Wikipedia:Stilistik vum Lëtzebuergeschen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Op der Säit Wikipedia:Eis Schreifweis sinn déi offiziell Reegelen explizéiert, wéi ee Lëtzebuergesch richteg schreift. Wéi een awer richteg Lëtzebuergesch schreift, ass eng méi quokeleg Saach, well eis Sprooch semantesch a lexikalesch net norméiert ass. Et gëtt wuel Dictionnairen, déi dat méi oder manner komplett erëmginn, "wat d'Leit esou fir dëst an dat soen". Mee et gëtt keng Akademie, déi autoritativ festleeë géif, wat dat "eenzegt a richtegt" Wuert ass, fir eppes ze bezeechnen.

Dëst huet als Konsequenz, datt et regional, altersspezifesch, sozial oder individuell Ënnerscheeder gëtt, an dacks Doubletten oder Tripletten, déi méi oder manner "gläichwäerteg" sinn.

Well d'Wikipedia per Definitioun enzyklopedesche Standarden entsprieche soll, si mer hei e bësse méi streng, wat Eenheetlechkeet betrëfft. Dofir schreiwe mer hei Koinè a beméien eis, wou néideg, duerch Diskussioun déi richteg Lemmatiséierung erauszefannen. Lexikalesch a stilistesch soll se idealerweis wéi aus engem Goss sinn, an anere Wierder: Literaresch oder stilistesch Fräiheeten, déi an anere Publikatiounsforme gär gesi wieren, loosse mer hei bausse vir.

Wat fir eenzel Wierder zielt, zielt och fir de Stil. Een Handicap, dee vill Leit hunn, ass, datt e kaum Virbiller vun engem wëssenschaftleche Stil op Lëtzebuergesch doruechter ginn, ausser hei op der Wiki selwer. Dofir gëtt vun Artikelschreiwerten alt, bewosst oder onbewosst, wuertwiertlech, a meeschtens aus dem Däitschen iwwersat.

Fir och vum Stil hier de gesate Qualitéitscritèren z'entspriechen, stelle mer hei drënner eng Lëscht vu stilisteschen Tournuren, idiomateschen Ausdréck oder Sazbauformen op, déi dacks an den Texter erëmkommen, a proposéieren hannendrun, wéi een dat hei soll schreiwen.

Dës Lëscht kann a soll vu jidderengem, deem eppes opfält wat dragehéiert, mat ausgebaut ginn, a sou eng Hëllef sinn, fir mëttelfristeg en eenheetlechen, duerchgängeg enzyklopedesche Stil hei ze kréien.

