Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/Juli

Vu Wikipedia

Dem Escarbot säin Escarbot[Quelltext änneren]

De 17. Juni 2006 huet de User "Escarbot" eis säi Bot virgestallt a Kommentare gefrot. An der Tëschenzäit leeft de Bot als Test. An zwar zimmlech lästeg, well en ass an der "verstopp Bot"-Vue ze gesinn! --Cornischong 08:02, 1 Juli 2006 (UTC)

Wees een wourun dat léit? Ech kéint mir virstellen datt fir dat e user vun der wikipedia software als bot erkannt gëtt (an also de Knëppchen "verstopp Bot" wieksam ka sinn) een vun eisen Adminen (? oder muss een Sysop oder esouguer een Steawrd dat maachen (ech weess et nët)) den User irgendwéi als Bot deklaréieren muss? An ier mir elo hie ufänken den User "Escarbot" als Lästeg ze deklaréieren misst dëst geklärt anhien eventuell als Bot an der Software deklaréiert gin an dan kéint een jo och de User Escarot einfach emol kontaktéieren mengt de --Robby 10:09, 1 Juli 2006 (UTC)
Et ass net deen éischte Bot, deen einfach hei lafegelooss gëtt ouni datt en dat erlaabt kritt huet. All déi virdrun goufe gespaart, an domat hat et sech. De RobotQuistnix huet eng Autorisatioun kritt, an dee këmmert sech ëm eis Interwikien. Et liicht mär net richteg an, firwat mär zwéi Bote bräichten, fir genee déi selwecht Aarbecht ze maachen. (Ech loosse mer dat awer gär erklären, well ech a punkto Boten net informéiert sinn). Et ass manifest lästeg, wann een op "verstopp bots" gedréckt huet, aber dee leeft monter weider. Aner Wikien hunn dem Escarbot dat och scho geschriwwen. Well ech dat net eleng wëll decidéieren (do hunn ech esou meng Erfarungen) géif et mer näischt ausmaachen, wann emol deen een oder deen aneren Admin sech géif Gedanke maachen, ob mer den Escarbot brauchen oder net. --Cornischong 11:02, 1 Juli 2006 (UTC)
Moien, deen Admin, deen sech mat Botten auskennt, ass schon e Strapp net méi hei opgetaucht, an ech kenne mech rose wéineg mat deem Gedéngels aus.
Am Prinizip sinn Interwikiën ze begréissen, well all Link op eng vun eise Säiten gläichzäiteg jo och eng Zort Gratisreklamm ass (dofir, léif Leit, bei all neiem Artikel, deen der schreift, gitt wegl. e Link drop op d'engleschsproocheg Säit zu deem Thema setzen, soss dingt eng Arméi Botten näischt). A wéiwäit de Quistnix an den Escarbot komplementär oder awer sech an de Féiss sinn, kann ech net soen. Bis elo war den Escarbot jo nach "verstänneg" (2-3 Dose Linken an zwou Wochen). Wann en eis awer an Zukunft d'Rezent-Ännerunge-Säit onliesbar sollt maachen, well en sech net "verstoppe" léist, sinn ech och derefir, en ze spären (mat Bescheed-Soen op senger Säit). Loosse mer en emol gewäerden, ma hale er en A drop. --Zinneke 11:56, 1 Juli 2006 (UTC)

Wa mer scho kloer Reegelen hunn, da muss och den Escarbot sech drun halen![Quelltext änneren]

"eng Autorisatioun ufroen, fir säi Bot op der Wikipedia testen ze däerfen." - "Den Ok fir d'Autorisatioun vun op d'mannst dräi Administratore kréien. " - "Bäi dësen Tester däerfe bannent 24 Stonne maximal 10 Artikele pro Bot a 15 Artikele vun der Gesamtheet vun de Boten an der Testphas geännert ginn."- Dat sinn Extraitë vun eiser Wikipedia:Bot-Säit. Dee Bot hei hält sech hannen a vir net drun. Ech sinn onbedéngt dervir, fir en ze spären, bis datt en d'Konditiounen erfëllt. Wann e bis haut den Owend keng kloer Autorisatioun huet, da spären ech en. Wa mer hei Boten einfach emol esou toleréieren ouni eis un eis eege Relgelen ze halen, riskéiere mer nach eist blot Wonner z'erliewen. Ech hunn dacks genuch mam Otets iwwer dat Gebots geschwat; et ass keen Zoufall, datt eis Konditiounen esou sinn, wéi se sinn.--Cornischong 13:23, 1 Juli 2006 (UTC)
Géif d'Héiflechkeet et nët erfuderen dem Escarbot eng Entwert ob seng Ufro déi hien hei gestallt huet zegin? freet sech de --Robby 14:00, 1 Juli 2006 (UTC)
De User Robby huet natierlech Recht!! Just, soll ech dem gudde Mann soen, datt dräi Adminstëmme néideg sinn fir dat hie säi Bot hei iwwerhaapt däerf testen. An datt een Admin hie wëll gewäerde loossen, ee gären hätt, datt sech un d'Reegele gehal gëtt (an deen dofir guer net begeeschtert ass, datt et engem afält, säi Bot lafen ze loossen, ouni eng Spuer vun enger Autorisatioun) een Admin net méi "do" ass, an déi aner Adminen net reagéieren? --Cornischong 14:29, 1 Juli 2006 (UTC)
Ech hunn dem User Escarbot op senger Diskussiounssäit "frëndlech" erkläert, datt hie säi Bot elo misst stoppen, bis datt hien eng Erlaabnis kritt. --Cornischong 15:06, 1 Juli 2006 (UTC)
Wéi ech dir schon op denger Säit geschriwwen hat Cornischong, ech hu leider guer keng Ahnung vun dene Botgeschichten, ech wees do net wierklech wéi dat geet :-( --Briséisβρισεισ 06:24, 5 Juli 2006 (UTC)

Keen Dag ouni neie Bot[Quelltext änneren]

Gëscht den Owend hunn ech mech mol den Escarbot gebremst. Haut etalàiert sech schonns den "Tivicbot". Ech hunn es mat deem Gebots sat. Vun elo un spären ech se alleguer déi nach mengen si missten och mat hirem hei "Gassi goen". All Dag een neien Artikel an een neie Bot, ma dovu gi mer déck a fett! --Cornischong 15:01, 2 Juli 2006 (UTC)

Ech verstinn déi ganz Problemer mat de Bote net sou richteg, mee villäicht ka jo ee mer dat bei eisem Iessen erklären.

Myriam 00:27, 3 Juli 2006 (UTC)

Just to inform you that I uploaded quite a lot of pictures of the Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (fr:Mudam) on commons : [the building] and the opening day. Jean-no 10:23, 3 Juli 2006 (UTC)

Merci Jean-Noël, d'avoir pensé à nous. Salutations. --Cornischong 10:33, 3 Juli 2006 (UTC)

Fotoen hunn ech zwar keng, mee awer Prospekter, mol kucke wat sech domat maache lësst. Myriam 12:40, 3 Juli 2006 (UTC)

Zilsetzung[Quelltext änneren]

Wa mer dann den 30.06. net geschafft hunn fir den 10.000. Artikel well eng Rëtsch Leit ofgesprong sinn, wéi wier et da mam 31. Juli? Bei aller Bescheidenheet misst dat jo ze schaffe sinn? Oder? Myriam 00:53, 3 Juli 2006 (UTC)

Dach, dach, den 31. Juli ass den 10.000sten ënnerdaach! 2007 versteet sech. --Cornischong 11:32, 3 Juli 2006 (UTC)
Ech fanne bestemmt nach e puer kinneklech Maitressen fir de Counter an d'Luut ze drécken :-) --Briséisβρισεισ 06:26, 5 Juli 2006 (UTC)


Politesche Vandalismus[Quelltext änneren]

Am Artikel "Held vun der Sowjetunioun" huet en Otets, deen hei ADMIN ass (!!!!!) en Alinea, deen him anscheinend net gepasst huet, verschwanne gedoen. Wat schlëmm dobäi ass, et huet keen et gemierkt an oder keen eppes dergéint gemaach. Dat kann dach net duerchgoen. Ech hunn dat nogepréift (déi Saach mat deem Mäerder als Held. Dat ass eng Tatsaach. Deen ass also Admin a kënnt just nach hei laanscht, fir Saachen, déi richteg sinn, falsch ze "verbesseren" oder wéi hei Textplazen "verschwannen ze dinn". Hält hei een Admin deen anere waarm? Dat géif et awer net an der däitscher ginn, sou wéi ech dat matkréien. Wat halen déi aner Adminen vun deenen Tricken?? --Luftikuss 06:01, 5 Juli 2006 (UTC)

Gudde Moie Luftikuss. Hei hält secher keen Admin den anere waarm. Ech hu mer dat ugekuckt, also richteg "erausgeholl" wor den Text jo net, mee als Kommentar souzesoe "verstoppt". De Grond deen den Otets dofir uginn huet, NPOV, trett an desem Fall net an, well et huet näischt méi mat neutralem Standpunkt ze dinn, wann d'Fakten esou um Desch leien. Well et hei awer em e spezifeschen Artikel geet, denken ech dass d'Diskussioun iwwert den Artikel Held vun der Sowjetunioun besser op der Diskussiounssäit vum Artikel selwer opgehuewe wäer. Ech entschellege mech fir d'Tremaen dei a menge Wierder feelen, op mengem Frend senger däitscher Tastatur gett et soueppes anscheinend net :-) --Briséisβρισεισ 06:22, 5 Juli 2006 (UTC)

Moie Luftikuss. All Respekt fir däi kritescht Liesen. Du bass zwar nach am "Rodage" hei, mee du kriss séier mat, wien dann esou wat mécht. Dem Otets seng Hitterchersspillereie sinn net vun haut a gëscht. Besonnesch perfid war den Trick mam Text. "also richteg "erausgeholl" wor den Text jo net", mengt d'Briséis. Ofgesinn dovun has du dat jo net behaapt ("verschwanne gedoen"). Op déi Manéier konnt jo keen no bausse gesinn, dat e Saz "verschwonne gedoe gouf". Hei ass déi Perfidie awer méi seele wéi an der däitscher. Do ginn all Dag Artikelen iwwer d'Sowjetunioun vun allerhand Neo- , Krypto-, Pseudo- an ale Nazien "ugepasst". Géi awer wann ech gelift net dovun aus, datt se alleguer hei sou verluge sinn. Mat der Zäit léiers de se kennen! Wéi ass et da mat eisem Iessen? Bass de do net mat derbäi? Mat Messer a Forschett kanns de jo ëmgoen :-). Du hues natierlech Recht mat der "Fort"-Foto. Wann ee sech ëm den Text këmmert, spendéieren ech e puer Fotoë mat "Eechelen". Maach weider! --Cornischong 08:15, 5 Juli 2006 (UTC)

D'Wikipedia huet Gebuertsdag a geet Iessen[Quelltext änneren]

Ech wollt emol nach eng Kéier d'Idée lancéieren fir der Wiki hire Gebuertsdag den 21. Juli ze feieren. Et kinnt ee jo wéi d'lescht Joer all zesummen iesse goen? Wat haalt dir all dovunner? freet --Alexandra 13:37, 22 Mee 2006 (UTC)

Ech fannen et prinzipiell eng ganz gutt Iddi, si just selwer de betraffenen Dag net zu Lëtzebuerg. Falls ech den eenzege wier, deem dat net passt, dann tant pis fir mech, wann net, giff ech eng Géigepropos maachen, et an enger vun deenen 2 éischte Wochen am August ze maachen: da sinn ech op Vakanz zulands. --Zinneke 10:41, 23 Mee 2006 (UTC)
Ech fannen et och eng gutt Iddi fir sech nees eng Kéier ze treffen an ënner anerem iwwert alles ze schwätzen, wat an dem leschte Joer lass war a virun allem wéi et soll weider goen. Enn Juli oder ufanks August ass e gudden Zäitpunkt. --Tomateus 12:11, 23 Mee 2006 (UTC)
Ech hunn och neischt anzewenden géint August. D'Haaptsach ass dass esouvill wéi méiglech Leit kënnen a wëlle matgoen. --Alexandra 14:15, 23 Mee 2006 (UTC)

Wann ech richteg nogezielt hunn, da ginn der dräi mat op d'Iessen, plus de --Cornischong 00:02, 28 Mee 2006 (UTC) Just, wou sinn d'Weltbierger an de Rescht vun de Wieler an den Dauweverdillecher?

