Wikipedia:De Staminee/Archiv2010/Mäerz-Abrëll

Vu Wikipedia

De Staminee[Quelltext änneren]

Nodeem eisen "ale" Stamminet ëmgedeeft gouf an elo "Staminee" heescht hunn ech emol nogekuckt wéi aner Sproochmatëssen dat Dénge schreiwen. Ech hunn erausfonnt dass et do verschidde Versioune ginn:

Sou schreift den Online Spellchecker "Stamminee", also mat duebel m,
Den DFL seet: "Staminee", sou wéi en elo bei eis heescht,
Am Projet Cortina heescht et: "Stamminet" an/oder "Stamminee".

Wien huet dann elo Recht, oder hunn se alleguer Recht? -- Pecalux 10:06, 9. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

  • Merci fir d' Recherchen. Ech fäerten, hei ass e gutt Beispill vun de Grenze vun den aktuellen Orthographiesreegelen an dofir, wuer et hiféiere kann, wa vill gudde Wëllen, awer keng Norm do ass. Fir mech wier "Stamminee" dat "logeschst", mee all aner "beluechte" Variant soll och mäi Seegen hunn. --Zinneke 22:54, 10. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
  • Moien, Vun der Logik hier muss et 2 M kréien, soss ass et "Staaminee" mat engem laangen A. Beim Stamminee gëtt den A jo awer kloer kuerz ausgeschwat. De Spellchecker, deen een sech och am Firefox installéiere kann, gesäit dat och esou. --Sultan Edijingo 18:47, 11. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Artikelen vun de Jugendherbergen[Quelltext änneren]

Menger Meenung no sollten zwou Rubriken an deenen eenzelnen Artikelen iwwer d'Jugendherbergen geläscht ginn:

  • "Kuckeswäertes" => déi Informatiounen sollen an den Artikel vun der Uertschaft kommen
  • "Kontakt" => Adressen an Telefonsnummeren soll een net an eng Enzyklopedie schreiwen (ausser Saache wéi den "10 Downing Street" an den "112")

De Link op d'Jugendherbergzentral an de pdf-Prospekt soll een awer stoe loossen.

Wat soen déi aner Wikipedianer dozou?

--Fliedermaus 11:07, 10. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Verlinke vun Datumen[Quelltext änneren]

Moien,

Nodeems haut a verschidden Artikelen Datumen entlinkt goufen, hunn ech eng Fro: Gëtt et op der lb-Wikipedia eng Richtlinn fir Datumen an den Artikelen ze verlinken?

Dodeems ech bei der en-, fr-, nl- , de- an d'es-Wikipedia nogekuckt hat, hunn ech festgestallt datt d'Verlinke vun den Datume je no Sprooch ënnerschiddlech gemaach gëtt. --Fliedermaus 14:40, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, mer haten d'Fro schonn. Eng Richtlinn gëtt et keng, just "Common sense"... Dat Ewechmaachen, vun deem s de schwätz, hätt net onbedéngt misse sinn, mee ech wäert mech net ameséieren, se nees dohinzesetzen. Sou wichteg war et net an deem Kontext. --Zinneke 16:10, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Eng Richtlinn gëtt et keng, ..., mee dat muss jo net heeschen datt et keng däerf ginn.
Meng Meenung dozou: Wa mer en Datum verlinken da misst am Datumsartikel eisen Ursprungsartikel zumindest ernimmt sinn. Wann dee Fait awer net relevant genug ass fir do ernimmt ze ginn, da brauch en och net verlinkt ze sinn.
Beispill: E Fait (fräi erfonnt): 1937 huet de Politiker Paul Mustermann säi Premieresexame gepackt. Dëse Fait kann an der Biographie vum Paul Mustermann ernimmt ginn, den Datum 1937 brauch awer net verlinkt ze ginn well mer am Artikel 1937 dëse Fait als net relevant konsideréieren an dofir net dra setzen.
Ech ginn zou dass, wa mer dëst Argument unhuelen, mer zimmlech vill Aarbecht kréien fir alles erëm riichtzebéien. Mee dat muss jo net an engem Dag geschéien.
Et wier jiddefalls net schlecht wann eng Reegel agefouert an och festgehale géif.
Wat mengen déi aner Matarbechter? -- Pecalux 17:25, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Dat mam "common sense" schéngt mir déi richteg Richtung ze sinn. Wann all Datum verlinkt gëtt, da gesäit ee schlussendlech vu lauter Beem kee Bësch méi.--Jamcelsus 17:51, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Dat wat de Pecalux virschléit liicht mir an a misst als Reegel agefouert ginn. Ech wäert dat vun elo un och applizéieren. --Christian Ries 18:02, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,
Fir et méi einfach ze maachen hun ech mol déi Säit, wou schonns eng Kéier driwwer dikutéiert gouf erëmgesicht. Hei ass se.
Dann hei nach meng Meenung:
Wikipedia ass e System deen iwwer Linke fonktionnéiert, deemno och iwwer Datumslinken.
Ech verstinn de Problem an dëser Diskussioun einfach net. Wat ass schlecht drun wann Datumme verlinkt sinn. Déi Linke kaschte kee Wak, a se friesse kee Brout.
Amplaz datt mer ons Suerge maachen op en Datum zevill verlinkt ass, wier et besser mer géifen ons der maachen iwwer all déi Saachen déi net genuch oder net korrekt verlinkt sinn.
Wann een emol sou Linke noleeft fir Kategorien opzefëllen, ass et op jiddwer Fall besser et huet een der e puer zevill, déi vläicht net sou wichteg sinn, wéi datt ee wichteger net fënnt, well se net verlinkt sinn.
Dat fällt awer nëmmen deene Leit op, déi Hannergrondaarbecht op der Wiki maachen, an déi sinn op enger halwer Hand gezielt. Oni elo wëllen engem ze no ze trieden, géif ech déi Leit bieden, déi net mat deene Problemer konfrontéiert sinn, an dorunner schaffen, sech dann och einfach keng Suergen driwwer ze maachen, ausser se hunn eng valabel Propositioun fir op den Dësch ze bréngen, wéi een et kéint besser ouni Linke maachen.

