Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/August

Vu Wikipedia

Haut den Owend ...... an esou weider! Géint siwe sinn der schonns do. --Cornischong 07:18, 3 August 2007 (UTC)

Opléisung vu Photoen[Quelltext änneren]

Soll ee beim Eropluede vu Photoen d'Opléisung esou héich wéi méiglech loossen, oder se erofsëtzen fir Späicherplaz ze spueren ?

Wéi gesäit et aus wann een e Wierk vun engem Kënschtler photographéiert dat permanent dobausse steet an dës Photo ënner der Lizenz "fair use" eropgelued. Muss dann d'Opléisung méi niddreg gemmaach ginn? Oder kann dat och ënnert enger anerer Lizenz verëffentlech ginn? --Fliedermaus 08:02, 6 August 2007 (UTC)

Salut. 't ass net einfach eng "wëssenschaftlech" Äntwert ze ginn: An der Zäit ass op der de-Wiki "Späicherplaz gespuert" ginn, an haut hu se Timbre vu 25 KB, déi nach just gutt genuch si fir d'Leit fäerten ze doen. Ech "mengen", eng Gréisst vun ca. 1 MB mat voller Opléisung misst et bréngen. Bei Biller vun 3,... MB kéinten der e puer Asthma kréien. --Cornischong 12:30, 7 August 2007 (UTC)
Wa mir eis e Bild ukucken mat [[]] gesi mer e Bild wat mat maximal 800 x 600 px ugewise gëtt, egal watfir eng Opléisung d'Bild ursprünglech huet. Wa mer dat selwecht Bild an en Artikel abauen, da gëtt et souguer nach méi reduzéiert (evt. op 500px oder souguer nach méi). Bei all Reduktioun falen awer Détailer vum Bild ewech, sou dass et ka virkommen dass e Bild mat ville klengen Detailen herno verschwommen oder onschaarf schéngt obschonn et mat enger ganz héijer Opléisung fotograféiert gouf.
Duerfir huet et kee Sënn fir Fotoen an héijer Opléisung eropzelueden. Menger Erfahrung no soll e Bild e Minimum vun 800 x 600 Pixel hunn. Ideal wier 1280 x 960 Pixel. Ech betounen awer dass ech vläicht e passionnéierte Fotograf awer kee Spezialist an der Digifotografie sinn. --Pecalux 14:29, 7 August 2007 (UTC)

Salut,

Merci fir är Äntwerten.

OK, ech kucken da fier keng Photo vun 3-4 MB méi eropzelueden. Meng lescht zwou Photoen (an den Artikelen (Gilberto Simoni an Axel Merckx ze gesinn) hunn nëmmen 400-500 KB wëll se aus méi enger grousser Photo erausgeschnëppelt goufen.

Bon ech gesinn nach ëmmer net kloer wéi dat mat den droits d'auteur ass:

  • Et gi Sportler déi Agencen hunn fir hier Biller ze kommerzialiséiren. Ech wees duerfir net genee wat fir eng Lizenz ech soll bei d'Photo setzen fir an der Réi sinn.
  • Da wier nach dat mat de Konschtwierker wéi Skulpturen déi permanent ënner fräiem Himmel stinn. Muss do eng fair-use-Lizenz geholl ginn, oder geet et och mat enger anerer?

Ech selwer bestinn net op droits d'auteur, mä de Problem ass deen, datt eng aner physesch oder moralesch Persoun kéint esou Rechter hunn op deem wat ech photographéiert hunn.

De Pecalux schreift "Menger Erfahrung no soll e Bild e Minimum vun 800 x 600 Pixel hunn. Ideal wier 1280 x 960 Pixel.". De Rapport vun der Längt zu der Breet vun der Photo wier jo dann 4:3. Huet dat eng Ursaach? Oder wier et net besser e Rapport vun 3:2 ze huelen wann et méiglech ass?