Also, an der Vakanz sinn ech emol net; Freides ass e gudden Dag (virausgesat d'Welt geet net ënner); a wann ech elo nach e Babysitter hunn dierft dat kee Problem sinn. ;-)) Myriam 14:57, 29 Mee 2006 (UTC)

Wéi ech dem Alexandra scho per Mail geschriwwen hat, sinn ech bis den 30. August net am Land. Ufank September wir bei mir also am Beschten :) Wann awer soss all Mënsch den Datum am Juli passt, dann "tant pis fir mech" :-) --Briséisβρισεισ 09:52, 3 Juni 2006 (UTC)

Wéi ass et mat dem Freiden, 8. September? Myriam 22:38, 6 Juni 2006 (UTC)

Prinzipiell wir 8. September an der Reih. Well ech nach net genee weess ob ech Freides schaffen (beim Touristebureau an der Stad huet een heinsdo komesch Weekender well een um eigentleche Weekend am Bureau op der Plëss setzt) ging ech mengen ech hätt dann egal wéi ab 20h Zäit. Lescht Joer huet een emol ëmmer bis 19h misse schaffen, an da fëx heem, anescht undoen a Restaurant :D --Briséisβρισεισ 22:57, 6 Juni 2006 (UTC)

Fir mech geet déi Woch net, do sinn ech ausser Land. Soss sinn ech awer vun Enn Juli iwwert August a September do :-) --Alexandra 08:26, 7 Juni 2006 (UTC)

Sorry, ech war elo erem e puer Deeg net hei (Fussball, gutt Wieder an aner Ursaachen). Bleiwe mer dann elo schlussendlech beim 21. Juli? Myriam 08:23, 14 Juni 2006 (UTC)

Mat Hinanhirgeréckels an Ëmdisposéiers misst et zu 90 % méiglech sinn, dass ech mat derbäi kinnt sinn. --Zinneke 09:21, 14 Juni 2006 (UTC)
et geet e bësse méi déif weider!

Widerhuelung[Quelltext änneren]

Schonn emol erem. Ech weess net wat ech soe soll, OK, ech kucken och F1 (wann och net esou mat Iwwerzeegung), a Fussball (ass dat falsch? den DLW schreift "Foussball"? Myriam 22:43, 9 Juni 2006 (UTC)

Tjo, deen ee rennt de Ball mam Fouss, an deen anere mam Fuss. Et ginn der, déi rennen e mam Futt. --Cornischong 22:52, 9 Juni 2006 (UTC)

WIKIPEDIA IESSEN WIKIPEDIA IESSEN WIKIPEDIA IESSEN [Quelltext änneren]

Halli, bass du nach online? Wéi ass et mam Iessen, ech si guer net méi um lafenden ... nee, seet ee jo net ... um neitste Stand ? Myriam 22:37, 19 Juni 2006 (UTC)

Ech denke Mobilitéit ass keng Fro wann et an der Stad ass, mee wann et ausserhalb ass (ass kee lëtzbuergescht Wuert, an duerfir ginn ech warscheinlech vernannt ;-) ) brauch ech e bëssi hëllef. Ass et dann nach ëmmer den 21.? Myriam 23:11, 19 Juni 2006 (UTC)

Firwat net? Wëll mäin Agenda emmer zimmlech voll ass wollt ech emol ofwarden watfir een Datum dann elo iwreg bleiwt. Ass dat elo den 21. Juli deen an der Diskussioun ass? (ech hun dat nët esou genee verfollegt (sorry)) --Robby 23:18, 19 Juni 2006 (UTC)

Ech géif denke schonn, mir hunn zwar iwwer aner Date schwat (och méng Schold), mee ech mengen den 21. as bliwwen. Myriam 23:23, 19 Juni 2006 (UTC)

Cornischong, dann huel mol dat ganzt bei "Gebuertsdag an Iessen" an de Stamminet eriwwer, also fir mech géif ech mengen et geet. Wann ech mech richteg erënneren fir d'Alexandra och, den Zinneke an d'Briséis konnte net, an déi aner haten sech nach net gemellt. So mer wann ech eppes verpasst hunn, ech war laang net méi hei .... Myriam 23:31, 19 Juni 2006 (UTC)

Et misst den 21. Juli sinn Wou et ass, wësse mer nach net (Virschléi si wëllkomm!!) Et muss net an der Stad sinn. Déi déi keen Auto zur Verfügung hunn, kréien zwar kee geléint, mee deen wäert gehollef ginn. Vun Ernmuhl kréien ech nach Bescheed. De Robby huet de Fall notéiert. D'Myriam ass mat derbäi. Den Zinneke kënnt extra aus dem Ausland! Wien hei net ernimmt gouf, soll net kräischen, mee sech mellen!! D'Alexandra soll et mol léiwer konfirméieren. Wat d'Menuskaart (oder de Genre) ugeet: Virschléi sinn och do wëllkomm. --Cornischong 23:45, 19 Juni 2006 (UTC)


Ah jo Pardon, hat vergiess ze konfirméieren. Haat gemengt dass ech scho gesot hätt, dass ech giff matgoen :-)

Fir d'Menüskaart giff ech soen, wier Lëtzebuerger Kichen am beschten ubruecht, oder ? --Alexandra 10:23, 24 Juni 2006 (UTC)

Ee fir de Pappi, ee fir de Bopi, ee fir d'Mammi, an ee fir de Wauwi[Quelltext änneren]

All Virschléi hei ënnendrënner (Vergiesst net z'ënnerschreiwen! :-)) )~

Maja, da mol lass: d'Myriam 00:42, 20 Juni 2006 (UTC)

Léif Leit. Wéi ass et mat de Virschléi fir d'Iessen?? Bis elo ass keen ze gesinn! --Cornischong 08:45, 24 Juni 2006 (UTC)

Eng Lëtzebuergesch Kiche passt zu dem Lëtzebuerger Wiki-Gebuertsdag :-). Den 21. Juli hunn ech mir schonns reservéiert. --Tomateus 11:59, 24 Juni 2006 (UTC)

Déi an der lëtzebuergescher Kiche wäerte jo ausser Träipen, Huesenziwwi, Saubounen a Koupanz e puer aner Delikatesse prett hunn!? --Cornischong 00:16, 25 Juni 2006 (UTC)

Ech denke schonn dass se an engem Restaurant och nach aner Saachen ubidden wéi just Träipen oder Huesenziwi....  :-) War jo just eng Propos, all aner Idee ass och gär wëllkomm. --Alexandra 09:16, 25 Juni 2006 (UTC)

Umeldungen a Proposen fir d'Wiki-Iessen den 21. Juli[Quelltext änneren]

Nimm[Quelltext änneren]

  • --Alexandra 09:22, 25 Juni 2006 (UTC)
  • --Cornischong 09:31, 25 Juni 2006 (UTC)
  • --Tomateus 09:54, 25 Juni 2006 (UTC)
  • --Zinneke 18:53, 25 Juni 2006 (UTC)
  • --Myriam 09:36, 27 Juni 2006 (UTC)
  • --Robby 21:55, 27 Juni 2006 (UTC)
  • Les Meloures (12. Juli Matdeeleung un de Cornischong)

Ideeën fir de Restaurant[Quelltext änneren]

  • Lëtzebuerger Kichen: Restaurant Am Tiirmchen zu Miersch, d'Broutgaass zu Stroossen, d'Brideler Stuff, Auberge Koeppchen zu Wuermer, Auberge La Tourelle zu Veinen, Beierhaascht zu Bascharage, Brimer um Grondhaff, d'Mousel's Cantine am Gronn, .... asw --Alexandra 09:22, 25 Juni 2006 (UTC)
  • Nach e puer: Am Tiirmschen [sic] an der Stad, Roud Haus um Zens, ... Myriam 10:25, 29 Juni 2006 (UTC)
Wann déi am Tiermchen sou gutt kache wéi se schreiwen. - e Véirelssaz kéinte mer pro Restaurant verdroen, ech sinn ee vun deenen Dommen, déi D'Roud Haus um Zens net kennen. - Wéi ass et mat Feierowend, kënne mer do nach e Sätz austauschen? :-) --Cornischong 12:59, 29 Juni 2006 (UTC)

Hunn ech mer dach geduecht datt s de op den "Tiirmschen" géifs usprangen ;-) D'Iesse soll awer gutt sinn, ech war allerdéngs nach ni do. D'Roud Haus kennen ech och just well ech Famill um Zens hunn a mëttlerweil och hei wunnen. Ech denken dat mam Feierowend ass kee Problem, kann awer nofroen wanns de wëlls. Wéi spéit ass et da soss bei äeren Iesse ginn? Myriam 14:58, 29 Juni 2006 (UTC)

Op Siweburen krute mer eppes op eelef de Stom ofgepëtzt. --Cornischong 16:26, 29 Juni 2006 (UTC)
Nee, ech denken am Roud Haus kéinte mer scho méi laang, mee wéi gesot secherheetshalwer géif ech trotzdeem am viraus froen ... (de Rescht hei ënnendrënner) Myriam 18:19, 29 Juni 2006 (UTC)

Da maachen ech och emol e puer Propositioune fir de Restaurant (déi awer elo net onbedéngt eng Lëtzebuergesch, awer eng gutt, einfach Kichen hunn). Café-Restaurent Waldhaff op der Iechernacherstrooss um Waldhaff, Restaurent Beim Spuenier an der Kapellenerstrooss zu Olm, Café-Restaurent La Frégate an der Hollerecherstrooss vis-à-vis vun der Hollerecher Kierch oder d'Auberge Thillsmillen am Bärendall zu Mamer. Um wéivill Auer an den eenzelne Restauranten d'Luuchten aus ginn, weess ech net. --Tomateus 15:13, 29 Juni 2006 (UTC)