Les Meloures 21:00, 25. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


[Source ?][Quelltext änneren]

Ech hunn (endlech emol) eng Schabloun gezwafft, déi et an deenen anere Wikie scho laang gëtt an och hei net vu Muttwëll ass: D' Schbloun[Source?] (geschriwwen: {{Source?}}), déi geduecht ass, Aussoen ervirzehiewen, déi et néideg hätten, duerch eng Quell beluecht ze ginn, fir esou do stoen ze kënnen.

Ech si mer bewosst, dass dat net automatesch heescht, datt dat all Kéiers geschitt, mee esou kann e Lieser op d'manst gesinn, datt dat do nach net d'Perfectioun ass. A wann se den Auteur encouragéieren, eng Kéier nozekucken, wou en dat hier hat, ëm sou besser.

--Zinneke 14:52, 12. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

A wou mer scho beim Thema sinn...[Quelltext änneren]

Ännerungen vun enger IP an engem Artikel zu enger lieweger Persoun, wéi mer der haut nees haten, féiere mech dozou, dass ech proposéieren, datt an Zukunft jidderee méi genee oppasst, systematesch d'Quellen zu (Deeler vun) Biographiertikelen unzeginn (net nëmmen deenen, mee aus liicht novollzéibare Grënn virun allem deenen). Besonnesch IP-Ännerunge mussen do am A gehale ginn, en zweete J.N.-Fall muss net sinn. Am Zweifelsfall kann een d'Ännerung hannerwands oder réckgängeg maachen. An engem zweete Schrack dann den Auteur uschreiwen, datt déi Donnéeë feelen. --Zinneke 17:04, 13. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Gemengenartikelen[Quelltext änneren]

Moien,

Et goufen op allgemenge Wonsch déi nei Gemengesäiten ugeluecht. Gläichzäiteg goufen, sou wäit wéi se bis elo nozeverfollege waren, d'Artikelen déi mat deene Gemengen ze dinn hunn an déi respektiv Kategorie:Gemeng ... getässelt.

Ech géif dofir bieden, fir an Zukunft drun ze denken, datt bei neien Artikelen déi an direktem Zesummenhank mat enger Gemeng stinn, och déi respektiv Gemengekategorie mat anzeflécken. Wann der en alen Artikel entdeckt, deen ons entwutscht ass, kann dat natierlech och nogeholl ginn.

Merci am Viraus.