--Fliedermaus 15:42, 7 August 2007 (UTC)

Rapport 4:3 oder 3:2.
Ech hunn de Rapport 4:3 nëmmen ugi well déi meescht Digital-Kameraen hautesdags dëse Rapport knipsen a well ee normalerweis d'Opléisung vum Fotoapparat duerch d'Wiele vu Pixelzuel/Breet x Pixelzuel/Héicht astelle kann. Mee de Rapport ass eigentlech egal op der Wiki. --Pecalux 16:51, 7 August 2007 (UTC)

Projet vum Mount[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Ech well heimatter e Projet proposéieren bei deem jidderree matschaffe kann. E betrëfft eis direkt Noperschaft d'Areler Land. Fir ze wësse water Artikelen et schonns gëtt kuckt Kategorie Areler Land. Fir de Moment bleiwen op der Lëscht vun den Uertschaften am Areler Land nach eng Hällewull ze beschreiwen. Och eng Parti Artikelen iwwer Naturschutzgebidder am Areler Land stinn nach op. Kuckt dofir an den Artikel Parc Naturel de la Vallée de l'Attert.

Kommentären iwwer de Projet oder aner Propose fir e Projet vum Mount sinn erwënscht. Les Meloures 13:01, 6 August 2007 (UTC)

Gudde Moien. Hei meng Meenung zu dengem Projet vum Mount. (Dat selwecht gëlt och fir dem Cornischong säi Projet vun der Woch iwwer den Ingmar Bergmann).
Ech hu näischt derdergéint, wann Dir e Projet vun der Woch oder vum Mount hei an d'Fenster stellt. Ech hunn awer eppes dergéint wann Dir deenen aneren wëllt octroiéieren watfir Artikelen se solle schreiwen. Ech perséinlech, ech widderhuele mech, schreiwe nëmmen Artikelen wann:
1. ech Zäit hunn,
2. ech Loscht hunn,
3. ech Zäit genuch a Loscht hat fir en Artikel anstänneg ze recherchéieren,
4. et en Artikel ass dee mech intresséiert a wou ech evt. e bëssen eppes dervu verstinn.
Ech wënschen Iech trotzdeem vill Succes mat äere Projeten. --Pecalux 13:36, 7 August 2007 (UTC)

Lëtzebuergesch Wikibooks[Quelltext änneren]

While looking through all the Wikis currently run by Wikimedia to find those which are only used by spambots, I came across the Lëtzebuergesch Wikibooks. That one was created in 2004, but so far did not get any real activity. If there is still noone from the Lëtzebuergesch community interested in working on a Wikibooks, I will propose that one to be closed for the time being - it can be reactivated later when there editors for it. Ahoerstemeier 11:07, 8 August 2007 (UTC)

Iwwer Afen, Adleren an Emmerdeuren[Quelltext änneren]

No deem Getricks mat dem Afenadler, dee guer net esou heescht, deen hei d'Zäit "gräife" kënnt, wäert an nächster Zäit all Pseudoartikel, dee mär virun d'Aeliicht kënnt, direkt geläscht ginn. Ob et eppes bréngt, fir op all Kéipchen en "iwwerschaffen"-Stempel ze pechen ass eng aner Fro. Mat deem Stempel kritt anscheinend "en aneren" de Staffelbengel an de Grapp.

Grouss oder Kleng ?[Quelltext änneren]

De Problem mat der Grouss- a Klengschreiwung am Numm vu Federatiounen, Vëloscourssen, Schoulgebäier, Institutiuonen ... hat ech scho méi dacks. Net rar ännert dat vu Publikatioun zu Publikatioun. Mee wat ass da richteg a wat ass falsch? Ech hunn d'Impressioun dat meeschtens déi Persoun déi den Text just schreift, esou schreift wéi et him an de Kapp kent. E Linguist, e Graphiker an en Technokrat hu warscheinlech verschidden Meenungen wei een den Numm schreiwe soll.

Thoreretesch misst een sech jo op d'Statuten baséieren, wéi se am Mémorial publizéiert goufen. Abbee, do steet bei der Statutenännerung vun der FLDE déi 2007 am [Mémorial] publizéiert gouf:

Art. 1 er . La société porte la dénomination FEDERATION LUXEMBOURGEOISE DES ECHECS, en abréviation «FLDE», association sans but lucratif.

Da misst een dat jo "FEDERATION LUXEMBOURGEOISE DES ECHECS" schreiwen, oder net?

