Who's Quentin?

Vu Wikipedia
Who's Quentin?
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2005/2006
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Sacha Bachim
Dréibuch Sacha Bachim
Fotografie Sacha Bachim
Albert Engstfeld
Musek divers
Produzent Sacha Bachim
Albert Engstfeld
Claude Kremer
Schauspiller
Steve Hoegener
Patrick Brücher
Carole Biren
Claude Kremer
Alexandra Linster
Maik Müller-Wulff
Marc Weidert
Tammy Schmitz
Albert Engstfeld
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Who's Quentin? ass e Film vun der lëtzebuergescher Artisteplatform Feierblumm a.s.b.l., deen als Action 3 - Jugend an Europa-Projet realiséiert gouf. D'Grondiddi fir d'Konzeptioun vun engem owendfëllende Film an eng fréi graff Versioun vum Skript si schonn Ufank 2002 vum Sacha Bachim (Dréibuchauteur a Regisseur) entwéckelt ginn. Et huet allerdéngs eng Zäit gedauert bis sech dat Ganzt bis op ee presentabelen Niveau konkreetiséiert huet.

De Claude Kremer (Technical Superviser a Schauspiller) an Albert Engstfeld (Assistant Director a Schauspiller) si Mëtt 2003 mat an de Projet erageklomm a lues a lues ass d'Preproduktiounsphase ageleet ginn. No éischte provisoresche Versich vu Casting, Location-couting, Crew-Rekrutéierungen, Berodung bei Professionellen aus der Filmbranche an techneschen Experimenter ass de Fund-Raising lancéiert ginn.

No Ofsoe beim Filmfonds a beim Centre national de l'audiovisuel hunn de Sacha Bachim an de Frédéric Schwandt als Haaptproduzente vum Film iwwer den S.N.J. schlussendlech Enn 2004 eng Méiglechkeet fonnt, de Film ze finanzéieren. Als Grupp vu jugendleche Filmbegeeschterten ouni professionellen Hannergrond konnt d'Crew vum Who's Quentin, déi sech zum Schluss aus 70-80 Leit zesummegesat huet, déi an ënnerschiddlechem Ausmoss un der Entwécklung vum Projet bedeelegt waren, als Jugendinitiativ vun der Europäescher Kommissioun ënnerstëtzt ginn. D'Resultat ass eng autodidaktesch Zesummenaarbecht vun enger grousser Grupp vu Jugendlechen am kreative Beräich vun der Filmrealisatioun, deen all d'Facette vun där Konschtform ëmfaasst (Schauspill, Technik, Kameraféierung, Set-Dekoren, Musek, Fotografie, Publicitéit etc).

De Film ass um Enn op e Budget vu 5000-5500 € komm, wouvu 5000 € vu Bréissel finanzéiert goufen. Weidert technescht Ekipement wéi z. B. e Kamerakran, e Kamerawon an eng Steadycam si selwer, mat de bescheidene Mëttele vun Amateurfilmer, zesummegebaut ginn.

D'Preproduktioun gouf mat Schauspillprouwen, Screeningtests, technesche Generalprouwen a mat dem Fäerdegstelle vun de Set-Dekoren Ufank 2005 ofgeschloss. Déi konkreet Produktiounsphas ass am Mäerz 2005 lancéiert ginn. Nodeem de selwer geschriwwenen Titelsong Bullets ufanks Mäerz am Studio agespillt gouf, war den 1. Dréidag sonndes, den 13. Mäerz an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht. Am Juni war de gréissten Deel vum Filmmaterial an der Këscht. Eenzel Pick-up Shots sinn allerdéngs nach verdeelt bis Oktober 2005 verwierklecht ginn. Den offizielle Schluss vun den Dréiaarbechte war dënschdes, den 18. Oktober 2005 am Flowers zu Nidderkäerjeng.

D'Postproductioun an d'Entwécklung vun enger Marketingcampagne mat der Konzeptioun vu Poster, Flyer, T-Shirts etc. ass parallel dozou zanter Juli 2005 gelaf. Et ass an der Zäit ausserdeem e Videoclip zum Titelsong realiséiert ginn an e Portfolio vun de beschte Publicity-Fotoen zesummegestallt ginn. De Film ass den 13. Mee 2006 am Utopolis um Kierchbierg ugelaf.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Martin, de Kevin an de Knaschti solle fir de Gangsterboss Felix eng scheinbar einfach Saach duerchzéien: eng mysteriéis Täsch vun der krimineller "Konkurrenz" klauen. Mä schliisslech bréngt de Martin sech ëm an d'Täsch geet verluer. De Kevin an de Knaschti kréie bis dee nächste Moien Zäit s'erëmzefannen...

Domat geroden déi Zwéin awer an d'Kräizfeier vum Felix sengen exzentresche Killer an der düsterer "Band of Doom". An déi philosophéierend Sadisten a comic-style Dandye wäerten einfach nëmmen alles ewechblosen, wat tëscht hinnen an där Täsch steet.

Bei Sonnenopgang brécht d'Häll lass, wärend eng Fro nach ëmmer ze kläre bleift:

Wien ass de Quentin?

Soundtrack[änneren | Quelltext änneren]

De Soundtrack zum Film regruppéiert eng 15 Lidder vu bekannte lëtzebuergesche Kënschtler a Gruppen, souwéi de Videoclip zum Titelsong "Bullets". Vertruede sinn ë. a. Fast Friday, Chief Mart's, La Boca, Toxkäpp, Ex Inferis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]