Les Meloures 19:13, 25. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, woubäi ech déit dozousoen, dass elo, wou déi (mat vill Aarbecht verbonnen) Trennung vu Gemeng (als administrativ Unitéit) an Uertschafte gemaach ass, et natierlech net schlecht wier, wa bei Geleeënheet verstäerkt no den eenzelenen Uertschafte gekuckt géif, absënns déi, wou et sougutt wéi keng Informatiounen a Biller gëtt. Do dierf nach jiddereen no Häerzensloscht kreativ ginn. --Zinneke 08:30, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
P.S.
Déi selwecht Bemierkung wéi zu de Kategorië fir Artikelen gëllt natierlech och fir Fotoen.
Les Meloures 09:05, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien, ech fille mech ugesprach duerch déi lescht Bemierkung. :-)
Dann awer och nach: e Bravo fir déi, déi di vill a sënnvoll Aarbecht beim Splécke vun den Uertschaften an de Gemenge gemaach hunn. Et mecht elo nach méi Spaass an deenen Artikelen ze bliederen an nozeliesen. --Cayambe 13:52, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
1. Wien et intresséiert, dee kann haut eent vu menge Biller als Bild vum Dag op der Haaptsäit vu Commons gesinn. D'Bild vum Dag (Picture of the day) gëtt all Dag nei ënner den Exzellente Biller (Featured pictures) vu Commons erausgesicht.

2. Commons gëtt heiannsdo kritiséiert... selwer hunn ech do (bal) nëmme gutt Erfahrunge gemaach. Follgend Hëllef kann ech ubidden: Wie vun Iech wëllt Biller vu Lëtzebuerg (oder och soss) op Commons eroplueden a sech net wëll d'Kategorie vun do ëm d'Ouere schloen, dee kann se einfach an d'Kategorie "Luxembourg" setzen. Ech kucke reegelméisseg do laanscht... a kategoriséiere se da weider.
Zur Erënnerung: 1) Biller op Commons mussen net an en Artikel agebonne sinn. 2) FAIR-USE Biller sinn op Commons net erlaabt. --Cayambe 06:28, 29. Abr. 2010 (UTC) Cayambe op Commons[äntweren]

Félicitatiounen un de Cayambe! D'Bild vum Dag gëtt et jo net nëmmen op Commons, mee Wikipediaen a sëlleche Sproochen iwwerhuelen dat automatesch op hir Haaptsäit. Säin Opruff, Biller, déi och aner Wikien intresséiere kéinten, direkt op Commons ze setzen (se kënne vun do bekanntlech mat engem einfache Link an all Wikipedia an Artikelen agebonne ginn), kann ech nëmmen ënnerstëtzen. --Zinneke 07:57, 29. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Um Spaweck / Linken / Quellen[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hu firun ongeféier engem Mount en Artikel iwwert de Misch Bervard ugeluecht. Ech haat Extern Linker iwwert den Deel mat den Internetlinken déi vun Wikipedia-lb fort ginn geschriwwen. Doropps hin ass dëst duerch d'Expressioun Um Spaweck ersaat ginn. De Robby huet mir erklärt

  • "Ech sinn der Meenung datt et fir Notzer vun der Wikipedia méi kloer ass wann ëmmer déi selwecht Begrëffer benotzt ginn. Ob dat elo "Um Spaweck" oder "Linken a Quellen" heescht sollt esou eenheetlech wéi méiglech sinn. Dofir soll och wann ee Benotzer virschléit esou ee Bgrëff duerch een aneren z'ersetzen dat op Wikipedia:De Staminee diskutéiert ginn. Wann et dann do zu engem Accord kënnt da sollt no menger Iwwerzeegung dat dann och esou séier wéi méiglech an allen Artikelen geännert ginn."
  • "Wann een dat net esou mécht da riskéiert een datt et zou de sougenannten editwars kënnt wou zwee oder méi Benotzer ëmmer nees een deem aneren seng Ännerungen zerécksetzen. Op deene meeschten Wikien féiert datt dann dozou datt een oder déi zwee betraffe Benotzer gespaart ginn. An dat ass da sécher fir keen eng gutt Léisung. dofir nach enger mäi Virschlag fir op der Säit De Staminee dee Sujet ze diskutéieren fir en Accord ze fannen."