Thillsmillen; dat sinn dach déi mat de gebootschte Gromperen. Wa mer lo nach wëssen, wéi laang d'Pan gloust. Do ass kee Problem mat der Parkplazen, et ass gutt ze fannen, an 't ass an engem romantesche Bësch, a villäicht hu se e Garçon, dee beim Fotoapparat de Knäppche fënnt .... --Cornischong 16:26, 29 Juni 2006 (UTC)
D'Thillsmillen ass fir mech och an der Rei. Wee nach eng flott Terrass (bei der Uelzecht) huet ass de "Jardin Gourmand" zu Hesper. Leider war ech do och scho länger net méi iessen a weess net wéi et mëttlerweil ass. Myriam 18:19, 29 Juni 2006 (UTC)

Hu mer net besser e Link fir d'Iessen op d'Haaptsäit ze setzen? (Ass just eng Iddi) Myriam 00:12, 3 Juli 2006 (UTC)

Neen, mer setzen och keng Annoncen an de Péckvillchen :-)). Déi Schéi sinn alleguer ugemellt --Cornischong 22:05, 3 Juli 2006 (UTC)


Ouni elo hei wëlle frech ze ginn :) daat woen ech awer ze bezweiwelen. Gutt Nuecht fir all déi aner schéin oder net !! --Melusina 22:22, 3 Juli 2006 (UTC)

O Mamm , o Kanner, a wat hunn ech dann nees hei verbrach. Dann huelen ech dat mol léiwer zréck. Well d'Melusina sech leider bis elo (nach) net ugemellt huet, kéint et sinn, datt mer dat ni erausfannen. Gutt Nuecht also fir déi Gutt. --Cornischong 22:50, 3 Juli 2006 (UTC)

Wat bleift dann elo schlussendlech? D'Thillsmillen? Myriam 23:24, 5 Juli 2006 (UTC)

Politesch Parteien an d'Wikipedia[Quelltext änneren]

D'Sektioun vun der Demokratescher Partei vun der Gemeng Nidderaanwen huet op hirer Websäit e Link op d'Wikipedia. Dat ass eng flott Saach. Se huet am Artikel Nidderaanwen e Link op hir Sektioun. Dat ass eng Diskussioun wäert. Wann all Sektioune vun alle Parteien (huele mer mol un) hei Honnerte vu Linke spendéieren, da gesäit dat Ganzt anescht aus. Mer dinn also gutt drun, eis elo kloer Prinzipien ze vergonnen, wéi mer eis an deenen oder an änleche (de Cactus mengt bestëmmt, datt et him näischt géing schueden, an den Artikel Péiteng e Link ze setzen, fir drop opmierksam ze maachen, datt et do e Buttek gëtt) Fäll verhalen. --Cornischong 07:48, 7 Juli 2006 (UTC)

Wann dest d'Ausnam ass, ass déi Saach an der Rei. Ech mengen awer och, datt wann een dest zouléisst et an Zukunft méi där Linke wäert ginn an dann eis Rubrik Spaweck oniwwersichtlech wäert ginn. Dofir sinn ech derfir, fir esou (nenne mer et emol sou) politesch Reklam net zouzeloossen. Mengt den --Tomateus 07:58, 7 Juli 2006 (UTC)

Ech ginn dem Tomateus honnerprozenteg Recht. Reklammen hunn neischt op der Wiki ze sichen weder politescher nach anerer an och net als Link ënnert dem Spaweck verstoppt. Géint en Artikel doriwwer wier awer näischt anzewenden. --Alexandra 08:17, 7 Juli 2006 (UTC)

Ech si géint all Zort vu Reklamm op der Wiki, sief et fir Persounen, Veräiner, Gesellschaften, politesch oder aner Parteien, Wueren an Déngschtleeschtungen asw.. --Pecalux 08:26, 7 Juli 2006 (UTC)

E bësse "Reklamm" ass ëmmer derbäi, op all Wikipedia. Wann ech zum Beispill en Artikel iwwert e bekannt Schlass, eng bekannte Musekgrupp schreiwen, da ginn ech och hiren offizielle Site un. Bei eenzelne Sektioune vu Parteie fannen ech dat allerdéngs iwwerdriwwen. Ech ging mengen, do geet et wierklech duer, wann een am generellen Artikel zum Beispill iwwert d'DP e Link op hir offiziell Säit derbäisetzt, an dat geet da fëllegen duer. --Briséisβρισεισ 23:51, 8 Juli 2006 (UTC)

Fachchinesesch[Quelltext änneren]

Gudden Owend (oder scho bal gudd Nuecht) alleguerten.

Mir sinn a leschter Zäit e puer ominös cheemesch Artikelen opgefall, wou ech nawell glad a guer näischt verstinn. Gudd, ech denke mer ech sinn och net de Chimie-Expert, déi zwee Joer am Lycée wore jo och net d'Welt a si grad duergaange fir e bësse Grondkenntnisser ze kréien. Wikipedia huet awer vum Konzept hir den Usproch, dass sou Leit wéi ech, mat wéineg Ahnung, trotzdem den Artikel kënne verstoen.

Ech wëll mol gär e puer Beispiller ginn:

  • Artikel Beryllium:
    • Beryllium kristalliséiert ënnert der Form Hexagonal Kompakt
    • Beryllium ass relativ oxidationbestänneg opschonns d'Formatioun een Delta H vu -143.1 Kcal/mol huet. Daat bedeit also datt d'Formatioun vum Oxid net ënner thermodynamescher Kontroll steet mee ënner Kinetescher.
  • Artikel Lithium:
    • Li+ as besonnesch kleng an éischter mat Mg2+ ze vergläichen wei mat Na+.
  • Artikel Organesch Chimie:
    • Meeschtens gi follgend Atome gebraucht: C, H, O, N awer och : Cl, Br, I, S, P, As a Metaller: Na, Li, Mg, Zn, Cd, Pt, Ru, Sn

Ech well den Auteur elo net ugräifen a soen "ma du hues dach keng Ahnung", nee ech denke suguer en huet genuch Ahnung vun deem wat e schreiwt... mee sou wéi et geschriwwen ass bleift och hien deen Eenzegen. Et ass net béis gemengt, mee vu menger Säit aus ging ech emol Folgendes verlaangen:

  • en Text deen och naturwëssenschaftlech Nullen déi léiwer an der Weltgeschicht fuerschen, verstinn
  • eng Wikipedia-gerecht Presentatioun (mat Verlinkungen a sou Gedeessems)
  • Elementer NET oofkierzen am Text. Jo ech sinn nach mat dass Na Natrium ass, an O ass Sauerstoff. Mee wann ech komplett mat Buchstawen zougepaapt ginn, ech wees bei Gott d'Periodesystem vun den Elementer net auswännesch an do stinn ech secher net alleng.

Villes ass, wann ee "vum Fach" ass, selbstverständlech. Wann ech Texter fir meng Uni schreiwen, do muss ech kengem erkläeren ween den Duc d'Orléans ass. Et goufen der zwar e puer, dat stëmmt, mee wierklech wichteg war virun allem een. Déi Leit bei mir wëssen dat. Déi brauchen net "Philippe duc d'Orléans †1723". Mee wat ass mat denen aneren ? Ech schreiwen heinsdo Sätz dräimol méi auserneen, fir datt Leit, déi dës Personnagen net am Kapp hunn, och alt nach matkréien wou se grad an der Weltgeschicht ronderëmhänken, wann der verstitt wat ech mengen.

Villmools merci :-)

--Briséisβρισεισ 00:05, 9 Juli 2006 (UTC)

"Eisen" neie Bot[Quelltext änneren]

Vun elo un ass en zweete Bot fir eis am Asaz, den Escarbot vum fr:Utilisateur:Vargenau. Dee klenge Programm, de Bot trëppelt vun enger Wiki op eng aner fir d'Interwikien op den neiste "Stand" ze setzen. Mär brauchen eis dobäi ëm näischt ze këmmeren.
Natierlech musse mer, wéi bis elo, bei all neien Artikel drun denke fir den neien Artikel an der Interwikislëscht beim engleschsproochegen Zwilingsartikel bäizepraffen an, wéi bis elo, d'Interwikien an eisen Artikel setzen. De Bot wäert dann an Zukunft, d' "Udate" maachen. Lo dierft kee Bot méi ze gesi sinn, wa mer "verstopp bots" agestallt hunn. Hoffentlech rullt et. --Cornischong 21:08, 10 Juli 2006 (UTC)

Foto affiche Leslie Kent[Quelltext änneren]

Kann weg e besonnesch Gudden déi zwou Tentativen fir d Affiche eropzelueden erausgeheien? de PDF ass jo wuhel komplett falsch a mam jpg ass eppes kromm.. kucken daat muer nach eng Kéier...

Merci --Melusina 21:38, 11 Juli 2006 (UTC)

a nach e Problem.. ech hunn elo eng Foto Guy Theisen eropgelueden, daat ass mol gangen.. esou wäit esou gutt..

ech hu beim Andy Bausch nogefroot an deen soot et wier an der Rei an et kënnt en als Source Privat archiv Andy Bausch uginn..

wéi maachen ech daat dann elo ??? ech si schon frou, dass d'Foto op der Säit ukomm ass. me et kann en jo net alles wëssen ??

Merci fir d'Hëllef seet --Melusina 22:06, 11 Juli 2006 (UTC) a wënscht eng gutt Nuecht

Lued den Andy rop, ech këmmere mech ëm d'Bezeechnung :D --Briséisβρισεισ 07:07, 12 Juli 2006 (UTC)

Iessen, leschte Stand[Quelltext änneren]

Wa mer eis nach op d'Zäit g'eenegt hunn, reservéieren ech den Zinglabum !
D'Thillsmillen läit tëscht Mamer a Koplescht. Op der Strooss steet en däitlecht Schëld! D'Thillsmille läit direkt beim Bësch wou et sech gemittlech trëppele léisst (ouni Stiwwelen).
De Restaurant huet de Freideg 21. Juli op vun 18.oo bis 1.oo !!! Da sot mär (sou fréi wéi méiglech) um wéivill Auer mer sollen iessen an do begéinen. Wann et net grad reent wier et ganz flott, fir virum Iessen e bëssen do kënnen ze trëppelen an ze poteren. Et potert sech ganz gutt an der frëscher Loft am Schiet.
Fir dat ganzt unzekierpen emol e Virschlag: Um 19.oo op der Plaz. Poterstonn am Bësch "Op der Drëps" bei der Baach. 20.oo Iessen. Well esou vill duerchzediskutéiere ass, kënne mer dat och e bësse réckelen. Wann nach eng Fro ass, da loosst se lo kommen.

  • Ech kucke, kuerz viru Siwen do ze sinn. --Zinneke 15:43, 12 Juli 2006 (UTC)
  • Kann och kommen, laafen nit méh sou gudd dann ginn ech ében nit mat an de Bësch soss ass awer ké Problem. Les Meloures 16:23, 12 Juli 2006 (UTC)
Et gëtt do kee Marathon gelaf! Op der Drëps si Bänken, kee Problem.
De Cornischong lauert vun halwer siwen u bei der Drëps am Schiet, dat sinn eng 80 Meter hanner der Thillsmillen. Där erkennt en; hien huet e Brëll un!

