Will Kesseler
Will Kesseler | |
---|---|
Gebuer |
17. August 1899 Miersch |
Gestuerwen |
24. September 1983 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
De Will Kesseler, gebuer de 17. August 1899 zu Miersch a gestuerwen de 24. September 1983 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier.
Hien huet tëscht 1924 an 1969 am Kongo an am Tschad gelieft. Hei huet hien als Projetsmanager fir verschidde Eisebunnsgesellschafte geschafft. No der Onofhängegkeet vum Kongo huet hien an Zentralafrika fir ënnerschiddlech europäesch Projete geschafft. Seng Aarbecht an de Kolonien huet seng artistesch Produktioun staark geprägt. Wann hien a fréie Joren éischter figurativ gemoolt huet, besonnesch kongoleesesch Fraen an afrikanesch Landschaften, dann huet hien sech a spéidere Joren dem Kubismus an der abstrakter Konscht gewidmet.
1946 an 1950 (zesumme mam Frantz Kinnen) huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
- Lëtzebuerger am Kongo
- 5 Biller a schwaarz-wäiss
- 4 weider Biller a schwaarz-wäiss
- Retrospektiv Will Kesseler, Villa Vauban 16.1.- 22. 2. 1988, ons stad, 27/1988, S. 30
Referenzen
- Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 08. Abrëll bis de 6.November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.