Daat ass jo eng gudd Saach, an duerfir proposéieren ech elo, dass weinstens di zwou Expressiounen (Um Spaweck an Extern Linker, oder Quellen a Linken, etc) benotzt kennen ginn. Meng Argumenter:

  • Ech hunn elo 20 Artikelen ugekukkt wou ech extern Linker dobäi gemach hunn, an di hunn ech dann och ënnert Linken a Quellen zesummengefaasst. Dëst ass bis elo nach nët geännert ginn, a wann et bis elo nach kee gestéiert huet, dann gesinn ech nët an, fierwaat mir elo alles sollen standariséieren.
  • D'Expressioun Um Spaweck as einfach nët geleefeg genuch am lëtzebuergesche Sproochgebrauch, fir als "absolut" an eenzeg Expressioun gebraucht ze ginn. De Les Meloures huet mir geschriwwen "Ganz vill lëtzebuergesch Internetsiten féieren hir Internetlinken an enger Rubrik Spaweck, an e ganze Koup hu se scho benotzt éier d'lb:Wikipedia existéiert huet." Daat ass zwar wouër, mee nëmmen well aanerer daat esou machen, muss et jo nët och op Wikipedia esou gemach ginn. En plus féieren di meeschten lëtzebuergesch Internetsiten hir Internetlinken haut och net mei ennërt desem Numm.
  • Am däitsche Wikipedia heescht et jo och nët Im Netz (mee Weblinks) oder am franséichen Sur la toile (mee Liens externes).
  • Haaptsächlech awer fannen ech dass Um Spaweck einfach onprécise ass: Wann ech zum Beispill en Artikel ouni Referenzen schreiwen, an ech eng Partie vum Artikel Linken a Quellen oder nëmmen Quellen nennen, dann weess de Lieser direkt, dass hien dës Informatiounen op deenen Linken fënnt. Wann een schreiwt Linker, dann wees en normalerweis dass sech do eng offiziell Homepagen oder zousätzlech Informatiounen befannen. Wann een dogéint Um Spaweck schreiwt, dann wees een nët, kommen elo
    • einfach nemmen eng Homepage (vun engem Sänger zB)?
    • Quellen mat den Informatiounen aus dem Wikipediaartikel?
    • weider Informatiounen, déi nët am Wikipediaartikel stinn?

Et ass mir am Fong och zimmlech egal wann verschidden Benotzer leiwer Um Spaweck benotzen, mee da fannen ech, dass daat net di eenzeg Expressioun soll sinn, déi erlaabt ass.

Bdx 12:19, 18. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, a merci fir deng Iwwerleeungen. Just séier zwou Bemierkungen: "Um Spaweck" gouf, viru genee 5 Joer, als Begrëff geholl, fir den Term "Extern Linken" ze ersetzen (nozeliesen am Stammineesarchiv vum Mee 2005). E bezitt sech effektiv op allgemeng Informatioun zum Thema (z.B. d'"offiziell" Homepage vun der beschriwwener Firma, Uertschaft, Persoun, asw.) Fir déi aberdausende vu Kéieren, wou e gebraucht gëtt, ze änneren, bräicht een e Konsens a virun allem Een deen dat giff maachen (Ech gleef kaum, datt do Ee grouss Loscht dodropper hätt). Mere 't ass wéi mat villem: Mat der Zäit winnt een sech drun ;-).
"Quellen" ass eppes anescht, dat sinn déi Dokumenter (aus dem Internet (an deem Fall mat engem Link) oder net, déi fir den Artikel verschafft goufen, an déi ë.Ë. a Kuerzform an de Foussnouten (Referenzen) ernimmt ginn.
Jee nodeems kënnen deemno deen een oder aneren Ausdrock, oder och déi zwéin, gebraucht ginn. --Zinneke 13:11, 18. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Lëtzebuerger Theologen[Quelltext änneren]

Wat ass een Theolog? Wann een Theologie studéiert huet, dann ass een nach keen Theolog! En Theolog ass een, dee selwer Recherchen am Beräich Theologie mecht, an - normalerweis - dat Fach op enger Héichschoul (Uni, Seminär, asw.) dozéiert. De gudde Joseph Maertz ass deemno keen Theolog...