Ech sinn de Freiden 21. Juli viru 7 Auer do. --Tomateus 16:38, 12 Juli 2006 (UTC)

7 gëtt villäicht e bësse just fir mech, ech muss no der Aarbecht nach d'Kanner siche goen an heemféieren. Ech versichen emol. Myriam 16:41, 12 Juli 2006 (UTC)

Kee Problem. Wann s de e bësse méi spéit kënns, da gees de e bësse méi wäit (Drëps), an dann héiers de eis scho streiden :-). --Cornischong 16:52, 12 Juli 2006 (UTC)

Ech muss mech leider kuerzfristeg fir den Owend ofmellen. Mir ass eppes ganz Dringendes dotëschent komm. Et deet mir leed fir all déi Léit déi ech elo den Owend net kenneléieren wou ech mech awer drop gefreet hat. Natierlech och déi Léit déi ech scho kennen an elo net erëmgesinn :-( --Alexandra 06:16, 21 Juli 2006 (UTC)

Dat ass natierlech Schued. Da kucke mer, fir nieft dem Iesse vun haut den Owend e bësse méi spéit eis nach eng Kéier ze gesinn. Dorops komme mer nach zréck. --Cornischong 06:26, 21 Juli 2006 (UTC)

Un all déi, deenen hiren Outlook ofgestierzt ass oder déi hir Agenda verluer hunn[Quelltext änneren]

Haut Freideg den Owend ass eist Iessen an der Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht. Vun halwer siwen u kënne mer "op der Drëps" (80 Meter hanner der Thillsmillen) e klenge poteren an trëppelen, an duerno am Restaurant eppes iesse goen. Den Auto kënnt der virum Gebai vum Restaurant (also direkt hanner der Ausfart) histellen. Bis dann. --Cornischong 06:40, 21 Juli 2006 (UTC)

U se alleguer[Quelltext änneren]

Wier et net fantastesch, wa jiddereen, dee just eng Klengegkeet un engem Artikel ännert, d'Haischen mat "Mineur Ännerung" géif ukropen? Op déi Manéier kéint een an Nullkommanäischt déi wichteg Ännerungen erëerkennen andeems een "verstopp mineur Ännerungen" géif klicken. An der Hoffnung, datt dat net zevill verlaangt ass an datt sech endlech mol jiddereen dorun hält; an datt lo kee sech doduerch beleidegt fillt; an datt déi geschätzte Mataarbechter sech d'Eifeler Reegel mol zu Gemitt féieren, an datt ech domat besser Zäit kréie fir Artikelen ze schreiwen; verbleiwen ech bei mengem PC. --Cornischong 16:27, 18 Juli 2006 (UTC)

Alt deen nächste Bot[Quelltext änneren]

Den hollännesche User Tuvic huet op der Wikipedia:Bot-Säit de 15. Juli an haut den 22. Juli nees eng Kéier gefrot, fir säin TuvicBot hei "lafen" ze loossen. "Eise" RobotQuistnix ass och an Holland stationéiert. Wéi maache mer dat mam TuvicBot? Meng Meenung: Ech fro mech sou lues, wat mär mat deem Bot-Zoo sollen ufänken. --Cornischong 10:33, 22 Juli 2006 (UTC)

Ech hun dem Tuvic emol eppes a seng Diskussiouns Säit geschriwen hei an dann warden ech emol op seng Reaktioun --Robby 09:55, 23 Juli 2006 (UTC)

No der wiierklech professioneller Reaktioun vum Tuvic op mäin Hiweis op e Fehler an der hollännescher wiki, schloen ech hei emol vir fir dem Bot TuvicBot zu Testzwecker zouzeloossen (Phase 1). Am iwrigen sollten mir nët esou no der Zuel vun de Botten kucken wéi no hirer Seriositéit, an déi schéngt mir beim TuvicBot emol ze stëmmen (wann een do aner Donnéën huet lossen ech mech gäer vum Géigendeel iwerzeegen).--Robby 22:09, 23 Juli 2006 (UTC)

Kategorien[Quelltext änneren]

An de Kategorien ass en Amoklaf angaangen! Do schreift eng IP méi séier nei Kategorien falsch, wéi ee se verbessere kann. Lo fuere mer eng gutt Zäitche mat eisem Kategoriesystem, an haut leeft een Amok. Um 15.11 hunn ech schonns drop opmierksam gemaach, datt nom DLW Gebäude op Lëtzebuergesch "Gebaier" sinn. An datt Bauwerke dat selwecht ass. Ass et nëmmne d'Hëtzt? --Cornischong 17:26, 23 Juli 2006 (UTC)

Allgemeng sinn ech dovir, fir eis Kategorien eng Kéier nozekucken, déi eng oder aner Saach z'änneren a vläicht bessi méi System dran ze bréngen. Ech mengen awer och, datt et fir den Ament kee Wäert huet vill Ënnerkategorien ze maachen wou ee fir den Ament just een, zwee oder dräi Artikeln dra fënnt. Wann eng Kéier méi Artikele fir eng Ënnerkategorie do si kann déi dann nach ëmmer nogemaach ginn. Dat ganzt ass awer eng Diskussioun wäert. Wat d'Bauwierker an d'Gebaier ugeet, do sinn ech mam DLW net d'Accord a muss dem Les Meloures Recht ginn, datt een eng Bréck net als Gebai kann ugesinn. Do muss ee sech iwwerleeën, ob een net Bauwierker dann awer zouléisst oder nach een anert Wuert fënnt, wéi zum Beispill eng Konstruktioun. Mengt den --Tomateus 18:44, 23 Juli 2006 (UTC)
Ech brucken net op Wierder mee:

Well déi andauernd Ännerungen an de Kategorien (do gëtt et Honnerte vu Beispiller!) Nerven an Zäit kaschten, wier et "net vu Mutwëll" fir sech ofzeschwätzen, wéi een dat zwafft. Datt et eng Kategorie Kapelle gëtt, ass eng gutt Saach, mee wann d'Kapellen net drastinn, dann ass dat e Beispill vun deem wat mech stéiert. ..... Ginn d'Brécken net gebaut? --Cornischong 20:54, 23 Juli 2006 (UTC)

Reliéis Gebäier[Quelltext änneren]

Kann ee mir erkläre wou den Ënnerscheed läit tëscht enger Kapell, enger Kierch, enger Basilika ...? Myriam 08:56, 25 Juli 2006 (UTC)

Lo grad ass mer och opgefall datt a verschiddene Kierchen-Artikelen den Artikel vun der Tabell erschloe gëtt. Ech gesinn awer net wisou: Kierch Schéimerech, Kierch Nidderaanwen. Myriam 10:13, 25 Juli 2006 (UTC)

Jo d'Tabellen erschloen den Artikel och, an dat wäerten se soulaang maache, wéi Text feelt ;) --Briséisβρισεισ 07:49, 26 Juli 2006 (UTC)

Salut Myriam,
Do gët et der é grousse Koup
  • Dén eischten ass zumm Beispill si hun een aaneren Numm. Daat kënnt wahrscheinlich dohir ëll schon vill Läit virun eis dën Ennerscheed gemeet hun.
  • Dén zweeten ass si hun am Sënn vun dër Kierch (nit d'Gebäi) aaner Fonktiounen an eng aaner Hierarchie (Erklärung eng Kapell kann zum Beispill een Deel vun enger grousser Kierch sinn awer ni ëmgedreint si kann souguer an der Kierch bannendran sinn ähnlich wéi Kryptaen).
  • Basilika ass:
    • eng Kierch déi sëch duerch ee gewëssen Baustil vun deen aaneren ënnerscheed (meschtens romanisch a mat 3 Schëffer) méi spéit och mol ganz selten gothisch a mat engem Queerschëff (Kräisbasilikaen).
    • dann gët ët déi di vum Popst offiziell den Titel Basilika kritt hun oni dass se duerfir mussen architektonesch eng sinn. Et Ass een Eirentitel fir verschidden Kierchen.
  • Kathedral ass déi Kierch wou de Bëschof vun der Diozees séin Stull huet an seng Massen liest. Den Petersdoum obschon en Doum heescht waat am däitschen Sproochgebrauch den Ausdrock fir d'Kathedral ass keng Kathedral (well et nit dem Bëschof vu Roum seng Kierch ass) et ass dem Popst seng. En ass awer eng Bsilika an zwar eng Basilika major, dovun ginn et der nëmmen 5 oder 6, déi aaner heeschen Basilika minor.
Ech denken daat geet vläicht fir den Ufank als Erklärung duer.
Mat bëschten Gréiss Les Meloures 21:39, 27 Juli 2006 (UTC)
Merci fir d'Explikatiounen. Wier dat net eng Geleeënheet fir déi Begrëffer (déi net ganz simpel sinn) a jeeweils een Artikel ze fëllen. Villäicht och, well sech an nächster Zäit d'Basilika vu Lenneng méi vun no weise wäert. --Cornischong 21:49, 27 Juli 2006 (UTC)
Géi mol kucken den Ufank ass gemeet Kapell Les Meloures 22:54, 27 Juli 2006 (UTC)

Neie Brëll[Quelltext änneren]

Ech weess net, entweder brauch ech en neie Brëll ... : dat hei ass dach keng Foto, oder? Foto vu Lëtzebuerg Myriam 00:10, 26 Juli 2006 (UTC)

Wou ass de Problem? Feelt e Kran? --Cornischong 00:22, 26 Juli 2006 (UTC)

Wisou ass dat keng Foto ? :-) --Briséisβρισεισ 07:48, 26 Juli 2006 (UTC)

Firwat soll dat keng Foto sinn? Johnny Chicago 10:23, 26 Juli 2006 (UTC)

Ech weess net iergendeppes stéiert mech drunn, ech kann och net genee soe wat, mee ass och net esou wichteg. Myriam 13:01, 26 Juli 2006 (UTC)


Category:Stad oder do kritt ee jo de Sout[Quelltext änneren]

Et haat mol een vun deenen ganz dichtigen op der Letzebuerger Wiki mär gesoot all d'Categorien wieren an der Méizuel. Hei ass eng uraal fir waar waat ass déi an der Eenzuel.