Ech froe mech ob et net am beschte wier fir bei all Federatioun den éischte Buschtaf vun all Wuert (ausser "de", "des", "du", "et" ...) eenheetlech grouss ze schreiwen an de Rëscht kleng, aplaz bei all Federatioun an honnert Dokumenter sichen ze goen an dann nach net ze wëssen wéi et da richteg ass.--Fliedermaus 17:01, 10 August 2007 (UTC)

Salut,
De Mémorial schéngt sech selwer net eens ze sinn. Als Iwwerschrëft steet do:
FLDE, Fédération Luxembourgeoise des Echecs, Association sans but lucratif.



op der Websäit vun der Federatioun steet Fédération luxembourgeoise des échecs
Solle mer elo de Frang geheien
Les Meloures 17:20, 10 August 2007 (UTC)


Salut,

"op der Websäit vun der Federatioun steet Fédération luxembourgeoise des échecs" Richteg, mee och "© 2007 Fédération Luxembourgeoise des échecs".

Am Mémorial gëlt dat wat am Artkel 1 steet.

"Solle mer elo de Frang geheien". Misst een net schon e Wierfel hu bei all deene Méiglechkeeten?

Ech hu jo e Virschlag fir eng allgeméng Léisung gemaach. Et ka jo sinn dat nach een oder den aneren en anere Virschlag huet.--Fliedermaus 17:35, 10 August 2007 (UTC)

Jo, jo, hei, ech: Mar kucke mer no dem Originalnumm vum Escher Schachclub, an iwwermar no deem vun de Bouneweeger, .......--Cornischong 20:58, 10 August 2007 (UTC)
1. Domm Bemierkunge bréngen eis net weider.
2. Wa mer schonn Titelen a franséischer Sprooch acceptéieren, well dat evt. den offiziellen Numm vum Veräin ass, da kinnte mer eis jo un de Konventioune vun eise franséischsproochege Wiki-Komeroden orientéieren. Déi schreiwen alles kleng ausser dem éischte Buschstaf an de Nimm. Kuck hei.
3. Musse mer net och un deen denken, deen op eiser Wiki eng Informatioun sicht? Beispill: De (Jemp) sicht Informatiounen iwwer d'lëtz. Schachfederatioun. Da gleewen ech net dass hien an d'"Sichen"-Këscht schreift: "Fédération luxembourgeoise des échecs", mee éischter "Schach". Ech well domat soen dass déi néideg Redirecte musse geschaf ginn fir de (Jemp) op déi Säit ze lotsen, déi hien intresséiert. Meeschtens ass et jo esou dass all Organisatioun säin offizielle Numm huet, awer kee Mënsch dëse Numm kennt oder benotzt. --Pecalux 05:47, 11 August 2007 (UTC)


Ma dat klappt wonnerbar
Ech hunn an der Sichkëscht Schach aginn an du koum ech och op d'Säit Schach, an ënnen op deeër Säit ass ee Kapitel Kuckt och an do steet e Link op d'Federatioun. Les Meloures 06:24, 11 August 2007 (UTC)
Ma da kann ech jo berouegt sinn. --Pecalux 07:17, 11 August 2007 (UTC)
"Domm Bemierkunge bréngen eis net weider." 't ass genee dat, wat ech mer och geduecht hunn; soss hätt ech net ugefaangen, d'Nimm vun de Clibb mol endlech am Artikel à jour ze setzen, wat zënter engem halwe Joer kee gemaach huet. --Cornischong 07:47, 11 August 2007 (UTC)

Eng Koppel Pefferkären[Quelltext änneren]

