Pascal Debra

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pascal Debra
Gebuer 23. August 1978
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Philosoph

De Pascal Debra, gebuer den 23. August 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Philosoph a Schrëftsteller.

Hien huet Philosophie (speziell wëssenschaftstheoreetesch Usätz) a Literaturwëssenschaften op der Universitéit Tréier studéiert a mat engem Magister Artium ofgeschloss.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Säin éischte Roman Der Schachspieler, geschriwen 1999-2002 a publizéiert 2009 ass eng kafkaesk Duerstellung vun enger Frëndschaft dei vill mat psychologeschen Elementer a Symboler spillt. D'Handlung spillt haaptsächlech a Schottland.
  • Säin zweete Roman Die Reisszwecke in der Regenrinne (2009) erënnert staark un d'Stécker vum Woody Allen woubäi seng Saachbicher awer erëm ganz a Richtung Philosophie tendéieren. Besonnesch am Saachbuch "Von Shiva, Saris und Bollywood -Eine Reise durch die Seele Südindiens" iwwer seng Rees a Südindien weise sech Reflexiounen iwwer d'Ikonographie vun der indescher Gëtterwelt an dem Hinduismus, awer och eng kritesch Ausernanersetzung mat der indescher Kultur.


  • Am Mäerz 2017 gouf säi Roman Die Evolution des Skorpions publizéiert, deen tëscht 2003 an 2014 geschriwwen gouf. D'Handlung spillt 2003/2004 zu New York.
  • Enn 2017 koum de Roman Die Pathologie der Liebe eraus, e Psychothriller deen an den Hamptons op Long Island spillt.
  • De Roman Achilles, deen am Mee 2018 publizéiert gouf, spillt an der Wüsteregioun vun den USA an ass eng Mëschung tëscht Roadtrip an apokalyptescher Visioun dei en Atomkrich als Ausgangspunkt huet. D'Persounen am Buch sinn alleguer mythologesch oder op d'mannst geschichtlech Figuren. D'Flucht a Mexiko ass en ironeschen, politeschen Hiweis op déi aktuell politesch Lag an den USA. D'Thema vum Iwwermënsch am Sënn vum Nietzsche bestëmmt de kompletten Roman.
  • De Roman Die Gefälligkeit des Vormittags, publizéiert am Mäerz 2019, ass e komplexe Roman, deen net nëmmen an der Zäit hin an hier spréngt, mä och op ville Plaze spillt. Bali, New York, Los Angeles, Japan a Kuba sinn d'Uertschafte wou sech d'Liewe vum amerikanesche Blogger Liam Kane ofspillt. Dobai spillt seng grouss mä tragesch Léift Rose Lavendar eng grouss Roll, awer och seng wéinst Drogen induzéiert Perceptioun.


Belletristik[änneren | Quelltext änneren]

  • Horizontenstille, Gedichte aus den Jahren 1993-1998. Gedichtband (2001), Jubiläumsoplag 2018
  • Aszendent Äonenfalter -Gedichte und Koans 2002-2006(2008) (Nei Oplag 2017).
  • Der Schachspieler -Roman (2009), geschriwwen 1999-2002, nei Oplag 2017.
  • Das Buch der Inneren Dinge -Gedichte aus den Jahren 1998-2002 (2009)
  • Die Reisszwecke in der Regenrinne. Oder: Ein Hypochonder in New York -Roman (2009)
  • Die Evolution des Skorpions Roman. 2017.
  • Die Pathologie der Liebe Roman. 2017. (2. Oplag 2018)
  • Aesculus - Ein Gedichtzyklus in 5 Bildern 2000-2002 Eenzeloplag. Gedichtband. 2017.
  • Ausgewählte Gedichte 1998-2002 Eenzeloplag 2018.
  • Gedichte und Haikus. 2006-2018. 2018.
  • Achilles. Roman. 2018
  • Die Gefälligkeit des Vormittags. Roman. 2019.
  • Der Tod ist wenig. Gedichte. 2019.
  • Solipsistische Merkwürdigkeiten: Gesammelte Erzählungen und Szenen Erzielungen zesumme mat enger KI verfaasst. 2021

Saachbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Argumente für vegane Rohkost (2005) Net méi am Handel.
  • Das kleine Handbuch des Grüntees -Heilwirkung und Kultur aus den Gärten der Welt.(2007) 8. Auflage 2017 mat neiem Deckblat.
  • Die Anfänge der Philosophie -Kosmologie, Astronomie, Menschsein (2010)
  • Von Shiva, Saris und Bollywood -Eine Reise durch die Seele Südindiens (2011) 3. Oplag 2017 (neit Deckblat)
  • Philosophie in Woody Allens Filmen: Vom Existentialismus zum Dekonstruktivismus Nei Oplag 2021 (Original 2014)
  • Philosophische Betrachtungen -Segmentalia- 1. Oplag (2016)
  • Kafka und Ich. Philosophische Notizen und Tagebucheinträge. 1. Oplag 2019
  • South India Photography. 2. Oplag 2020
  • Digital Detox. Warum digitaler Minimalismus notwendig ist. 1. Oplag 2020

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]