Huet daat ee bestëmmte Grond oder ass ët an dém Sënn falsch oder waar di aaner Behaaptung falsch

Les Meloures 13:09, 27 Juli 2006 (UTC)

Kann et sinn, datt ech aus deem Saz ("ganz dichtegen") een net gesonde sarkasteschen Ënnertoun erausliesen? Jo, et gouf sech gëeenegt, fir an de Kategorien (mäi Lieblingsthema) d'Méizuel ze gebrauchen. "fir waar waat ass déi an der Eenzuel", ginn ech elo gefrot. Ech hunn elo probéiert, fir eng Äntwert ze fannen: D' Category:Stad gouf erfonnt vum User Magadan am Oktober 2004. Bannent där Kategorie fannen ech haut nach: Category:Stad (Dänemark) (opgemaach vum Otets), Category:Egyptesch Stad (opgemaach vum Alexandra), Category:Stad (Marokko), Stad (Nepal), Stad (Oman) (opgemaach vum Otets), Stad (Portugal) (opgemaach vum Otets), Stad (Tierkei) (opgemaach vum Otets), Stad (Uruguay) (opgemaach vum Otets). op der Wikipedia:De Stamminet/Archiv2005/November - Säit steet en Deel vun deem ganze Getriwwels mat der Kategorië vun de Stied. Ech erlabe mer, mech selwer ze zitéiren: "Dat mat de Kategorien (ech huelen un, datt et dorëms geet) ass wierklech e raschtege Nol fir a meng Lued. Hei sinn an der Zäit all Dag 500 Millioune Kategorien aus dem Zilinder gezu ginn. Wa mer eis net eenegen op (zum Beispill!!) Uertschaft Däitschland / Stad Patagonien da verfollegt dat Thema eis Kandskanner nach." an: "a mäi Psychiater huet mer schonns gesot, Leit a mengem Alter sollen sech aus deene Saachen eraushalen." Et schéngt es!!! Ech froen emol no, wéi laang dee Schäiss do nach viruleeft.--Cornischong 14:34, 27 Juli 2006 (UTC)

De ganze Problem ass wëll sech nit genug iwwerluecht gët wéi den Artikel innerhalb vun senger eischter Kategorie bis op déi alleriewescht duerchleft an trotzdeem an den Tëschenkategorien richtig ass an zu jidderzäit kann fonnt ginn. Wann en an enger Ennerkategorie steet huet neischt méi an déer driwwer verluer e gët jo automatisch dohinner geleet. Ën kann dann nach hechsten an enger Paralelkategorie sinn déi no uewen ganz annescht weiderleeft aawer eppes mam Artikel ze dinn huet. Bei Persounen z.B kënnen do bis zu 10 sou Parralelkategorien sinn déi awer all no uewen aanescht verlaafen. Bei den Ennerkategorien vun de Länner gëlt daat selwecht. Ech wëll lo hei keng Beispiller opzielen wou alles an dém Sënn doubel an dräifach categoriséiert ass mee et gët eng Häerd dervun.

Dann nach meng Meenung zu all deenen Diskussiounen ass dass éis Administratören sech och als sou Léit solle behuelen an Uerdnung schaafen soss sinn se falsch op der Plaaz. Et fehlt och am groussen ganzen un der Héiflechkeet daat heescht an dësem Sënn dass wann ech eppes froen, ech och vun deem eng Äntwert kreien an nit muss kucken goen op e mer op senger Dikussiounssäit geäntwert huet oder um Staminet (aanerer äntwerten iwwerhaapt nit et freet e sech firwaat, et kann ee sëch et zwar denken, meeschtens ass et well se sech mat hieren dikussioune selwer Faalen gestallt hun). Ech gesinn do fir mech perséinlich nëmmen een Auswee: entweder ech wurschtelen weider mat, oni mer nach iwwer irgendëppes de Kapp ze zerbriechen oder ech ginn erem op eng auslännisch Säit wou mol weinstens daat Gedeessems mat de Kategorien nit ass. Les Meloures 23:38, 27 Juli 2006 (UTC) Les Meloures 23:38, 27 Juli 2006 (UTC)

Et haat mol een vun deenen ganz dichtigen op der Letzebuerger Wiki mär gesoot all d'Categorien wieren an der Méizuel. Jo dat ganz dichtegt war ech. Well mir eis iergendwann (ech kann der den Datum an d'Auerzäit leider net méi soen) geeenegt haten, datt mer d'Kategorië generell an der Méizuel huelen. Wisou verschiddener an der Eenzuel sinn, läit och ë. a. dodrunner, datt et immens "al" Kategorië sinn (Stad => Oktober 2004 !) an deelweis och laang vrun der "Kategorien-Diskussioun" schon do stoungen. Hätte mer 100 Mataarbechter, kéinte mer ouni Problem der 5 ofstellen, an dene soen, si sollen do mol opraumen. Dat hu mer awer net. An d'Kategorië sinn net nëmme bei eis e Gedeessems, déi aner Wikië ploen sech och deelweis méi schlecht ewéi recht domat, sou ass et net.
Dann nach meng Meenung zu all deenen Diskussiounen ass dass éis Administratören sech och als sou Léit solle behuelen an Uerdnung schaafen soss sinn se falsch op der Plaaz. D'Administratore raumen op a schafen Uerdnung. Mee och d'Administratore sinn nëmme Mënschen, mat deelweis engem Beruff, enger Famill, Studien etc. A si kënnen hir An net iwwerall hunn. Mee ech kann Dir soen (an dat kann de Cornischong bestätegen, doriwwer hate mir oft riets), datt een heinsdo op d'Wikipedia kënnt, an en Artikel an der Nues huet, dann d'Rezent Ännerungen ukuckt, 20 Artikele verbessere/réckele geet, dann nach deem een oder aneren op eng Fro/Diskussioun entwert... an da si bal 2 Stonnen drop, an dann huet een nach keen Artikel geschriwwen. D'Administratore sinn am wäite Sënn zwar do, fir de ganze Buttik hei e bëssen ze leeden, mee et hänkt och net ALLES un hinnen.
Mäi Pefferkäer dozou. --βρισεισDisk 05:36, 28 Juli 2006 (UTC)
Ech ginn dem Briséis do honnertprozenteg Rescht. Ech ploe mech schon ziemlech vill mat dene Kategorien, wat ech natierlech och gäre machen. Mä vill Kategorien sti scho laang do an oft gi Kategorien opgemacht wa just een oder zwee Artikele drastinn. No enger Zäit kommen awer ëmmer Artikele bäi an da passt villeicht op eng Kéiere eng aner Kategorie besser. An dass d'Aminnen och gären emol selwer en Artikel schreiwen an net nëmme raume wëlle ass och ze verstoen. Wéi d'Briséis esou schéi gesot huet, mir sinn och nëmme Mënschen..... an et wier flott wa mir giffen all zesumme schaffen an net nëmme géinteneen, jidderee kann hëllefen, och raumen... --Alexandra 11:37, 31 Juli 2006 (UTC)

Léif Administréiert[Quelltext änneren]

"dass éis Administratören sech och als sou Léit solle behuelen an Uerdnung schaafen soss sinn se falsch op der Plaaz."

D'Biller ouni Lizenz, ouni den Numm vum Fotograf[Quelltext änneren]

Op der Eropluedsäit ass nawell gutt erkläert, wéi dat sou mat de Konditioune fir e Bild eropzeluede steet. Et ass do ganz däitlech geschriwwen, datt ee soll deen Text liesen! Kuckt äech emol un wie sech drun hält. Kuckt äesch et léiwer selwer un.

Do ass d'Léisung jo awer einfach, werf all déi eraaf déi nit de Kritérien vun Wiki entspriechen.
oder maach dem User eng Mail fir ën dodriwwer z'informéieren mat der Bemierkung dass wann ën daat nit verbessert waat fehlt säi Bild misst ewechgeholl ginn. Les Meloures 10:35, 28 Juli 2006 (UTC)

P.S De Risiko wier allerdings dass der vläicht nit méi vill giwwen bleiwen mee wanns d"eng korrekt Wiki wellst hun musst dë deen Risiko agoen. Les Meloures 10:39, 28 Juli 2006 (UTC)

D'Eifeler Reegel[Quelltext änneren]

Eng Eegenaart vum Lëtzebuergeschen ass d'Eifeler Reegel. Mer hunn hei eng Säit mat engem Grondtext vum Lex Roth, deen no an no erweidert gouf. Ech selwer verbesseren all Dag Dosende vu Schreiweisfeeler, an deenen et ëm d'Eifeler Reegel geet. Heinansdo hunn ech d'Gefill, ech hätt mat Leit ze dinn, déi dovun ausginn, "schreif iergendeppes, et ginn der genuch, déi weider näischt ze dinn hunn, wéi d'Schreifweis ze verbesseren".

Déi Beleidegt[Quelltext änneren]

Ech hunn hei materlieft, datt nodeems ech engem eppes verbessert hat, dee sech schrecklech opgereegt huet an d'Dier gejummt huet. Et ass net meng Manéier, fir "einfach esou" ze verbesseren. Ier ech eppes änneren, dat ech net kennen, kucken ech, mech op der richteger Plaz ze renseignéieren. Dat ass hei am Land dacks zimmlech einfach, et kascht just eng Telefonsverbindung oder e Mail. Vun engem krut ech de Virword gemaach, ech soll mech beim Kadaster informéieren. De Gudde war wuel der Meenung, ech hätt dat net gemaach. An deem Fall hat ech mech beim Kadaster a bei der Ponts et Chaussées informéiert, a war mer domat esou sécher wéi et hei méiglech ass. Mee dee wollt dat guer net wëssen!!! Mär haten hei e ganz Äerdegen, deen onheemlech produktiv war. Hie war anscheinend net mat de Copyrightbestëmmunge mat d'accord. Nodeems ech him frëndlech geschriwwen hat, déi éischt Foto wier vun der Websäit vun der Mamer Gemeng, also hätt se hei näischt verluer, krut ech ënner anerem gesot, hie wéisst wuel, wat Copyright wier, an huet doropshin am Air Rscue-Artikel e puer Fotoen eropgelueden, döi vun der Air Rescue hirer Websäit waren mat klorem Copyright Kommentar. Bei der drëtte Kéier gouf e queesch an huet ni méi eppes geschriwwen.

Äntwerten op der falscher Säit[Quelltext änneren]

Um Ufank huet et mer ageliicht, fir engem op "senger" Säit z'äntweren. Dat ass awer net evident, well een dann op eemol net méi weess ëm wat et geet. Besonnesch an der de-Wiki gëtt et de Brauch, datt der ëmmer méi direkt bei den Text vum Kommentar äntweren. Déi schreiwen dat och op hir Säit! Op déi Manéier steet alles beieneen. Ech verstinn awer och, datt dat aner Nodeeler huet.

Kategorien[Quelltext änneren]

Och ech sinn der Meenung, datt et e wichtecht Thema ass. De Problem fänkt eigentlech un, wann der méi dru schaffen. Deen ee nennt dat "Déngen" e Gebai, en aneren nennt et e Bauwierk. An da geet d'Gedeessems un. Well ech net nach eng drëtt draknätzele wëll, halen ech mech gär do eraus. Well ech awer Wäert op "dat Lëtzebuergescht" leeën, froen ech mech, ob et déi Wierder iwwerhaapt am Lëtzebuergesche gëtt. Eng Méiglechkeet, dat erauszefannen, ass den Dictionnaire, déi aner, ech froe bei e puer Sproochmatesse no. Glécklegerweis gëtt et do e puer frëndlech Leit, déi sech bereed erkläert hunn, eis op déi Manéier ze hëllefen.

D'Schreifweis[Quelltext änneren]

An der fr-Wiki hunn ech Schreif-, Tipp- a besonnesch grammatesch Feeler mat den Honnerte fonnt. Ech weess net, ob se net genuch Torschongen hunn. An der däitscher ass et ganz anescht. Do ginn et der, déi den Duden bei der Däiwel wënschen, an dat och däitlech schreiwen. Déi hunn hir eege Virstellung vun der Schreiweis, wann dat en Admin ass, dann hues de schlecht Kaarten. An: An der de-Wiki léisst et sech herrlech diskutéiren; zu all grammatesch Reegel gëtt et mindestens eng zwanzeg Meenungen. Déi eng schreiwen, an déi aner saften. D'Manéier, datt ee sech Méi gëtt, eppes ze schreiwen, den Dag drop awer matkritt, datt säin Text iwwer d'Gilette ass, well deen "irrelevant" wier.

