Wikipedia Diskussioun:Eis Schreifweis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ditt Uecht w.e.g.:

Dës Diskussiounssäit ass do fir den Inhalt vun der Säit "Eis Schreifweis" ze diskutéieren.

Froen/Commentairen zu der (vermeintlecher oder ugezweifelter) Schreifweis vun eenzele Wierder solle w.e.g. op der Säit Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass diskutéiert ginn.


Gutt! Dat sinn déi Regelen, wéi de Lex Roth an de Josy Braun se léieren, opschonn di Zwéin net ëmmer ganz op enger Linn sinn. Wann ee sech dorunner hält, dann ass Lëtzebuergesch och gutt ze liesen. Fir datt déi Leit, di net als Mammesprooch Lëtzebuergesch hunn, hei kënne matliesen, sollte mir versichen, eis un dës Regelen ze halen (och wa jidderee sech sécher ertappt, datt e Feeler mécht).

p.s.: och hei dra si Wierder, wou ech net sécher sinn, op se ganz no deene Regele richteg geschriwwe sinn. Harpehuhn 15:25, 12 Sep 2004 (UTC)

Copyright?[Quelltext änneren]

Ech wëll jo net Spillverdierwer spillen, mee genau deen do Text gëtt et als Brochure oder, wéi et am Text selwer schonn heescht, als "Hëllefs-Blietchen". Ech fannen et elo leider net méi rem, kann also keng genee Quellenangab man, mee falls net eng explizit Geneemegung vum ursprünglechen Auteur virläit ass et en eklatanten Urheberrechtsverstouss. --85.93.194.60 11:24, 10 November 2005 (UTC)

Et ass mat expliziter Erlabnes vum Auteur. Also: Weder en eklatanten, nach en einfachen! --Cornischong 11:28, 10 November 2005 (UTC)
An nach eppes: "genau deen do Text": Dat stëmmt net. Wéi jiddereen am "Historique" liese kann, hunn do schonns en etlech Leit den Text erweidert, an net e puer Wierder!! --Cornischong 11:33, 10 November 2005 (UTC)

Meng, deng a seng Schreifweis[Quelltext änneren]

Et geet hei net ëm dem Josy Braun oder dem Lex Roth seng Schreifweis. Et geet ganz kloer em déi OFFIZIELL Schreifweis, wéi se am Mémorial B- No 68 vun 1976 (duerch Arrêté minitériel) an ëm déi Klengegkeeten, déi duerch de Mémorial A- No 112 1999 (duerch Règlement grand-ducal) festgehale goufen. Wéi de Braun oder Roth déi un d'Leit bréngen, dat ass nëmmen eng didaktesch Fro. Gréiss --Cornischong 16:36, 12 Sep 2004 (UTC)

Fransousen[Quelltext änneren]

Also am Regeltext steet : Oppassen: mir hu keen è (eleng, reng, Bengel) an da konfrontéiere mer dat mat : http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Fernand_Boden&curid=4879&diff=10049&oldid=10048 do steet e gewessent Wuert mat engem è. Ech weess dat Wuert kënnt aus dem Franséischen. Hunn ech eppes iwwersinn ?--Karlthegreat Diskussioun 19:25, 12 Jan 2005 (UTC)

Anscheinend jo: Am Memorial A- No 112 vum 11. August 1999, deen um Internet steet fir erafzelueden, steet bei "Orthographe Luxembourgeoise" ënner 5.1. wéi mär mat de franséische Wierder ëmginn. An do steet och e Beispill: "Barrière". --Cornischong 19:59, 12 Jan 2005 (UTC)

Sou wäit hat ech lo guer net gesicht. Huet mech just gewonnert, datt dat Wuert nach net zu den agebiergerte gehéiert. Naja wat soll et ... do schléisst sech dann awer eng Fro un : wiers de sou léif an du géifs dozou mol eppes dobäi kritzelen an den Artikel ?--Karlthegreat Diskussioun 20:39, 12 Jan 2005 (UTC)

