1950 - 1960 Dr. Fritz Hess (Schwäiz)
- 1961 - 1966 Dr. Edouard Weber (Schwäiz)
- 1966 - 1973 Dr. Michael Rahi
- 1973 - 1974 Anthony Ridge
- 1975 - 1984 Mohamed Ibrahim Sobhi
- 1984 - 1989 Dr. Fitz Koller
- 1989 - 2005 Thomas E. Leavy (USA)
- 2005 - 2012 Edouard Dayan (Frankräich)
- 2013 - 2021 Bishar Hussein (Kenya)
- Zanter 2021 Masahiko Meteko
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Offiziell Websäit vun der UPU Franséisch oder Englesch
Commons: Universal Postal Union – Biller, Videoen oder Audiodateien |