D'Perfektioun[Quelltext änneren]

D'Perfektioun ass net vun dëser Welt.

D'Zäit[Quelltext änneren]

D'Briséis huet dat hei uewendriwwer gutt ausgedréckt. Mäi Beispill: Virun e puer Deeg war ech op Lëntgen an d'Uergelfabrik. Ech krut Geleeënheet fir dem Chef all Froen ze stellen. fir Fotoen ze maachen vun allem, wat ech wollt (!!!) asw. Wou ass de Problem? Ma de Problem ass, datt ech mech hei mat Kategorien amüséieren, datt ech all Dag Dosende vun Eiflere-Feeler verbesseren, datt ech dem Jenni an dem Männi nees eng Kéier erklären, datt ech op alles äntweren, wat iergendeen am Laf vun Dag wësse wëll. An dobäi wëll ech och eng Wikipedia, déi fonktionéiert.

"Uerdnung schafen"[Quelltext änneren]

Et ass u jidderengem, fir hei Uerdnung ze schafen.
--Cornischong 08:26, 28 Juli 2006 (UTC)

datt ech all Dag Dosende vun Eiflere-Feeler verbesseren[Quelltext änneren]

Daat kannst dë wahrscheinlich nach sou baal nit änneren (iwwerhaapt d'Fehler am groussen ganzen nit), an wéis de richtig gesoot hues déi franséisch an di däitsch hun dee selwechten Problem, di aaner Sproochen warscheinlech och just dass mär daat nit verstinn an liesen kënnen. De Prinzip vun der Wiki ass jo aawer och dass mol een iwwerhaapt een Artikel iwwer eppes mecht. Wann jiddereen neischt schreiwt wëll ë färt e giww ee Fehler schreiwen dann schreiwen der nit méi vill an ech hätt dann bis elo och nach guer neischt geschriww. Do ass et einfach esou dass et jo vill Läit gët déi vill wëssen an sech och fir vill Saachen interesséieren an noliésen awer just nit perfekt lëtzebuergesch schreiwen. Das op der lëtzebuerger Wiki nit sou vill Matarbëchter sinn ass och relativ ze gesinn op d'Kappzuel vun den lëtzebuergeschsproochegen Awunner héichgerechent sinn et dër vläich méi wéi aaner Länner. Et ass jo nit dodrun wou et léit. Mär hun just een Defizit an den Wessenschaftlichen an technischen Beräicher. Op deer aaner Säit, wann der och nach do wieren wien iwwersetzt eis all di technesch Ausdreck op letzebuergesch. Do bleiwt d'Fro erëm di selwecht: Wëlle mer Artikelen zu engëm Thema hun oder nit.

Zum Dictionnaire ass allgemengen daat hei ze soen an daat seet der jidderén dén mat Dictionnären ze dinn huet: Wann een Dictionnär gemmet gët, ass ën bei der schneller Sproochentwecklung vun haut op deem Daag wou ën eraus kënnt schon nit méi aktuell.

Waat ech méi graff als Fehler ugesinn ass wann én eng Séchel als Apparat (souguer wann Apparat richig geschriww) assduerstellt an et ass just eent vun den einfachste Geschirer déi et gët. Daat nëmmen um Rand bemierkt. Sou Fehler ginn och verbessert an oni Kommentar. Daat gehéiert zu Wikipedia, nom Prinzip et kënnt ëmmer een hannendrun deen äppes méi weess an et dann och verbessere kann.

Les Meloures 10:35, 28 Juli 2006 (UTC)


Den neie Bot war do[Quelltext änneren]

Ech hunn den Thijs!bot, deen ouni Erlabnes hei optrëtt, an deen eis "Rezent Ännerungen" duerchernee bréngt, mol fir eng Woch gespaart. Da bleift eis genuch Zäit, ze decidéieren, wat mer mat deem maachen. --Cornischong 17:26, 28 Juli 2006 (UTC)

Ech sin och dofir fir eis Bottepolitik nach mi prezies ze formuléieren. Ech proposieren dozou mol folgendes zur Diskussioun:
  1. all neie Bot deen nët op Wikipedia:Bot#Ufro_fir_nei_Boten eng demande mecht gëtt gespart an zwar di 1. Kéier 1 Dag, di 2. Kéier 1Woch, an déi 3. Kéier 1 Mount, an duerno je weils fir mindestens 3 Méint
  2. Wéi verfuere mir mat denen nët registréierten Boten? Toleréieren mir déi sou laang wéi se nët eng bestëmmt Unzuel vun Editen pro Dag fabrizéieren?
  3. Wéi wier et fir einfach e puer Leit vun eis domat ze chargéieren sech e bësse méi em den Thema ze bekëmmeren esou wéi d'Alexandra dat bei de Kategorien mechtg?

An elo warden ech dann emol op weider Reaktiounen --Robby 21:45, 28 Juli 2006 (UTC)

Nach weider Zäit ze verjuppelen kënne mär eis aus Personalgrënn net leeschten. Spillereien am Stil vun bei der éischte Kéier "rose kucken", der zweeter "e Fanger maachen" an esou Tricken komme mer total iwwerflësseg vir. "e puer Leit vun eis domat ze chargéieren"; also wann ech gelift, während deeër Zäit kéinten e puer Leit chargéiert ginn, deem Aarmut vun "Mudam" oder vun aneren Artikelen opzehëllefen. Mär solle KENG net registréiert Boten toleréiren! Oder ass eis Wiki eng Testpist fir mam Bot Gassi ze goen. D'Spillereie mat de Kategorien (ech mengen domat natierlech besonnesch déi, déi iwwer eng Dose Mol g'ännert si ginn) ass schonns "interessant" genuch. Wann hei net eng Kierchendier opsteet, da schreift hei een, (bei der Basilika Lenneng) et si keng Fotoen am Artikel, well d'Dier "ëmmer" zou ass. Wierklech witzeg! Fir an deem Fall mol op der richteger Plaz nozefroen, dofir ass, wéi et schéngt scho keng Zäit do. Ech hoffen och datt dëst déi leschten Diskussioun iwwer dat Gebots ass. Eleng dës (bis elo) huet esou vill Text wéi 20 Duerchschnëttsartikelen. --Cornischong 22:25, 28 Juli 2006 (UTC)
E häerzegt Beispill: Den Artikel iwwer de Jacques Poos gëtt an der fr-Wiki am Abrëll 2006 opgemaach. Hei bei eis lafe sech d'Boten d'Bee stompeg an da setzt de Robby haut den Interwikilink manuell an eisen Artikel! Dat muss ee sech emol op der Zong zergoe loossen. --Cornischong 07:17, 29 Juli 2006 (UTC)
Hei dann nach eng Reaktioun :-) Leider muss ech soen dass ech mech mat der Bot-e Geschicht guer net auskennen, an ech giff mech wierklech freen wann ee sëch der Saach giff unhuelen. Ech wees zwar wat esou e Bot mëcht, mä méi awer och net.

Et deet mir leed, dass ech net éischter réagéiert hunn (hunn d'ganz Diskussioun elo geliess), mä dat kënnt just dohier well ech mech net auskennen. Ech sinn awer gär bereed mech opklären ze sollen. Wéi et ausgeseit kennt de Robby sëch jo aus..... --Alexandra 18:12, 1 August 2006 (UTC)

"An elo warden ech dann emol op weider Reaktiounen" schreift de Robby den 28. Juli. --Cornischong 19:49, 31 Juli 2006 (UTC)

Doudgebueren a gestuerwe Categorien[Quelltext änneren]

Moien, am Fong wollt ech elo just schreiwen, dass ech 14 Deeg laang hei kee Mucks vu mer gi wäert, well ech an internetfräiem Raum Vakanz maachen.

Mee wat do haut ugefaange gouf, kann ech net oncommentéiert loossen:

Mär hu iwwert den Daum 2000 Säiten iwwer Leit, déi all gebuer an zu engem Deel, wéi dat esou ass, och gestuerwe sinn. Hir "Eckdate" stinn dann och nieft hirem Numm. Wann een do drop klickt, kënnt een op d'Joeressäit, wou ë.a. all déi Leit stinn, déi an deem Joer hiren éischte Kreesch gedoen, oder hire Läffel ofginn hunn. Bis ewell hu mer vill Wäert drop geluet, fir déi Referenz iwwert d'Kräiz propper do ze hunn.

Wann elo Leit mengen, déi dausende vu Persoune-Säite missten op eemol all eenzel vun Hand eng oder zwou Kategorië bäigesat kréien, wou een op eng Iwwercategorie kënnt, déi genee dat selwescht erëmgëtt wéi d'Klicken op den Datum (net ze vergiessen déi 3000 Categorië déi och nach nei ze schafe wieren), da sief et, mee ech fannen dat esou zimmlech dat onprouktivst, wat een hei maache kann!

Et ginn Dausenden Artikelen ze schreiwen, auszebauen oder ze verbesseren. Wier déi Energie fir iwwerflësseg Categoriën net besser doranner investéiert???

freet de lb:user:Zinneke, deen elo d'Valiss peekt.

Da schreiwen ech och nach eng Kéier heihinner, well all eis Opruffer goufe jo op denen Talk:Säiten ignoréiert!! Ob et hëlleft....!! Ech si ganz denger Meenung: et gëtt nach esou vill ze schreiwen an ze schaffen, dass ech fannen dass dat do eng onnëtz Aarbecht ass.... --Alexandra 15:06, 31 Juli 2006 (UTC)
Och ech schléissen mech ehi nach emol deene 2 Leit hei uwendriwer un a froen mech wou hei d'"Valeur Ajoutée" vun esou enger Aktioun läit fir d'Kategorien mat den honnerten ze schafen wou mir déi Informatiounen jo schon an den Artikelen hun: de "l'art pour l'art". Mee vläicht kuckt jo och mol nees een wat hei um Stamminet esou geschriwe gëtt. --Robby 16:34, 31 Juli 2006 (UTC)

Ech hun neischt géint ier Meenung, meng ass daas di aaner Wikien dee System hun och an mat vil mee Persounesäiten wéi mär. Sinn déi méi domm wi mär. Oder si haaten et vläicht fun Ufank u gemmeet sou dass keng sou Fleiss-Aarbecht méi brauch gemeet ze ginn. Et aas menger meenung nou vill méi einfach ze Schaffen wann innerhalb vun den Kategorien sech alles selwer beienen sënnert Ass daat aanert keng Arbecht fir ëmmer de suivi ze maachen an dann op all Joressäit alles mat der Hand anzedroen. An souwisou maachen ech d'Arbecht do brauch keen aaneren eng Hand unzepaaken. An an e puer Deeg ass alles iwwer d'Bün an da kritt der sou vill Artikelen vu mär wéi de wëllt. Les Meloures 17:10, 31 Juli 2006 (UTC)

P.S. Der kënnt mer ier Befehler aawer och elo scho ginn, wivill Artikelen, mat wiwvill Zeilen, an bis weini färdeg. Les Meloures 17:51, 31 Juli 2006 (UTC)