Ech brauch mol rëm Hëllef[Quelltext änneren]

Verb "molen": gëtt dat "gemolt" oder "gemoolt"? Ech hunn déi 2 Versiounen hei um Wiki fonnt. Myriam 13:33, 3 Februar 2006 (UTC)

D'Verb ass "molen" an d'Form "gemoolt" kritt zwéin "oo" well: Wann hanner engem laanggeschwate Vokal nüemmen EE Konsonant kënnt, gëtt de Vokal nëmmen EEmol geschriwwen. Ech gi molen (EEN "o", well nëmmen EE Konsonant, den "e" hannendru kënnt); ech hu gemoolt (nom laanggeschwatern "o" kommen zwéi Konsonanten "lt" also muss de Vokal "o" duebel geschriwwe ginn!!!! Esou ass et mat "lafen" (dat neëmemn EEN "a" kritt!!!) "Kraaft", dat der zwéi kritt, well hannendrun ZWEE Konsonante kommen.

Nach Beispiller: eng Strof (et gëtt laaaaaaaaaaang Ausgeschwat, kritt awer nëmmen EEN "o". --Cornischong 13:49, 3 Februar 2006 (UTC)

Dat steet dach an "Eis Schreifweis"!!!:

Prinzip 1 Vokal vrun 1 Konsonant ass laang birelen - Diren - tuten - hurelen - molen - Nolen - blosen – Ham – kal - Bal 1 Vokal vrun 2 Konsonanten (oder méi) ass kuerz richteg - Dusch – kuschen – Kascht – Ball – Hamm (d'Uertschaft Hamm) Dat gëllt och elo fir d´Verb-Formen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:

ginn/gëff, sinn, hunn, gëtt, ass, hutt… falen/fält, gëllen/gëllt, fannen/fënnt 2 Vokale vrun 2 Konsonanten (oder méi) gi laang geschwat…anescht gedréint: vrun 2 oder méi Konsonante muss de laang geschwate Vokal duebel geschriwwe ginn, soss gëtt hie kuerz gelies!

riicht - diichten - Duuscht – Kuuscht – Haascht – laanscht - Aarbécht richt- dicht- Dusch - kusch

Beispiller fir ze vergläichen den Hond kuscht fir eng Kuuscht…no der Dusch hat ech Duuscht dee Gaascht bascht vu Gascht… d´ Moss moosst d´Strooss a roost ewéi rosen…batsch dee Baaschtert mat der Baatsch an der Kap op de Kapp… d´Fiiss an d´Giss leien am Schloff am Schlof…looss/loss (Éislek)

Kuckt da keen op déi Säit????????????????????!!! --Cornischong 13:54, 3 Februar 2006 (UTC)

Spellchecker fir Word?[Quelltext änneren]

Ech hu joerlaang kee Lëtzebuergesch méi geschriwwen, respektiv ech hunn et einfach esou geschriwwe wéi ech geduecht hun - duerfir maachen ech elo eng Onmass vu Feeler - ech hat emol eng Kéier eppes vun enger lëtzebuergesche Spellchecker gelies - gëtt et dat, oder net? --Pasbal 16:33, 5 Februar 2006 (UTC)

Do ass emol de Luxdico ([1]) an de Spellchecker selwer ([2]). --Cornischong 16:47, 5 Februar 2006 (UTC)
An nach eppes ganz Léiwes: ([3])--Cornischong 16:55, 5 Februar 2006 (UTC)
Et get och nach den Spellchecker.lu ([4]). Dee kann online oder am OpenOffice.org verwennt ginn an enerstetzt och d'Eifeler Regel.--Georges Schutz 14:39, 22 Mäerz 2007 (UTC)