"Category:Uertschaften am Arrondissement Épernay" gouf geläscht" liesen ech bei 17.58 Auer. An als Erklärung "-> Keen Ënnerscheed mat Arrondissementer)". Ech verstinn dobäi e puer Saachen net. Zënter e puer Méint krepéiert sech de Les Meloures mat franséischen Uertschaften, Gemengen, Arrondissementer an deeës Geméch. Wéi ass et ze verstoen, datt "op eemol" d'Briséis op deeselwechte Vëlo spréngt, an dobäi an eng aner Richtung pedalléiert? Ouni een eenzegt Wuert vun Erklärung fir deen, dee sech, wéi scho gesot, zënter enger gudder Zäit domat krepéiert. Datt et dann esou wäit kënnt, datt "gouf geläscht" do steet an et sech anscheinend domat soll hunn. Mee, verstéi kee mech falsch; virun enger Zäitchen hunn ech et beklot, datt eng Iwwermooss vun Edite sech exklusiv ëm Kategorien an ëm administrativ Ënnerdeelunge vu Frankräich dréit, ofgesi vu Gelinks. - Haut huet een, deen nach net vill Artikele vu sech ginn huet, ugefaangen, Schantercher zouzemaachen, déi him anwscheinend ze laang op waren. Neen, neen, net fir dru weider ze schreiwen, ma jëmmen a gewëss. Aus Rücksicht op esou Fäll hunn ech léiwer mol meng Schantercher de presséierte Schreiwer zougänglech gemaach. Ech hat elt geduecht, wann deen nëmmen eppes mécht, wann en Zäit huet oder wann e Loscht huet, "da méchst de dat och esou an du hëls der Zäit fir Artikelen". Ech déit besser drun, meng Arbechtsmanéier de Schantercheskréimer hiren Tournéeën upassen a mäi Geschreifs méi kuerz faassen. Da fält et manner op. --Cornischong 23:23, 15 August 2007 (UTC)

Droit de réponse[Quelltext änneren]

Haut huet een, alt nees eng Kéier, eng gutt Geleeënheet verpasst fir sech net ze blaméieren: Virunn e puer Méint huet deeselwechte Mataarbechter sech hei beschwéiert dass verschidde Schantjensschëlter ze laang am Artikel stéingen an doduerch potentiell Auteuren géifen ofhalen. An elo beschwéiert e sech dass ech Schantercher (dat sin der méi) zoumaachen. Tatsach ass, dass ech just 1 (een) Schantjen zougemaach hunn. Mee leider war et een, deen de Cornischong virunn 66 Deeg opgemeet hat a warscheinlech vergiess hat. Fazit: Op der lb:Wiki däerfs de a sollst de alles verbesseren wat kann oder soll verbessert ginn, awer looss d'Fangeren ewech vum Cornischong sengen Edits. Deen Här ass net frou wann en an de Frack getrëppelt kritt. --Pecalux 04:23, 16 August 2007 (UTC)


Wosst Dir schonns...[Quelltext änneren]

...datt mer op eiser Haaptsäit, am Géigesaz zu deene meeschten anere Wikie, keng Rubrik Wosst Dir schonns... hunn, déi d'Leit virwëlzeg maache sollt?

Kuckt emol déi heiten Diskussiounssäit an natierlech déi Säit, déi ech derzou gezwafft hunn.

Avis aux amateurs...

--Zinneke 17:03, 17 August 2007 (UTC)


Wopen ouni Schniewel a Féiss[Quelltext änneren]

Op mengem Trëppeltour duerch d'Wikie sinn ech op eppes geckeg Interessantes gestouss: An der de-Wiki op de Lemma "Merlette", deen net interwikiverlinkt ass. Als Beispill steet de Wope vun der lëtz. Gemeng Hengescht op deem souguer zwou deeër Déngen drop sinn. An awer stinn déi och an der en-Wiki ënner "Martlet". Iwwregens ass den Text an de de-Wiki e bësse "komesch" am Verglach mat deem aneren. Weess doriwwer ee méi???? Gëtt et vläicht e lëtzebebuergescht Wuert fir déi Saach? --Cornischong 20:59, 17 August 2007 (UTC)

Salut,

Aus der Banque du blason

Merlette: - Petite figure représentée par un oiseau stylisé, vu de profil et dépourvu de bec (à partir du XVe siècle) et de pattes.

Mer si leider net ganz dichteg an den heraldeschen Ausdréck op lëtzebuergesch. Eng Merlette wier jo eng kleng Mäerel. Les Meloures 21:07, 17 August 2007 (UTC)

Gemengen a Frankräich[Quelltext änneren]

Bonjour,

Ech hunn de Moie bei engem kuerze Besuch op der Wikipedia festgestallt datt an den Artikele vu franséische Gemengen nei Informatiounskëschte gebraucht ginn.

Ech ka mer virstellen dat do een oder e puer sech eng grouss Aarbecht op de Bockelgeluecht hunn fir déi all z'änneren.

Ech wollt just bemierken datt mer eppes, aussser der Faarf, net sou gutt un den neie Këschte gefällt. Dat ass datt bei de Gemengen d'Fläch a km² ausgedréckt gëtt.