Vun der IP: 88.207.153.75


Moien,
Wou ass de Problem?
Les Meloures 19:56, 19. Mee 2010 (UTC)


IP: 88.207.153.75 huet Recht! --Jamcelsus 20:56, 19. Mee 2010 (UTC)

Gudde Moien,
Ob e Recht huet oder net dat ass eng aner Gei.
Ech wéisst just gären, wou de Problem ass, fir datt eng Diskussioun hei op enger Kategoriessäit ugefaange gëtt.
Les Meloures 21:12, 19. Mee 2010 (UTC)

Vu Kategorie_Diskussioun:Lëtzebuergesch_Theologen op de Staminee geréckelt. --Pecalux 06:33, 20. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Relevanzcritèren - Wat hu Wikipedia a Facebook/Myspace/Editus gemeinsam?[Quelltext änneren]

(vun der Säit Wikipedia:Läschen heihinner geplënnert)

Salut, Ech hunn an der lescht e pure Artikelen iwwer Persoune begéint, bei deenen ech mech froen ob déi onbedéngt an eng Wikipedia gehéieren. Et sti siele méi Informatiounen dra wéi dat wat een op engem vun de mëttlerweil sëllege Social-Networking Sitë kann als Informatiounen uginn, meeschtens huet den Auteur sech selwer do beschriwwen, den Artikel ass am beschte Fall 10 Zeile laang an ass zanter Joeren, am beschte Fall zanter Méint net méi verännert ginn, esou datt och keng weider Aussiicht op méi Informatioune besteet. Doriwwer eraus hunn dës Auteuren an deene Fäll déi ech bis elo gelies hunn ausser hirem eegenen Artikel näischt zur Wikipedia bäigedroen, mol net iwwer déi Themëberäicher déi si selwer an hiren Artikelen uschwätzen. Ech ginn emol e puer Beispiller:

Fir awer Streidereien aus dem Wee ze goen (och mat den Auteurë selwer) géint ech virschloe Mindeststandardë fest ze leeën, fir datt eng Persoun kann als Artikel opgeholl ginn, esou zum Beispill bei Artisten an Auteuren d'Wierker/Publicatiounen, bei Leit aus dem ëffentleche Liewen d'Positiounen etc. Fir awer kloer ze soen: et soll keng Hetz op Leit ginn, déi Artikelen iwwer sech selwer publizéieren, wann dat raisonnabel Grënn huet an am Interessi fir d'Wikipedia ass. Ech weess zum Beispill, datt déi däitsch Wikipedia esou Richtlinnen huet: Allgemeine Hinweise zur Relevanz von Personen --Roude Leiw2001 13:40, 12. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,
Ausser dem Paul Galles, vun deem mer net vill gewuer ginn, an dem Thierry Origer hu menger Meenung no déi aner Artikelen schonn eppes hei verluer. Do stinn entweder Wierker opgefouert (dat heescht déi Leit hu fir Lëtzebuerger Verhältnesser schonn eppes klengs opweises, oder den Artikel léisst nach Suiten erwaarden. Anerer wéi de Burton hunn op grousse Wikien en zimmlech kompletten Artikel, wat op eng Berechtegung hiweist fir en op der lb stoen ze loossen, e misst just ausgebaut ginn (Avis aux Amateurs).
D'lb:Wikipedia miesst sech net un den däitsche Relevanzkriterien soss misste mer en Drëttel vun den Artikele läschen.
Et ass natierlech méi einfach ze läschen, wéi mol eng kleng Recherche ze maachen an dann opzefëllen.
E gutt Beispill wéi séier eng Skizz sech entwéckle kann, wann de richtege Mann derhannert kënnt ass z.B. de Leo Müller (Politiker) ( E Merci un d'Fliedermaus déi an de Persounenartikelen ëmmer gutt Recherche mécht).
Les Meloures 14:05, 12. Mee 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,
ouni op déi eenzel Fäll hei uewendriwwer wëllen anzegoen, ginn ech dem Roude Leiw2001 recht, datt et net schlecht wier, wa mer "schwaarz op wäiss" Relevanzcritèren hätten, fir bei eendeitege Fäll vun Net-relevanz séier kënnen dodrop ze verweisen. Alledéngs ass dat, wéi de Les Meloures schrouf, eng quokeleg Saach: wéi leet een, absënns fir lëtzebuergesch Verhältnesser, déi Critèrë fest? Vu wéini un ass e Gemengebeamten, deen an der Fräizäit moolt, e "Moler", deen hei opgeholl kann/soll ginn? Wéivill Biller soll dee misse gemoolt hunn, Ausstellunge gemmach oder an der Press erwähnt sinn? Wéivill muss ee publizéiert hunn, fir als "Auteur" hei opgeholl ze ginn (De Luxemburger Autorenlexikon (deen trotz Titel just Schrëftsteller féiert) ass do ganz large: Eng eegestänneg Publikatioun geet do schonns duer)? asw. Well eng Äntwert dodropp wéi gesot net einfach ass, ass bis ewell nom Motto "léiwer en Artikel zevill wéi een ze mann" gefuer ginn.
Am Archiv vun den Diskussiounen ëm geläschten Artikelen kann een awer noliesen, datt eng net-existent Relevanz duerchaus e Grond fir läsche ka sinn, wann dat manifest ass. Dofir: Wann do een engem "eropstéisst", einfach androen, mat enger Zeil Text, firwat ee fënnt, datt deen Artikel näischt hei verluer huet.
Mee wann ee wëll den däitschen Text op "eis" Verhältnesser upassen an dann zur allgemenger Diskussioun/Adaptatioun stellen: nëmmen duer!
--Zinneke 14:30, 12. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Natierlech ass et wichteg e lëtzebuergesche Kontext am A ze behalen - vill Persounen déi et an anere Wikien ni géife packen, hunn am lëtzebuergesche Kontext duerchaus e Sënn. Wat mech am meeschten un enger Rei Artikelen iwwer Persoune stéiert ass, datt se vun deene Persoune selwer geschriwwen, an duerno net méi editéiert ginn.