Et muss een awer dozou soen datt dee Cortina-Spellchecker um hallwe Wee de Geldkrunn zougedréit krut an elo zwar besser wéi näischt ass, mee ech recommandéiren en trotzdeem net. En ass immens lues, en erkennt eng Rei Feeler net (dorënner déi wichteg Äifeler Regel), e mécht engem heiansdo Feeler wou keng sinn, an et kann ee seng Wierderdatebank emol net selwer erweideren. All Dag 1 Regel weider hei am Artikel "Wikipedia:Eis Schreifweis" léiere bréngt op laang Siicht definitiv méi. A wann s de wierklech onbedingt e Spellchecker wëlls, ech hat viru Joer an Dag e klenge programméiert, deen d'Äifeler Regel perfekt kann (just d'Ausname ginn nach net all erkannt) an dee wéinstens déi heefegst Schreifweisfeeler korrigéiere kann. Et ass e Word-Macro, also wierklech just eppes rudimentäres, mee wann s de mengs da kanns de mer mailen. --Otets 20:13, 5 Februar 2006 (UTC)

Ech hunn emol e Cours matgemaach fir Lëtzebuergesch ze schreiwen, mee dat ass scho ganz laang hier. Sou komesch wéi et kléngt: D'Wiki ass déi beschte Schoul fir Lëtzebuergesch ze léieren, well all Kéier wann een eppes falsch schreift ass een do deen engem dat erëm richteg mécht. Keen einfache Prozess, mee mir ass dat wichteg. Myriam 22:53, 5 Februar 2006 (UTC)

Ech mengen iergedwou gelies ze hunn datt et "ck" am lëtzebuergesche net gëtt, fannen dat awer net méi erëm (wann ech net spannen). Mee et gëtt jo awer eng Rëtsch Wieder wou dat gebraucht gëtt. Wee kann hëllefen? Myriam 00:09, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Ma selbsriedend gëtt et am Lëtzebuergesche keen "ck". Daggs mengen der, se kéinten Weggglieswer oder d'Verb leggen oder ochalt den Daggel mat "ck" schreiwen, mee dat deggt sech net mat eiser Schreifweis. Nëmme Gegge kuggen fir op eng déggkäppeg Manéier zréggzekommen op Zäite wou Méggen, Régger an Zeggen nach mat "ck" geschriwwe goufen. --Fléipéiter 02:01, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Dat mannst wat ee ka soen: dat war däitlech ;-)) Trotzdeem Merci Myriam 09:42, 2 Mäerz 2006 (UTC)


Kuckt da keen op déi Säit???!!![Quelltext änneren]

Dach, ech hu gekuckt an dëst fonnt:

D'Verb ass "molen" an d'Form "gemoolt" kritt zwéin "oo" well: Wann hanner engem laanggeschwate Vokal nüemmen EE Konsonant kënnt, gëtt de Vokal nëmmen EEmol geschriwwen. Ech gi molen (EEN "o", well nëmmen EE Konsonant, den "l" hannendru kënnt);

--83.99.72.12 14:29, 15 Juni 2006 (UTC)

Waat dann am Kloertext warscheinlech heesche soll dass och all d'Iwwerschrëfte vun de Kategorien vun Ufank u falsch sinn Les Meloures 10:02, 26 September 2006 (UTC)