Wann d'Wiki och fir normaldenkend Leit soll sinn, ass op deem Niveau d'Ugab vun ha gebräichlech.

Kleng Propriétéite ginn an Aren ausgedréckt, méi grousser wéi d'Fläch vu Bauerebetriber a Gemengen an ha. Am allgemengen gëtt eréischt vun engem Niveau vun iwwer 10.000 ha a km² gerechent. Dëst huet dermatter ze dinn datt eréischt bei méi grousse Flächen, d'Plazen hanner dem Komma net méi sou an d'Gewicht falen.

Meng Zäit erlaabt mer leider net méi dacks op der Wiki present ze sinn, mee d'Pensioun kënnt doutsécher eng Kéier, an da kann dat sech änneren. Bis dohinner wënschen ech de Mataarbechter vun der Wiki nach vill Courage an Ausdauer. Pierrenilles 06:00, 19 August 2007 (UTC)


Gudde Moien,
Zwou Saachen hunn ech just ze soen:
1) Ech fannen dat de Pierrenilles dat richteg gesäit. Et ass kee Mënsch am ganze Land dee seet d'Gemeng huet 1,7 km². Wann do steet 170 ha ass dat fir jidderee fläissend liesbar an e brauch sech och net am Kapp ëmzerechne wéivill ha dat sinn. Wa mer net schreiwe wéi d'Leit et gutt verstinn ass d'Saach ëmsoss.
2)Ech mierken datt elo an de Këschte vun de Kantonen nees eng Ännerung gemaach gouf a guer keng Informatioun doriwwer gemaach gouf. Fir mech ass d'Saach an deem Fall ganz kloer. Do wëllt een d'Wiki am Alleingang vun ënne bis uewen ëmkrempelen. Ma da soll en dat maachen. Ech hunn elo eng 200 Artikelen déi ech mer Word vibereed hat fir se eng Kéeir Nuets beieneen eran ze setzen elo fir zweet ëmgeännert. Eng drëtte Keier maachen ech dat net méi an hunne se dofir och elo all geläscht, an ech paken déi och ni méi unn. Iwwerhaapt mellen ech mech net méi op der Wiki bis dee ganzen Zirkus do fäerdeg ass. Les Meloures 08:01, 20 August 2007 (UTC)

A genee dofir gëtt ët 1. Templates, fir datt esou Saachen nëmmen nach eemol musse geännert ginn, an net an 120 Artikelen. A genee dofir ersetzen ech an alllllllllll Artikel déi statesch Këscht duerch eng Template. Wisou d'Saachen a km2 do stinn ass ganz einfach, den Template ass vun de Fransouse geklaut, a si hunn alles a km2 gehat. --βρισεισDisk 14:47, 20 August 2007 (UTC)

Iwwer den Autismus an de Sout[Quelltext änneren]

Ech liesen aus dem Les Meloures sengem Text vun uewendriwwer eng ferm Roserei eraus. Op watfir eng Ännerung hie sech berifft, weess ech net, mee:
Et sinn a leschter Zäit vill ze vill Aktioune gelaf, déi eng grouss Reperkussioun op de Contenu vun der lb.Wiki hunn, an déi ouni datt deen, deen dat lancéiert huet, Récksprooch mat iergendengem geholl hat. Mer hate viru kuerzer Zäit e komesche Vull hei am Asaz, deen och wollt d'Wiki-Welt bonzënne-bonzuewe stellen ouni sech ëm de Rescht vun der Welt ze këmmeren. Wéi dee gesot krut, mer déite besser, mol deenen aneren hir Meenung ze liesen, huet en de Beleidegte markéiert an d'Dier gejummt. Mer (naja) hunn a leschter Zäit méi wéi zwee Drëttel vun den Editen ufranséisch Arrondissementer, Regiounen, asw. gehaangen. Dat wier vläicht ze verwuëssen, mee dat Gedeesems mat all halleft Joer dat Ganzt nees ëmkniwwelen kann net produktiv sinn. Nodeems ech et schonns e puermol hei ernimmt hunn (!!!) wonnert et mech, datt dat alles sou autistesch iwwer d'Bühn geet. "Ma da soll en dat maachen." mengt de Les Meloures. Neen, mengt de Cornischong: Bei Saachen, déi wichteg Deeler vun der lb-Wiki änneren, muss et méiglech sinn, dat kuerz virzestellen an deenen aneren, d'Méiglechkeet ze ginn, hire Pefferkär ze schreiwen. Wa mer dat net fäerdeg bréngen, da gëtt et sou lues quokeleg, fir et emol ganz diplomatesch auszedrécken. --Cornischong 08:26, 20 August 2007 (UTC)

