William Thomson (Physiker)
William Thomson | |
---|---|
Pseudonym | Lord Kelvin |
Gebuer |
26. Juni 1824 Belfast |
Gestuerwen |
17. Dezember 1907 Largs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Universtéit vu Glasgow, Peterhouse, Universitéit vu Cambridge |
Aktivitéit | Physiker, Astronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser, Politiker, Schrëftsteller, Ingenieur |
Member vun | Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, Royal Society of Edinburgh, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino |
De William Thomson, 1. Baron Kelvin, bekannt als Lord Kelvin oder Kelvin of Largs, OM, GCVO, PC, PRS, FRSE, gebuer de 26. Juni 1824 zu Belfast an Nordirland, a gestuerwen de 17. Dezember 1907 zu Netherhall bei Largs a Schottland, war e brittesche Physiker.
Hie war vun 1846 bis 1899 Professer fir theoreetesch Physik zu Glasgow an huet do virun allem um Gebitt vun der Elektrizitéit an der Thermodynamik gefuerscht. 1848 huet en op Basis vum Carnot senger Wäermtentheorie en Artikel publizéiert, an deem en ë. a. eng absolut Temperaturskala agefouert huet, déi no him genannt Kelvin-Skala. Där hir Unitéit "Kelvin" ass an hirer haiteger Form déi international festgeluecht SI-Eenheet vun der Temperatur.
Zesumme mam James Prescott Joule huet de Kelvin 1852 de Joule-Thomson-Effet entdeckt, an 1857 de magnéiteschen AMR-Effet. 1867 huet den Thomson den harmonesche Procédé fir d'Gezäiten ze berechnen entwéckelt, an huet 1872 déi éischt Gezäiterechemaschinn gebaut. Hie war och dru bedeelegt, d'Verleeë vun Telegrafekabelen ënner dem Atlantik virzebereeden an duerchzeféieren an huet dofir 1876 eng eege Maschinn patentéiere gelooss.
Den Thomson huet weiderhin déi Form vum Dréchekompass entwéckelt, déi nach haut am Gebrauch ass, an huet sech och intensiv mat der Elektrizitéit beschäftegt. An deem Kontext huet hien déi no him genannt Thomson-Bréck, d'Schwéngungsequatioun vum Thomson, de Kelvin-Generator entwéckelt an den Thomson-Effekt beschriwwen. Doriwwer eraus huet hien e Spigel-Galvanometer entwéckelt, eng Spannungswo an net zulescht och de Quadranten-Elektrometer. Hien huet am Ganzen iwwer 70 Patenter deposéiert, wat him Unerkennung an e geséchert Akommes garantéiert huet.
Fir seng Aarbechte krut hien eng Hellewull Distinctiounen an Éierentitelen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Silvanus P. Thompson: The life of William Thomson, Baron Kelvin of Largs. In two volumes. Publisher: Macmillan & Co., London 1910
- Silvanus P. Thompson:The life of William Thomson, Baron Kelvin of Largs. Volume I
- Alexander Russell: Lord Kelvin; his life and work Publisher: T.C. & E.C. Jack; London 1912
- Andrew Grey: Lord Kelvin: an account of his scientific life and work. Publisher: J. M. Dent & Co., London 19o8
- George F. Fitzgerald: Lord Kelvin, professor of natural philosophy in the University of Glasgow, 1846-1899: with an essay on his scientific work. Publisher: James MacLehose and Sons, Glasgow 1899
- In memoriam. The Right Honorable William Thomson, Lord Kelvin, born June 26, 1824; died December 17, 1907; interred in Westminster Abbey December 23, 1907 Publisher: The American Institute of Electrical Engineers, New York 1908
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: William Thomson, 1. Baron Kelvin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Biller aus dem Liewen vum Lord Kelvin
- Kuerzbiographie vun der TU München, Fakultéit fir Physik
- Prof Thomson's (Lord Kelvin) Mirror instrument an: Charles Bright: The story of the Atlantic cable. Publisher: Georges Newnes Ltd., London 1903
- William Thomson, Baron Kelvin - an der National Portrait Gallery, London