Ech hunn och meng Probleemer mat dëser neier "Regel": Se bezitt sech net op d'Schreifweis (wat den Titel vum Artikel giff noleeën), mee op d'lexikalesch Norm (wéi wat soll genannt ginn). Well d'Lexik vum Lëtzebuergersche net, wéi d'Schreifweis, (gesetzlech) gereegelt ass musse mer, soulaang et keng "Akademie vum Lëtzebuergesche" gëtt (woumat ech net wëll gesot hunn, sou eppes misst oder sollt et ginn!) akzeptéieren, dass et dacks méi Variante gëtt, vun deenen hei ans do déi eng méi geleefeg ass wéi déi aner, oft awer och allen zwou, je no Kontext oder no Spriecher, geleefeg sinn. Wann eng predominéiert da gëtt déi als Lemma geholl, ginn et der méi, déi co-dominant sinn, da musse mer déi zwou toleréieren, an iwwer Redirekter fueren.
Beim "F(o)uss/ttball" hu mer esouguer de Choix tëscht 3 Varianten, wou et mer schéngt (mat méi Empirie kann ech do net dingen :-), dass "Fussball" déi méi geleefeg, "Futtball" déi méi al a "Foussball" déi etymologesch méi logesch ass. Ech giff awer net wëllen eng als (méi) "richteg" ze declaréieren.
Vü dass mer Dosenden Artikelen iwwer F.*-Welt- an Europameeschterschaften hunn, net ze vergiessen déi sëllechen Spiller an Equipen, giff ech weiderhin déi 3 Varianten akzeptéieren, a se loossen, wou se a wéi se sinn, a beim Lemma "F." selwer, wéi et jo de Fall ass, Redirecten hunn.
Net datt elo nach ugefaange gëtt, deeglaang déi 874 Fuss- a Futt-bäll a Foussbäll z'änneren... --Zinneke

de Futtgänger, d'Fussbrems an d'Footgelenk[Quelltext änneren]

Fir d'éischt emol: Ech wëll och net, datt hei nees dat grousst Geplënners ugeet!!!
"hu mer esouguer de Choix tëscht 3 Varianten"; dat sollte wuel Fussball, Foussball a Futtball sinn. De Pilo Fonck, deen all Woch seng Säit am Télécran huet, an e proppert Lëtzebuergescht schreift, gebraucht "Football".
No Dosene vun Diskussiounen iwwer Rolleng a Rollengen, Wuermer, Wormer a Wuermeldeng an aner Uertschaftsnimm sinn ech es Leed, fir all Méindesmueres déi slewecht Litaneien ze widderhuelen. Bei den Uertschaftsnimm hate mer eis e puermol g'eenegt, dem Josy Braun seng ze gebrauchen, fir de Rescht d' "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch", sou datt mer eis kéinte mat anere Saachen ofginn. Den DLW gëtt een eenzegt (!) Wuert un, fir déi Sportaart. Ech froe mech e bëssen, firwat mer do Problemer hunn? Bei anere Fäll, bei deenen den DLW e puer Varianten ubitt, hate mer déi net. Nach eng Kéier, firwat kënne mer eis bei engem Ausdrock net mam DLW zefriddeginn?
"hu mer esouguer de Choix" Wie gëtt eis deen? Da waarde mer lo nach op de Futtgänger, d'Fussbrems an d'Footgelenk. Sot mer Beescheed, wann den DLW hei keng Roll méi spillt. Da verklappen ech mäin.--Cornischong 14:14, 26 September 2006 (UTC)

Ech soen emol fir d'éischt deene merci déi méin nit sou gudd lëtzbuergescht verbesseren.
Mat mengen Fousball hat ech mer och ee Selbstgoal geschoss. Fir dass dat dann nit méi firkënnt warden ech emol mat nächsten Artikelen bis dës Fro geklärt ass. Puscas 18:07, 26 September 2006 (UTC)
Gudden Owend. Huel dat Geméch ëm den xxball nëmmen net perséinlech! Esou war dat wierklech net geduecht. Maach der och kee Kapp, wanns de um Ufank net gutt mat der Schreifweis eens gëss! An deem Fall ware mer alleguer. Also nach eng Kéier: Dat hei ass guer net géint dech hei geriicht. ok? --Cornischong 20:03, 26 September 2006 (UTC)
Merci fir déi puer Wierder mee ech kann dech berueegen. Ech hun daat nët perséinlech geholl. Ech wollt och nët soen dass ech guer néischt méi giff maachen. Et gëtt jo nach vill ausser Foussball wou ee kann e puer Wuert schreiwen. Ech haat wirklech och nëmme gemengt daas ech iwwer Saachen déi mat Foussball ze dinn hun néischt schreiwen awer vläicht mat Béisball :-)) oder sos engem. Puscas 20:47, 26 September 2006 (UTC)


Meng Fro:

Geet et hei drëmt waat muss geännert ginn oder wéi et soll sinn. Et gëtt sou wéi ech et och gesinn nëmmen ee richtegt Wuert fir de Fouss, an zesummegesaate Wierder sollen dann och daat Wuert als Basis hun besonnesch dann wann et sech ëm Wikiferzéierung dréint. Soss klaptt déi och nëmmen an 27,33 % vun de Fäll.