Iwwer Skizzen[Quelltext änneren]

Iwwer ee Joer, nodeems d'de-Wiki mat de "Skizz"-Këschtercher opgehalen huet, goufen hei nach Dausende Billercher dra gesat. (Ee vun deenen, déi dat an Dosene vu Stonnen (!!) wollten duerchzéien, huet iwwregens duerno de Rescht Geescht opginn.) Datt eppes, dat zwéi Sätz huet, kenn Artikel ass, mee eppes wéi eng Skizz, liicht dach deem Leschten an. Ech hunn elo net gefuerdert, déi Billiskëschtercher sollen an engem Dosene-Stonnen Amoklaf geläscht ginn!!! Ech froe just, ob dat Déngen do soll weidergefouert ginn, an net no an no, bei Geleeënheet, soll an de Lokus trëppelen. --Cornischong 08:43, 20 August 2007 (UTC)

Aus genee deenen Iwwerleeungen - dass jidderengem misst aliten, datt en "Artikel" aus just 2 Sätz roueg zu engem "richtegen" ausgebaut ka ginn, an et dofir net néideg ass, dat extra dohinner ze schreiwen - hunn ech zënter enger Zäitchen déi Këschtelchen ewechgelooss, wann ech zB Kuerzbiographien um Fléissband geschriwwen hunn, fir Lëschte manner rout ze hunn.
A wéi de Cornischong wëll ech prophilaktesch dokumentéieren, datt déi Artikelen, déi esou eng Skizze-Këscht hunn, dës roueg behale sollen (et sief, et baut een de Artikel esouwäit aus, datt se hir Daseinsberechtegung verluer huet) an elo kee sech opgefuerdert fille soll, déi all erëm ewechzemaachen.
-~Zinneke.

Änneren op der lëtzebuergescher Wikipedia[Quelltext änneren]

Sou lues hunn ech es och genuch. Egal wat een hei mécht, ass ët falsch. Eng Template asetzen, well dat d'ganz Saach ëmmer méi einfach mécht, fir datt z.B. all Këschten zu engem Thema d'selwecht ausgesinn, amplaz iwwerall de komplette Code vun enger Tabell ze kopéieren, deen ee mol net onbedéngt versteet, nee. Ordnung a Kategorie maachen, déi schlëmmer wéi net opgeraumt sinn, nee. Alles dat ass ni gutt genuch. Ausser ët sicht ee sech wierklech eng Kategorie eraus, wou och sécher keen aneren sech dofir intresséiert, dann ass alles erlaabt. Änneren op der Lëtzebuerger Wikipedia ? Ëm Gottes wëllen, direkt fillt sech ee getraff. Änneren ass op all Wikipedia dat normalst vun der Welt. Datt och Këschte sech änneren, ass och genee sou normal. Op all Wikipedia. Ausser bei de Lëtzebuerger. Jiddferee kacht seng Zopp, a gare la mine een anere mengt e wéilt hëllefen. Da gëtt een nëmme vernannt, alles ass Schissi, Kaarte sinn ze grouss, awer am gläichen Otemzuch kënne Fotoe vu Kierchen net grouss genuch sinn.

Dat bréngt entweder Leit, déi net laang derbäi sinn dozou, iwwerhaapt näischt méi ze maachen, si trauen sech jo emol net, si gi souwisou nëmmen ugegranzt. Oder Leit, déi ewell ganz laang derbäi sinn, an déi wierklech gäeren eppes op der Wiki bastelen, nëmmen nach an hirem eegene Rayon ze wurschtelen, fir datt se jo kengem op d'Féiss trëppelen. Datt Kategorie wéi Groussbritannien dobäi fuerchtbar ausgesinn, mir soll ët egal sinn, ëmmerhinn kéint jo ee mengen, en hätt dat fir sech beusprocht, also loosse mer et einfach sinn, a bleiwe bei de franséische Revoluzzer, déi keen interesséieren, a wou een änneren däerf !