Moutarde après dîner De Stamminet ass eng Plaz fir sech ze entspanen, Froe kënnen ze stellen an sech iwwert de Projet ze renseignéieren.: - Plaz fir mech z'entspanen fannen ech op menger Terrass; Froe stellen ka jiddereen op "Ech hunn eng Fro"; beim Renseignéieren iwwer de Projet hunn ech e Problem, well ech dat net verstinn.
Ech gesinn de Stamminet als eppes anescht: En Diskussiounsdësch ronderëm dee jidderee seng Virschléi, seng Kritiken, seng Meenung ka lass ginn a vun deenen Aneren duerchdiskutéiert gëtt. Dat ass also guer net fir sech z'entspanen (!!), mee eng Méiglechkeet fir säin Uleies lass ze ginn, fir seng Roserei a säi Frust iwwer eppes dat mat Wikipedia ze dinn huet erauszegierksen, a fir sech méiglegerweis z'eenegen.
Wann ech dëse Fall sollt richteg verstanen hunn: Hei war vergiess ginn, eng Iddi duerchzediskutéieren, ier ee se "ëmsetzt". Dat féiert gär zu enger onroueger Moschläimhaut. Kommt, mer maachen ee Moment de Motor aus, a loossen dem Les Meloures Zäit, fir seng Iddi virzestellen, an déi Grënn déi hien dozou gefouert hunn, dee System wëllen ze realiséieren. Da kritt jiddereem d'Geleeënheet, dozou säi Pefferkar ze ginn. Ouni dat, wat dacks genuch hei zu enger Träipeverschleppung gefouert huet, mengt de Friddensengelchen --Cornischong 17:57, 31 Juli 2006 (UTC)


Fir d'Verwënten vun den Interwikien kann een dann nach soen dass een di Kategorien déi ee Gued an enger aaner Wiki hun och kann verbannen. Wann se nit bestinn geet deen Trick nit. An sou wäit wéi ech Wikipedia am Grandgedanken verstaan hun soll ët eng Internazional Enziklopädie sinn, an wann een d'Mëttelen durzou nit Schaaft dann gët et ni eng, wéinstens nit op letzebuerger Plang. Les Meloures 18:03, 31 Juli 2006 (UTC)

Ech verstinn dat elo net. --Cornischong 18:08, 31 Juli 2006 (UTC)

Géi mol ee mer Poopst sichen an de Joeren deen 965 gestuerw ass. An daat ass nit deen eenzigen deen een nit erem fënnt. Daat waar meng Haaptursacch fir daat ganzt automatisch ze Kategoriséieren. Les Meloures 18:13, 31 Juli 2006 (UTC)

D'Alexandra huet der ruckzuck zwéi fonnt!! --Cornischong 19:51, 31 Juli 2006 (UTC)
Ech hu mol ëm mech gekuckt, ob a wéi déi "grouss" Wikipediaen domat fueren. Déi engleschsproocheg, déi spueneschsproocheg, déi däitsproocheg an déi franséischsproocheg (dat sinn 2.202.320 Stéchwierder) fuere mat deem Gebuerts- a Stiewesjoer-System (ech hunn et getest mam "Jules Verne"). Egal wéi, sech Gedanken ze maachen driwwer lount sech. Ofgesinn dovun geséich ech am léifsten, de Les Meloures erkläert eis an e puer Sätz, wat dat EIS brénge kann, a firwat elo dee beschte Moment ass. Wann ech hie richteg matkréien, fuerdert hie vu kengem eng Hand mat unzepaken, hien huet geschriwwen, den Opbau géif hie selwer maachen. Datt hie kee vun deenen ass, déi all Mount eng Kéier hei opkräizen, fir e Saz an den Afferstack ze geheien, an nees ze verschwannen, davun huet en eis eigentlech schonn iwwerzeegt, mengt d'Friddensdäiwche --Cornischong 19:14, 31 Juli 2006 (UTC)

Wat maache mer mam TuvicBot ????????????????????????????????????????????????[Quelltext änneren]

Da soen ech et emol op Lëtzebuergesch: Firwat fillt kee sech uegesprach, wann et ëm Bote geet? --Cornischong 19:58, 31 Juli 2006 (UTC)~

Ech hun e Bléck op seng Kontributioune geheit a sinn der Meenung en ass ok, hien hält sech ganz genee un déi 10 Testedit'en pro Dag an och soss ass mir näischt negatives opgefall, also ech sin dofir fir him de Segen zegin --Robby 21:40, 31 Juli 2006 (UTC)

Ech huelen unn de Cornischong huet do e Problem gesinn. Ech kenne souwisou näischt dovunn, ofgesi vun deem wat ech erkläert kritt hunn. -- Myriam 21:44, 31 Juli 2006 (UTC)

Ier mär de Kolli platzt: De Cornischong huet do kee Problem "gesinn". De Cornischong probéiert schonns eng gutt Zäitchen fir de Adminen nozelafen, datt déi sollen eng kloer Ausso maachen ob mer dee Bot unhuelen oder net! A well KEE vun den Adminen awer och nëmme mat der klenger Zéif bougéiert huet, fänken ech sou ganz lues un, mech ze froen ob d'Boten deene schäissegal sinn (da sollen se dat soen!!!!) oder ob se selwer net wësse, wat se wëllen (da sollen se dat och soen!!!). An dee Kabes spillt sech elo schonns e puermol of! Um 22.51 hunn ech den TuvicBot fir ee Mount gespaart. Da kënnen déi, déi do sollen decidéieren, sech alt ee Mount doriwwer de Kapp zerbriechen. --Cornischong 21:55, 31 Juli 2006 (UTC)

Dem Robby seng Meenung als Nët-Admin (an ech denken e kennt eppes dovunn) geet der net duer? -- Myriam 22:01, 31 Juli 2006 (UTC)

Also deelweis kann ech dem Cornischng seng Reaktioun verstoen, wëll mir hu ganz kloer eng Prozedur wou dr steet datt fir een Bot ze rgulariséieren 3 Adminen mussen d'accord sin. Juste dat gëtt elo schwierig: een daucht kaum nach op, een aneren ass elo fir 14 Deeg an d'Vakanz an da bleiwen der nach just 3 an vun denen 2 aneren reagéiert keen. Mee vläicht gëtt jo awer alles nach gudd :-)) --Robby 22:15, 31 Juli 2006 (UTC)
"Also deelweis kann ech dem Cornischng seng Reaktioun verstoen" Wat fir en Deel verstees de net? No menger Meenung (an ech hale mech dru wéi de Geck un de Bengel) geet et elo duer mat de Boten a mat deem Theater, deen haut hei iwwer d'Bün gaangen ass. --Cornischong 22:35, 31 Juli 2006 (UTC)

Den Theater ass jo awer net nëmmen iwwer de "Bot" oder esou gaangen, wann ech dat richteg verstan hunn --Myriam 22:46, 31 Juli 2006 (UTC)

Ech hunn et scho geschriwwe gehat, déi ganz Bottegeschicht ass mir eng Nummer ze héich an ech verstinn do net vill dervunner, dofir këmmeren ech mech do net explizit drëms. Ech hunn do awer kee Problem wann en Net-Admin, a dësem Fall de Robby, deen do méi Duerchbléck huet, seet wéi den Hues leeft. --βρισεισDisk 06:42, 1 August 2006 (UTC)


While checking the wikis where I applied for bot-status, I noticed this discussion, and understood from it that my bot was blocked. I'm quite puzzled about why exactly. I read the rules at Wikipedia:Bot, also the part about the three admins. (Quite weird: at most wiki's users can give their opinion, or there's a specially appointed approval group) I placed a request at the page, which had no reaction. One week later, I made a notice at the page that nobody had reacted. Another 2 days later, Robby was the only one to react, and he had me do a test-run of max 10 edits a day, which I followed. (with difficulty: I sometimes had to kill the bot to edit the loginnames, and then to start it again).

So, I don't quite see what I did so very wrong that my bot had to be blocked for an entire month. (just asking it was sufficient, I would have removed it from the botlist) Also, I see that Thijsbot! was only blocked for a week, while making no request, and making more than 10 changes a day.

Maybe someone could explain to me what I have to do now, because I'll probably miss something in this discussion. --Tuvic 10:09, 1 August 2006 (UTC)

den TuvicBot huet elo de Bot Gielchen. --Cornischong 16:15, 1 August 2006 (UTC)

Thanks. If there are ever any trouble or just for suggestions, remarks, etc: they can always be placed at my talk page. Greetings, --Tuvic 19:25, 1 August 2006 (UTC)

D'Alexandra huet der ruckzuck zwéi fonnt!! --Cornischong 19:51, 31 Juli 2006 (UTC)[Quelltext änneren]

Dann géi den Historik kucken do ass wéinsten een dervun ann deene leschten 5 Minuten dra gessat ginn. Also huet ë gefeelt virdrun. Daat elo sou séir beiflecken mecht de Bock nit vill méi fett et beweist just dass do een wëllt fuddelen a wann en da seet et stinger der 2 dran well en deen een seier derbaigeprafft huet dann ass daat ganz belleg. Les Meloures 20:14, 31 Juli 2006 (UTC)

::: "an esouguer nach en zweeten :-)) ": - Dat ass d'Zitat!! (Do sinn hanner dem Text ":-))"-Zeechen (!!!). Datt een, deen déi Zeechen hannendru setzt hei als Fuddeler dohigestallt gëtt, féiert no menger bescheidener Meenung dozou, datt et mat deem Tounfall hei séier de Schäissbierg ofgeet. Well deen do léisst kee seriöse Mënsch sech bidden! Hei ass eng Pandora-Dous opgemaach ginn, déi anscheinend nëmme Sträit mécht. Wann et esou ass, da gëtt et Zäit, datt se zougemaach gëtt. --Cornischong 20:33, 31 Juli 2006 (UTC)

Do hues de vläicht recht mee daat huet ausgesinn wéi wann di 2 emmer do gestann hätten a wéi wann ech giff spannen well ech deen nit gesinn hätt, an daat stëmmt eben nit wëll deen een war bis firun enger veirelstonn nit dran. Et waar just deen deen ech gemengt hun wéi ech gesoot et soll een en sichen do. An dann soll keen soen et stinger en der esougour 2 do nëmmen just wëll en deen aaneren no der diskussioun dragesaat huet. Et kann ee mer och elo soen daat do wiiren Kannerreine dann soen ech just di ganz Diskussion héi ass eng Kannerei.81.244.165.214 20:54, 31 Juli 2006 (UTC) 81.244.165.214 20:54, 31 Juli 2006 (UTC)~

An dat do war d'Zitat D'Alexandra huet der ruckzuck zwéi fonnt!! siehe oben. 81.244.165.214 20:58, 31 Juli 2006 (UTC)

