Wikipedia:Eis Schreifweis/Verben

Vu Wikipedia

An der lëtzebuergescher Sprooch gëtt tëscht dräi Zorte Verben ënnerscheet: primitiv Verben, ofgeleet Verben an zesummegesat Verben.

Primitiv Verben[Quelltext änneren]

Primitiv Verbe bestinn aus engem Stamm hanner deem d'Markéierung vum Infinitiv steet -en

laf -en
Stamm Markéierung vum Infinitiv

Eng kleng Grupp vu Verben hunn en Infinitiv deem seng Endung -nn ass

gesi -nn
Stamm Markéierung vum Infinitiv

Ofgeleet Verben[Quelltext änneren]

Ofgeleet Verbe komme meeschtens vun engem Numm oder vun engem Adjektiv hier.

Vun Nimm:

Land landen; Seegel seegelen; Tipp tippen

Vun Adjektiver:

séiss séissen; déck décksen

Ofgeleet Verbe kënne mat verschiddene Suffixe gebilt ginn:

-en de Fësch fëschen
-egen d'Steng stengegen
-éieren den Telefon telefonéieren
-iséieren stabil stabiliséieren
-sen déck décksen
-zen Fësch fëschzen (no Fësch richen)
-eien de Prophéit prophezeien

D'Verbe mat der der Endung -éieren si ganz heefeg am Lëtzebuergeschen a se komme meeschten aus enger Friemsprooch: transportéieren, renovéieren, floréieren, geréieren asw.

D'Suffixen -éieren an -eien si betount an de ge vum Partizip feelt: terroriséiert, autoriséiert, raséiert, asw.

De ge gëtt awer benotzt wann -éieren keng Endung ass, mä zu Stamm gehéiert:

  • éieren --> geéiert
  • kéieren --> gekéiert
  • léieren --> geléiert

Zesummegesat Verben[Quelltext änneren]

Zesummegesat Verbe bestinn aus engem einfache Verb mat:
1) engem net trennbaren an net betounte Prefix wéi bei betaaschten oder gedenken.

  • Ech begéinen dem Jamper dacks.
  • Hie begräift dat ni.

2) oder mat engem trennbaren a betounte Prefix wéi bei unhunn oder umaachen.

  • De Claude huet Schong un.
  • Huet de Claude Schong un?

Nëmmen huet gouf versat, de Rescht vun der Verbalgrupp ass zesummebliwwen.

Am Fall vun enger subordonnéierter Propositioun geet d'Verb un d'Enn a bleift mat der Partikel verbonnen

  • Ech gleewen datt de Claude Schong unhuet

Am Infinitiv an am Participe stinn d'Partikel an d'Verb ëmmer zesummen.

  • akafen / akaaft , matgoen / matgaangen, opkommen / opkomm

Veschidde Prefixe kënnen net getrennt an onbetount sinn, oder getrennt a betount, jee nodeem wéi e Sënn d'Verb huet:

  • D'Arméi ëmstellt eng Positioun. / D'Arméi huet eng Positioun ëmstallt.
  • De Wiert stellt d'Dëscher ëm. / De Wiert huet d'Dëscher ëmgestallt.

Roll vun de Prefixen[Quelltext änneren]

Net trennbar Prefixen[Quelltext änneren]

Dat si Prefixen déi net eleng kënne gebraucht ginn, wéi:
be-, emp-, ent-, ge-, er-, mëss-, ver-, zer- .....

Se sinn net betount, d'Betounung läit um Stamm vum Verb:
bewonneren, entgoen, erklären, zerrappen

Si bilden ëmmer en eenzegt Wuert mam Verb a kréien am Participe och ni e ge derbäi.
Mir verstinn Är Fro. / Mir hunn Är Fro verstanen.

Gemeinsam Kennzeechen[Quelltext änneren]

Se kënnen op e puer Manéieren hëllefe Verben ze bilden:

  • Vun engem Substantiv aus: d'Bléi --> verbléien
  • Vun engem Adjektiv aus: räich --> beräicheren
  • Vun enger Prepositioun: géint --> begéinen