--βρισεισDisk 15:15, 20 August 2007 (UTC)


Ordung a Kategorie maachen déi méi schlëmmer wéi net opgeraumt sinn, nee.[Quelltext änneren]

Hei hannen drun da just ee Beispill vum Kategoriebaam bei de franséischen Uertschaften wéi e bis virun e puer Deeg war.

  • Uertschaften a Frankräich, no ënne weidergeleet op
    • Uertschaften an der Regioun xxx, no ënne weidergeleet op
      • Uertschaften am Departement xxx, no ënne weidergeleet op
        • Uertschaften am Arrondissement xxx.

Lo stellen ech d'Fro: wou ass do d'Onuerdnung.

Fir de Moment kréie Gemengen d'Kategory Uertschaft ewech geholl obschonns decidéiert gouf datt wann d'Gemeng net ausschliislech eng Gemeng mat engem aneren Numm ass, se och soll d'Kategorie Uertschaft kréien well et ass jo eng.

D'Direktiven op den anere Wikie sinn fir een Artikel an déi niddregst Kategorie ze setzen.

Awer wat maache mir ? Mir setzen se an déi niddregst an nach an déi uewendriwwer an déi se jo souwisou weidergeleet gëtt. Do stett da mir d'Logik.

Op d'Këschte kommen ech an 10 Minuten zréck. Les Meloures 16:03, 20 August 2007 (UTC)

Kantonskëschten[Quelltext änneren]

Canton de Clisson
Land: Frankräich
Regioun: Fichier:Wopen-Pays-de-la-Loire.png Pays de la Loire
Departement: Loire-Atlantique
Arrondissement: Nantes
Gemengen: 7
Haaptuert: Clisson
Awunner: 18.389 1999
Fläch: 123,96 km²

Fir de Moment hu mer dräi Zorte Kantonskëschten. Ech hun vun all Zort eng hei dra geknäipt.

Déi éischt war emol esou gemaach ginn nodeems gefrot gi war fir en Template ze kréien, awer kee Mënsch reagéiert huet.

Dunn huet D'Farw engem net gefall an och d'Tatsach datt et keen Template war.


Dat ass dann alles schéin a gutt awer an deenen 150 Kantonen déi scho mat dem éischten neien Template gemach Goufe geseet dat elo esou aus:

Template[Quelltext änneren]

Du gouf en Template gemaach (Këscht Nummer 2) dee gesouch dunn esou aus:

{{{Numm}}}
Land Frankräich
Regioun {{{Regioun}}}
Departement {{{Departement}}}
Arrondissement {{{Arrondissement}}}
Gemengen {{{Gemengen}}}
Code cantonal {{{Code}}}
Chef-lieu {{{Chef-lieu}}}
Fläch {{{Fläch}}} km²
Bevëlkerung {{{Bevëlkerung}}} Aw.
({{{Bevëlkerungsdatum}}})
Dicht {{{Bevëlkerungsdicht}}} Aw./km²














Neien Template[Quelltext änneren]

Duerno gouf an deem Template eng Ännerung gemach an den Template gesäit elo esou aus:


a
Land Frankräich
Regioun a
Departement a
Arrondissement(er) a
Zentralbüro a
Gemengen a
Kantonscode  a
Fläch  a km²
Awunner  a (1999)





Dat ass alles schéi a gutt awer an deene Kantonen déi nach mat der Versioun virdru gamaach goufe gesäit et elo sou aus. Et gesäit e gutt datt d'Awunner zuel veschwonnen ass.


Canton de Delle
Land Frankräich
Regioun Franche-Comté
Departement Territoire de Belfort
Arrondissement(er) Belfort
Zentralbüro Delle
Gemengen 10
Kantonscode  90 02
Fläch  23,2 km²


Wann dat keen Duercherneen ass da froen ech mech wat es ass. Les Meloures 16:30, 20 August 2007 (UTC)