Dovun afgesinn bräichten och keng 874 Artikele nogekuckt ze ginn. Et ginn der:

  • 83 wou d'Wuert Fussball virkënnt
  • 28 wou d'Wuert Football virkënnt
  • 13 wou d'Wuert Foussball virkennt
  • + 24 Kategorien an Ënnerkategorien wou Fussball drasteet.

Waat elo am Ufank richteg gestallt gëtt, brauch méi spéid wann nach méi duercherneen sech ugesammelt huet nët méi gemeet ze ginn. Les Meloures 18:29, 26 September 2006 (UTC)


Ech schléissen mech dem Les Meloures zu 100% un, wëll soss kënnt déi Diskussioun ëmmer nees op --Robby 20:46, 26 September 2006 (UTC)

Ech schléisse mëch och der Meenung vum Les Meloures a vum Robby un, obschonns et mir och net vill seet erëm alles ze änneren. Mä d'Diskussioun hat mir schonn a si wäert och emmer erëm opkommen. Well ech jo dann och alt emol esou Artikelen schreiwe wier ech frou, wa mir eis do kinnten op eppes eenegen. Ech perséinlech gebrauchen dat Wuert Fussball a wéi den Zinneke esou schéi gesot huet: dass "Fussball" déi méi geleefeg, "Futtball" déi méi al a "Foussball" déi etymologesch méi logesch ass. Ech giff awer net wëllen eng als (méi) "richteg" ze declaréieren. wou ech him och muss Recht ginn. Also wat machen ier ech nach e puer Artikelen ufänken ??? --Alexandra 06:35, 27 September 2006 (UTC)

Suckele mer eis eng nei Schreifweis aus de Fangeren?[Quelltext änneren]

"Zwëschen dem Apostroph vun "d'" an dem nächste Wuert kënnt en Leerzeechen, well "d'" ee Wuert (z.B. "den") as.)": Dat ass alles schéin a gutt, mee dat huet just een Nodeel: Et stëmmt hannen a vir net! E Bléck an de Menorial No 68 vum 16. November 1976 ("WÉI EE LËTZEBUERGESCH SCHREIFT") op d'Säit 1386 oder an d'Nummer 112 vum 11. August 1999 ("ORTHOGRAPHIE LUXEMBOURGEOISE"), dat ass deen iwwer d'Reform, stinn op der Säit 2046 uewen schonn e puer Beispiller, déi dat Gebraddels hei ëmgeheien: "les employés - d'Employéen" AN NET "d' Employéen". - Wat mech sou lues rose mécht: Hei geet een an den Artikel triwwelen, op Grond vun enger Behaaptung, déi e sech aus de Féngercher gesuckelt huet. Wann ee mengt, e misst sech eng ganz Nei Schreifweis erfannen, da soll en déi fir sech halen. Eis geet déi "normal" duer. A wann dee Léiermeeschter an dem Josy Braun säi Bichelche gekuckt hätt, an der 13. Oplo op der Säit 34 "Den Apostroph", wier en net einfach hei mam Sauzant duerch de Gaart gelaf, mengt de --Cornischong 06:56, 18. Dez 2007 (UTC)

Reegele Regelen a kënne Segelfliger seegelen?[Quelltext änneren]