Schreift net: ... ... mä schreift: Remarken
Se huet un der XY Universitéit studéiert. Se huet op der XY Univesitéit studéiert.
D'Gebai läit un der Strooss fir op Déngelskierchen D'Gebai läit op der Strooss fir op D. oder
D'Gebai läit laanscht d'Strooss fir op D.
Zu D. gouf eng Strooss no him benannt. Zu D. gouf eng Strooss no him genannt oder krut eng Strooss säin Numm.
en huet de Lycée besicht an ass an de Lycée gaangen Et besicht ee keng Schoul mä et geet een an d'Schoul.
Hie gouf am Ministère ugestallt Hie krut eng Plaz am Ministère Dat Däitscht angestellt entsprécht nëmmen dem Lëtzebuergeschen ugestallt am Sënn vun engem soe wat en ze maachen huet
D'Aarbechte goufen agestallt Et gouf mat den Aarbechten opgehalen Dat Däitscht eingestellt entsprécht nëmmen dem Lëtzebuergeschen agestallt am Sënn vun eppes regléieren. (D'Auer astellen, d'Ventiller vum Motor astellen a.s.w.)
sëtzend a stoend am Sëtzen an am Stoen oder stoes Fouss
gouf duerch den Dechen ageweit gouf vum Dechen ageweit Et gëtt näischt duerch Leit gemaach, mä vun de Leit
während dem Transport duerch en während dem Transport mat engem Et gëtt näischt duerch eppes transportéiert, mä mat eppes oder vun engem
gebuer am Frankräich gebuer a Frankräich den am ass eng Kontraktioun vun an dem. Et seet ee jo och net an dem Frankräich. Déi Länner wou den am gebraucht kann oder soll ginn, si rar. Beispiller dofir sinn am Peru, am Bangladesch.
Opgewuess ass hien awer an Ontario Opgewuess ass hien awer am Ontario sou wéi och bei meeschten amerikanesche Bundesstaaten. (am Ohio, am Maine a.s.w.)
a gouf mat der Zäit zu engem talentéierte Spiller. a gouf mat der Zäit en talentéierte Spiller. Et gëtt een eppes oder et gëtt een näischt, awer et gëtt en net zu eppes
Ab enger Héicht Vun enger Héicht un
Eng Schmugglergeschicht un der franséisch-spuenescher Grenz Eng Schmugglergeschicht op der franséisch-spuenescher Grenz
Bekannt ass hien ... Hien ass bekannt .... Den däitsche Hannevir-Sazbau gëtt et net am Lëtzebuergeschen.
D'Akkumulatore ginn zu der Stroumversuergung während de Fluchphase genotzt D'Akkumulatore gi fir d'Stroumversuergung während de Fluchphase benotzt (oder gebraucht) Am Lëtzebuergesche gëtt näischt zu eppes genotzt mä fir eppes benotzt. D'Verb genotzen gëtt et net am Lëtzebuergeschen.
Hien huet Theorien zu de Stärebewegungen ....asw. Hien huet Theorien iwwer d'Stärebewegungen ..... asw
och ka fir offiziell Matcher genotzt ginn. och ka fir offiziell Matcher benotzt ginn. D'Verb genotzen gëtt et net am Lëtzebuergeschen.
detachéiert un de Service detachéiert an de Service, oder
detachéiert bei de Service
E Schachgebot erhält e „+“ oder E Schachgebot kritt Dat däitscht Verb erhalten ass dat lëtzebuergescht kréien
eenzelnen eenzelen eenzelnen ass eng falsch Deklinatioun (300-mol verbessert), et géif jo och kengem afalen duebelnen ze soen
De STATEC ass opgedeelt a 6 Divisiounen. De STATEC ass a 6 Divisiounen opgedeelt Et seet ee jo och net: Hien ass gaangen op d'Gare, mä: hien ass op d'Gare gaangen.
goufe Reparaturaarbechten duerchgeféiert gouf gefléckt d'Lëtzebuerger schwätzen net sou komplizéiert wéi dat an der De:Wiki virgetrotert gëtt.
an dauert nach un ass nach am Gaang dauert nach un ass miserabel iwwersat Däitsch
ass aarm un huet nëmmen e bësselchen
huet wéineg
huet bal keen
huet net genuch
et gëtt vill Méiglechkeete fir der transmuselanescher Iwwersetzung aus de Féiss ze goen
Si ass bestuet mam Jemp
Hien ass bestuet mam Germaine Hopp
Si ass mam Jemp bestuet
Hien ass mat der Germaine Hopp bestuet
Mir soe jo och net: Hien ass gefuer mam Bus, mä Hien ass mam Bus gefuer.
Ass Deel vun Ass en Deel vun
gehéiert zu
Ass Deel vun ass falsch well am Lëtzebuergeschen all Substantiv nom Artikel freet.
den Dominik Thein aus Holzem, den Dominik Thein vun Holzem, Et kënnt een aus der Stad, aus engem Land, vun engem Duerf, vun Esch, vu Lëtzebuerg, aus Däitschland, vun enger Insel...
am éischte Joer wou en a Betrib war am éischte Joer wéi en a Betrib wou ass e Frowuert fir eng Plaz, wéi ass nieft dem Frowuert fir en Zoustand och eng Konjunktioun fir dat däitscht als z'iwwersetzen.
an an der Stad Lëtzebuerg hire Sëtz huet an hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet. Mer soe joe och net: an am Bus sech gesat huet.
an esou zu Residente ginn an esou Residente ginn et gëtt een net zu eppes mä et gëtt een eppes
d'kierchlech Hochzäit d'Hochzäit an der Kierch Zu Lëtzebuerg ginn d'Leit net kierchlech bestuet mä an der Kierch.