Wat Relevanzcritèren ugeet, esou hunn ech déi Deeg emol déi däitsch duerchgelies an och déi englesch an ech probéieren elo dorop eng eegestänneg lëtzebuergesch Versioun an hirem eegene Kontext ze formuléieren. Wat heescht dat? Am Kloertext, datt de molende Gemengenaarbechter genee sou soll seng Plaz fanne wéi d'Skizz iwwer de wéineg bekannten Auteur oder Komponist am Eegeverlag. Wou d'Grenz gezu gëtt, ech mengen dat gëtt dee schwieregsten Deel. Ech halen iech um Lafenden :-)

--Roude Leiw2001 12:41, 21. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Alt nees eng Kéier merci fir d'Initiativ! Autobiographië sinn effektiv a kenger Wiki gär gesinn. Et ass natierlech net ëmmer evident, bei enger IP ze wëssen, ween derhannert stécht. Da brauch een, bei engem Artikel ënner Aautobiographieverdacht natierlech en zweeten oder drëtten "Expert", deen dat ë.Ë. iwwerpréift a relativéiert, wat bei deene "Masse vu Mataarbechter" hei och net ëmmer evident ass. An da si verschidden CVen, déi heihi gesat goufen, och wann ee weess, dass se vun der Persoun selwer sinn, dacks kompakt an 'neutral' genuch, sou dass dat keng Schwieregkeete mécht. "Selbstbeweihräucherung" flitt souwisou beim éischten Iwerliesen eraus. --Zinneke 15:25, 21. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

De Site vum Sites[Quelltext änneren]

Moien,

duerch Zoufall hunn ech entdeckt, datt um Site vum Services des Sites et Monuments zënter kuerzem ausféierlech Beschreiwunge vun allméiglechem Patrimoine zu Lëtzebuerg ze fanne sinn. D'Navigatioun ass e bësse vill "arboreszentesch", d'Biller net ëmmer terribel, mee den Text ass prezis an ausféierlech a kann hëllefen, hei munchereen Artikel zu Kierchen, Buergen, Parken a soss Gebaier ze kompletéieren oder esouguer unzeleeën.

Et wier flott, et kéinnt een zu e puer an deenen nächste Wochen am Méint do mol systematesch dono kucken. Ween ass mat ? --Zinneke 08:35, 26. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
ech si mat, allerdéngs nëmme wann ech déi néideg Zäit a Loscht derzou hun (et gi Gott sei Dank och nach aner Saache niewent Wikipedia). --Pecalux 09:02, 27. Mee 2010 (UTC)[äntweren]
Dat ass selbstverständlech ;-) --Zinneke 12:31, 27. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Dat do ass eng gutt Saach. Do paken ech och eng Hand mat un. Ech hu mol ugefaangen fir de Link op den SSMN bei déi eenzel Wikipedia-Artikel iwwer déi Gebaier a Siten dobeizesetzen.--Fliedermaus 13:31, 27. Mee 2010 (UTC)[äntweren]
Sinn och bereet matzemaachen, haaptsächlech mat Fotoen, fir déi ech bereet sinn op d'Plaz ze fueren. --Cayambe 13:48, 27. Mee 2010 (UTC)[äntweren]