Neen, an dëser Iwwerschrëft ass kee Schreifweisfeeler. Zënter d'Uertschaft Steesel net méi Stésel geschriwwe gëtt zerbrieche sech Leit (déi dofir bezuelt ginn!) hire Kapp mat dem laangen, betounten an netbetounten "e". Dobäi koum et derzou, datt bei Verben de laangen "e" mat zwéin "e" geschriwwe gëtt. Dat ass alles schéin a gutt. Mee, obwuel "seegelen" (well et e Verb ass) der zwee krut, konnte sech e puer Sproochgeléierter, aus Rücksicht op transmuselanesch Zoustänn, net dozou decidéieren, dem "Seegelschëff" der och 2 ze vergonnen. Ma da reegele mär dat vun elo u selwer. Haalt d'Online-Wierderbuch am A, an denkt un d'Steiersuen, mat deenen dee finanzéiert gëtt. Iwwer Bouneweeg, dat am Josy Braun sengem Bichelchen nach "Bouneweg" (sic!!) heescht et steet ënner "Ausna"h"men (!!), si mer jo schonns ewech. An iwwer d'Ausnamen och. --Cornischong 15:38, 20. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Hittchen oder net[Quelltext änneren]

Dat Hei steet an den Explicatiounen:

Franséisch Wierder behalen hiren Hittchen ^(circonflexe)}}

  • Hôtel, Pâtisserie, Câpren…

Mee keen "Hittche" (méi) op Lauter, déi och am Lëtzebuergeschen duerch d'Nues ginn (Nasalen): Chance, Timber, Chamber…

D'Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch seet dat heiten op Säit 23:

L'accent circonflexe

L'accent circonflexe est gardé dans les mots français:

Bâtonnier, Boîte, Côte, Gêne, (mais:genéieren), Pâten, Piqûre.

Toutefois les substantifs suivants s'écrivent sans accent circonflexe:

Diplom, Hotel, Theater.

De Josy Braun seet op Säit 49 vun der 12. Oplo Eis Sprooch richteg schreiwen dat selwecht wéi d'Grammaire.

Les Meloures 20:01, 30. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Den DFL seet och Diplom, Hotel an Theater. An dat ass och logesch, well et dat Wuert och am Preisesche gëtt a mär eis am Zweifelsfall un deenen hirer Schreifweis orientéiren, och wann d'Wuert do ugaangs als Friemwuert agewandert ass. Déi Begrënnung misst och an der Annexe stoen, hu se awer leider elo net bei Hänn. --Otets 01:57, 31. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Datt oder Dass[Quelltext änneren]

Moien, ech hu gesinn, dass am Artikel "Lëtzebuergesch" d'Niewesazjunktioun "dass" ëmgetosch gouf mat "datt". Souwäit ech dat an Emailen an Théaterstécker gesinn hunn, gëtt fir Däitsch "daß" op Lëtzebuergesch "datt" an "dass" gesot a geschriwwen. 143.167.190.39 12:22, 8. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Äntwert steet op Diskussioun:Lëtzebuergesch. Z.


Iwwer Stroossen, déi "be"nannt ginn[Quelltext änneren]

Mer nennen a mer vernennen, awer mer benennen näischt. Dat Verb hu mer net.

De Luxogramm ass do anerer Meenung

Les Meloures 07:35, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Jësesmariajousebett[Quelltext änneren]

A wat maache mer elo? A wat maache mer, wa mer d'Verb "bemomperen" schreiwe wëllen, beim Luxogramm ass dat awer net "be"kannt ("bekennen" ass dran!). A "bemokelen" huet de Luxogramm och nach net konnte benennen. Awer "bescheinegen", dat kennt de Luxogramm, dat ass jo de Geste, fir engem e "Schein" ze ginn. Eisereen "nennt" dat beschäinegen, well et ëm e "Schäin" geet. Schéin, datt bei all Geleeënheet nees een eng Referenz huet. Iwwregens, "beräpsen" kennt de Luxogramm och net, awer "bepissen" kennt en. Da sinn ech berouegt. --Cornischong 08:16, 9. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Den duebelen n bei kéint[Quelltext änneren]

Dat gëllt och elo fir d'Verb-Formen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:

Dat ass eng lapidar Erklärung déi nëmmen an deem Sënn stëmmt soulaang wéi de Vokal kuerz ass. Wann de Vokal laang ass gëtt net verduebelt. Den Diphtong éi ass laang. (Ref:Josy Braun. Eis Sprooch richteg schréiwen Ausgab 2006 Säit 44).