Ok, da stellen ech déi Saach emol kloer..... Natierlech hunn ech dat alles no der Diskussioun gemacht. Deen een geännert an den aneren dra gesat. Ech wollt och domat net fuddelen, mä dëst sollt e bëssen Ironie op dat Ganzt geheien, mat mengem Text no der Späicherung sollt jo awer kloer gewiescht sinn dass dat nodréiglech gemacht ginn ass. Also ech wollt net fuddelen (geet dat dann iwwerhaapt? a firwat sollt ech dat machen? ) mä just dorobbe opmierksam machen wéi mir dat mat den Datumer bis elo gehandhaapt hunn.... an natierlech fannen ech dass mir dat och sollten esou weiderféieren.
Wann en Artikel opgemacht gëtt vun enger Persoun, geet een normalerweis dann och bei demjeenegen säin Datum a setzt dat bei. Ganz sëcher ass dat net ëmmer an net reegelméisseg gemacht ginn, obschonns den Zinneke sëch ëmmer vill méi gëtt eis Datumer ze geréieren.
Wann natierlech elo wëll een alles och nach a Kategorien setzen... ok, wéinst Menger. Mir wollte just drop opmierksam machen dass et duebel Emploi ass.... mä bon do mëcht ebe jidderee wéi e wëll a mengt.
Ech sinn awer trotzdem der Meenung dass et net schlecht wier, esour riseg Aktiounen vidrunn unzekënnegen an emol villeicht nozefroen wéi wou a wat esou hei gehandhaapt gëtt a wat mir all zesummen eng Kéier décidéiert haaten. Jidderee léisst sëch och bestëmmt mat gudden Argumenter a verstännegen Diskussioun gär och vun enger aaler Meenung ofbréngen an eng nei aktzeptéieren, et wëll ee jo och net réckstänneg bleiwen.
Na e kuerze Saz zu denen anere Wikiën: och wann .de et esou mëcht, dat heescht net dass dat bei eis och onbedéngt esou soll sinn, schliesslech seet d'Erfahrung eis, dass och déi net ëmmer alles richteg machen.
Sou... dat war meng Meenung zu dem Thema. Nach alleguer op eng gudd Zesummenaarbecht ... --Alexandra 11:20, 1 August 2006 (UTC)

Zu de Kategorien[Quelltext änneren]

Wann de Cornischong mengt ech soll eng Erklärung der zou aafginn dann wëll ech daat heimat maachen :

1) De Kategoriesystem wéi ën a Wikipedia besteet, an wéi ën vun deenen grousse Wikien ugewandt gët huet jo doudsëcher eng Ursaach, soss wier ën nir an deeër Form opgebaut ginn. Do hunn sëch doudsëcher méi clever Männercher, an och nit nëmmen sou ee Grapp voll wi déi puer Letzebuerger de Kapp driwer zerbrach.

2) An aneren Wikien ginn ët ganz genau Gebrauchsuweisungen wéi een soll mat de Kategorien ëmgoen, do steet och derbei dass d’Sich innerhalb vun Enzklopädi einfach soll sinn . Am Kloertext : Wann ech no engem B¨schof sichen dann soll deen an anger Kategorie vun de Bescheef stoen. Wann dee B¨schof och nach Popst an Thelolog a Professer waar soll en och an deene stoen, an wann en gleichzäitig och nach Kurfürst war soll ën aoch nach bei den Fürsten stoen.

3) An Sënn vun der Sich no Geburtsdatumen oder Doudesdatummen musse en kënnen direkt an déi Katogory siche goen déi daat renseignéiert (an nëmmen daat) oni dass een muss op enger Séit vun uewen bis ennen bliederen fir et ze fannen.

4) Wann ee mengt daat wir iwwerflësseg da kan ech ëm nömmen just soen dass esoulanng wéi eng Katogorie op hierer richtiger Plaatz steet souguer wann se eventuell een doublen Emploi mat eppes mecht waat vläicht daat selwecht kann brengen ass nach guer néischt falsch derbäi. Léiwer eng zevill wéi eng nit genug.

5) Wann ech sou di Meenungen héieren dann hun ech ëmmer d’Impressioun wéi wann mer Plaatz missten spuren.

6) Durch richtig Kategorisation kann een sech ee ganze Batz aaner Sënneraarbechten spueren an et huet een keng Lëschten do stoen mat 99 % rouden Linken. Wivill Aarbecht hun déi kascht.

7) Do hun ech als Prinzip dass ech z.B. neischt verlinken wann ech denken dass souwisou ni een Artikel dervun gemeet gët. Ech verlinken déi Saachen wou ech denken och dën Artikel derzou ze schreiwen wann et en nach nit g ët.

8) Dann hunech am Allgemengen sou d’Meenung wéi wann di aaner Wiken villen läit onsympathisch sinn. Daat gesinn ëch un de Froen déi alt häinsdo mol gestallt ginn. Wann déi Léit mol giwwen an eng franséisch oder eng däitsch kucke goen dann wir d’Fro iwwerflësseg an di Zäit fir do ze äntwerten kéint och gëholl ginn fir un Artikelen ze schaffen. An mat all deem Geschraiws elo hei wiren der och 3 oder 4 färdeg.

9) Wann een mengt daat giww och vill Zäit ewechhuelen da soen ech daat hei : Wann ët elo ordentlich gemeet gët an an Zukunft och an deem Sënn gehandhabt gët da kënne mer nömmen Zäit spueren, an da faalen di puer Stonnen Aarbecht déi et elo Kascht nit an d’Gewicht.

10) Et kéint jo och mol sinn dass een fun deen ganz groussen op Wiki ons un d’Härz ging leeën vir e bösselchen mat hinnen an der Kategorisation glaichzeschalten. Waat maache mer dann. Durfir ass et menger Meenung bësser et elo ze maachen wéi wann mer nach mei Artikelen erëm ze sichen hun.

Les Meloures 20:20, 31 Juli 2006 (UTC)~
Salut "Les Meloures", also ech géif mengen ech wier am allgemenge relativ ëmgänglech, mee do fänken ech och elo un d'Gielzecht ze kréien. Kategorien organiséieren: OK sinn ech komplett mat d'accord. Mee wa mer awer soss näischt méi maache wéi eis just nach streiden wat, wéi, wisou an eng Kat soll kommen an iwwerhaapt a souwisou, da weess ech och net méi. An ech weess jo net wéilaang s de un engem Artikel schreifs, mee ech brauch heiansdo zimmlech laang well ech vu verschiddene Quellen eppes valabeles wëll zesummekréien. Dovun ofgesinn, weess ech och net op d'Leit wierklech ëmmer no der Kat siche goen, ech denken (Jo si si wichteg), mee wann een eppes iwwert en Thema sicht, sicht en et direkt. (Nach eng kleng Pick niewebäi: niewebäi: net nëmmen d'Kategorien, mee och d'Rechtschreiwung an d'Grammatik ass wichteg). Näischt fir ongutt -- Myriam 21:33, 31 Juli 2006 (UTC)
"also ech géif mengen ech wier..." Also ech géif unhuelen, datt et mer virkéim, wéi wann ech net kéint ausschléissen, datt dat do liicht onkloer war :-] --Cornischong 22:50, 31 Juli 2006 (UTC)
Sou dann och eng läscht Umierkung vu ménger Säit zu dem Thema: Ech fannen et gudd wann iwer de Sujet emo luerz diskutéiert gëtt ier e puer dausend Kategorien krééiert ginn. Ech hu mir deen System mat de Kategorien gebuer a gestuerwen kuurz ugekuckt a sinn nët begeeschtert (mee et sief)... dann ass mir och opgefall datt et wuel och an anere Wikien Leit gëtt déi d'Fro stellen ob een dann nët villes aus den Jores- an firwat nët och aus den Dagessäiten (Bsp. 31. Dezember) an eng eegen Kategorie misst bäisetzen (Bsp. gebuer 13. Dezember oder Evenementer 1703). Trotzdem ech hunn keen prinzipielle Problem domat fir déi Kategorien bäizesetzen, mee ech géif et begréissen wann méi Leit hire Pefferkäer géifen bäidroen. --Robby 22:30, 31 Juli 2006 (UTC)
Jo d'Preisen hunn eng Kategorie Gebuer/Gestuerwen etc. Si hunn och eng Kategorie fir d'Natioun (Däitschen, Fransous...), an eng fir d'Geschlecht (Mann, Fra). Iergendwéi wat dat vun Ufank un dem Cornischong a mir e bëssen zevill, a sou hu mir dat ewechgelooss. Ech inspiréiere mech gäeren an oft un anere Wikien, wann ech fannen datt et eppes bréngt (z. B. eis Haaptsäit gouf vum Design hir och vun de Fransouse geklaut, vill Hëllef-Säite si vun hirer Opmaachung 1 zu 1 däitsch Kopien etc.). Verschidde Saache sinn awer an anere Wikien üblech, déi bei eis ni esou wierklech Amateure fonnt hunn. Verschidde Saache wore fir eis kleng Lëtzebuerger vläit och aneschters logesch a woren deementspriechend aneschters wéi bei eisen Noperen. Ech fannen et eng gutt Iddi datts du, Les Meloures, wëlls Saache verbesseren, an d'Kategorien e bëssen opraumen, do soen ech näischt dergéint. Bei drasteschen Ännerungen ass et allerdéngs vu Virdeel, als éischt am Stamminet e Wuert ze soë wat ee virhuet. Ech erënnere mech nach un d'Chronologiessäite-Revolutioun wou mer am Endeffekt zu zwee Onbedeelegter iwwer 200 Säite manuell geännert hunn, well den Auteur vun der Iddi keng Zäit/keng Loscht (wat wees ech) méi hat. An dat ass onnëtzen Zäitopwand.

--βρισεισDisk 06:50, 1 August 2006 (UTC)

Dann nach ee wuert zu der viller Aarbecht op Wikipedia[Quelltext änneren]

Bis elo hun ech nach ëmmer meng Artikelen zimmlich am Alleingang gemeet an ët waaren och zu 90% méi wéi nëmmen 4 Zeilen. Meng Tableauen hun ech op aaneren Wikien gekneipt an se dann fir eise Bedarft zesummegebastelt. Ech hun mech och domat stonnelaang geplot a kengem aaneren Zäit geklaut. Also iwwer vill Aarbecht an vill Zäit op wikipedia brauch kee mer ze schwëtzen. Ech hunn och nach ëmmer wann ee mech eppes gefrot huet esou séier wéi méiglich geäntwert waat aaner Léit hei iwwerhaapt nit färdeg brengen.

Ech maachen daat och nach wéider wëll op de Kategorien verdingen ech och kee Waak. Les Meloures 21:25, 31 Juli 2006 (UTC)

Näischt fir ongutt, mee ech denken déi aner maachen dat och esou. Déi eng méi, déi aner manner, wéi se grad Zäit a Loscht hunn. Schliisslech leeft dat hei jo nach ëmmer op fräiwëlleger Basis. Also géif ech soen: Merci fir all déi déi Zäit hei investéieren, ob et der elo vill oder wéineg ass. Myriam 21:38, 31 Juli 2006 (UTC)

Ech géif mengen ech géif soen[Quelltext änneren]

Ech weess net d'Welt ass emol erëm eng Kéier veréckt ginn. An: Ech géif mengen, ech géif soen, ech denken ...... dat hänkt mer iergendwéi zum Hals eraus. Ech frée mech elo schonn: lo kréien ech erëm eng op den Deckel, mee éierlech ....--Myriam 23:03, 31 Juli 2006 (UTC)