Dovunner ogesinn datt d'Fläch virun der Awunnerzuel steet wat u sech net sou wichteg ass, just deen deen d'Artikel mécht, an d'Donnée bei d'Fransouse knäipe geet neit méi einfach Rei fir Rei ofschreiwe kann, mee all Kéiers muss oppassen datt e sech net verhaspelt.
Den Iesel deen bis elo ronn 1200 deeër Artikele gemaach ass och ze domm fir dorop opzepassen, kann een natierlech och soen.
A wann da Bemierkunge gemaach ginn gëtt net fir 2 Sou reagéiert an einfach wéi e Bulldouser weidergefour. Les Meloures 16:38, 20 August 2007 (UTC)

Les Meloures 16:38, 20 August 2007 (UTC)

D'Awunnerzuel war verschwonnen, well am Template eng Ännerung gemaach gouf, awer net iwwerall d.h. do war e Problem mat de Valeuren deen ech verbessert hunn... Mee gutt, ech hale mech elo ganz hei eraus, egal wat een hei mécht ass net gutt, ech hunn absolut keng Loscht méi. An deem Sënn, eddi lëtzebuergesch Wikipedia. --βρισεισDisk 18:42, 20 August 2007 (UTC)

Alles op Lëtzebuergesch oder wat?[Quelltext änneren]

Bis elo si mer hei net schlecht gefuer mam Lëtzebuergeschen. Fréier ass alles, dat net op Lëtzebuegesch war, geläscht ginn. An elo? --Cornischong 12:40, 23 August 2007 (UTC)

Et goufen e puer Bemierkunge vu mir an den Talk:Val Langehegermann geschriwwen, loosse mir emol kucken op eng Reaktioun kent.--Fliedermaus 13:10, 23 August 2007 (UTC)

o.k.:-)) --Cornischong 14:17, 23 August 2007 (UTC)

Betawiki: better support for your language in MediaWiki[Quelltext änneren]

Dear community. I am writing to you to promote a special wiki called Betawiki. This wiki facilitates the localisation (l10n) and internationalisation (i18n) of the MediaWiki interface. You may have changed many messages here on Wikipedia to use your language for your language profile, but if you would log in to for example the English language Wiktionary, you would not be able to use the interface as well translated as here.

If you wish to contribute to better support of your language in MediaWiki, as well as for many MediaWiki extensions, please visit Betawiki, create an account and request translator priviledges. You can see the current status of localisation of your language on meta and do not forget to get in touch with others that may already be working on your language on Betawiki.

If you have any further questions, please let me know on my talk page on the Dutch Wikipedia. We will try and assist you as much as possible, for example by importing all messages from a local wiki for you to start with.

You can also find us on the Freenode IRC network in the channel #mediawiki-i18n where we would be happy to help you get started.

Thank you very much for your attention and I do hope to see some of you on Betawiki soon! Cheers! Siebrand (Betawiki user page) 17:39, 26 August 2007 (UTC)

Mer kruten zwéin Artikelen vun der selwechter IP hei dragesat, vun deenen ee méi lusch ass wéi deen aneren: den Geoffrey Grey an den Dominique Enon. Beim "Enon" huet sougutt wéi all Wikipedia dat Déngen nees geläscht, mee dem Grey säi bleift z.B. an der de stoen. Ech sinn dofir, se allebéid ze läschen, dann hu mer endlech déi Rëff geheelt. Wat seet d'Vollek?

Menger Meenung no, kann een déi zwee Artikele läschen. (Ech hat jo och schon op den Diskussiounssäite vu béide "Museker" mäi Kommentar ofginn.)--Fliedermaus 11:20, 28 August 2007 (UTC)
Ouni grousst Gedeessems Läschen, dann ass Rou. Ween onbedingt gär Gedeessems hätt, kinnt säiten- a stonnelaang iwwer Critèren, wéi "Relevanz" ze definéieren ass, diskutéieren: Wéivill muss ee gemoolt hunn, datt een als "Moler" an der Wiki figuréieren däerf? Wéi gutt en Instrument spillen? Wat heescht "bekannt"? Mee dono ass et mer elo net hei. Stieche mer eis Energie léiwer an d'Artikelschreiwen. --Zinneke 12:02, 28 August 2007 (UTC)
A, kloer Wierder hat ech schonns ëmmer gär. --Cornischong 12:15, 28 August 2007 (UTC)
Läschen, bei de Fransouse schreift den Trulli datt emol Gemeng wou e soll gebuer sinn, keng Trace vun him huet . Les Meloures 12:44, 28 August 2007 (UTC)