Nofolger Nofolleger Nofollger[Quelltext änneren]

(Ze diskutéieren op: Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass.--Zinneke 08:58, 29. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

gouf geréckelt op Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass.

Échel ? Wikipedia:Eis Schreifweis[Quelltext änneren]

Moien,

Op der Artikelsäit steet den heite Saz: déi Échel mécht dat dréchen. Huet een eng Ahnung wat mat Échel gemengt ass? Les Meloures 17:39, 27. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

An dësem Kontext kann ech mer nëmme virstellen dass et sech em de Nuetsvull Échel (de: Eule, fr: hibou) handelt. --Pecalux 06:17, 28. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Wier et net vläicht besser mer géifen an de Beispiller eppes dohinner schreiwen, wat eenegermoossen e Sënn mécht? Les Meloures 07:35, 28. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Tsali, bei deene Sätzelcher kënnt et, mengen ech, net onbedingt op d'Logik un, mee éischter, méiglechst vill Wierder, déi eng Reegel beleeën, besipillhaft beieneen ze hunn. Mee well effektiv d'Wuert "Eil" haut méi gebräichlech ass wéi "Echel", wéi wier et, et mat "De Méchel" ze ersetzen? --Zinneke 12:26, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Gutt Iddi, gëtt gemaach. Les Meloures 12:33, 30. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Aus dem LOD, zur Info[Quelltext änneren]

Firwat gi verschidde Wierder am LOD mat an ouni stommen h geschriwwen (z.B. Walen, Wahlen)? (vum 30.7.2013)

D'Reglement vun 1975 seet: - „De Buschtaf h, wéi en am Däitschen dacks nom Vokal steet (fir deen ze längen), gëtt et fir eis net.“ - „Just a frieme Wierder a bei Nimm loosse mer den h etlechmol sinn, fir datt een se erëmerkennt: Kühler“ Am LOD fënnt een dowéinst Walen als Haaptartikel a Wahlen als toleréiert Variant.

Tiens, d'Wale sinn e Friemwuert zu Lëtzebuerg, dohir also d'Walflicht--Jwh (Diskussioun) 19:51, 24. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

An et ass dem LOD och nach net opgefall datt de Wal och en Déier ass. Mä wéi gesot den LOD stécht nach plazeweis an de Kannerschong --Les Meloures (Diskussioun) 11:49, 25. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
An dem LOD.lu ass net opgefall datt se keen Haaptartikel hunn dee "Walen" heescht. Där droleg Tricke ginn et wéi Sand um Mier am LOD.lu. --Soued031 (Diskussioun) 11:51, 25. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
A jo ech hat och vergiess ze soen datt "z.B." ausernee geschriwwe gëtt also "z. B.". --Soued031 (Diskussioun) 12:10, 25. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Moselfränkisch[Quelltext änneren]

Hallo! Entschuldigt bitte, dass ich auf Deutsch schreibe: Weiß jemand, ob jemand bereits versucht, die luxemburgische Wikipedia zu einer gesamtmoselfränkischen auszubauen? Ähnliches funktioniert ja bereits bei der rheinfränkischen Wikipedia, bei der es ein Texte in Pfälzisch, Hessisch, Südfränkisch (also "Badisch" um Karlsruhe) und im östlichen Lothringer Platt gibt. --Son-of-my-comfort (Diskussioun) 20:20, 6. Feb. 2021 (UTC)[äntweren]