Wyborg

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wyborg
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrussland
Status Oblast
Regioun Leningrad
Gegrënnt 1293
Awunner 71.772 (1. Januar 2023)
Fläch 102
Koordinaten 60°42'38"N, 28°44'59"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 81378
Postcode 188800–188811
Websäit http://www.city.vbg.ru/


Kaart vun der Stad uganks vum 18. Jh.

Wyborg (russ. Выборг, finn. Viipuri, schw. Viborg) ass eng Stad mat ronn 80.000 Awunner (Stand 2016) an der Oblast Leningrad a Russland. Si läit an der historescher Regioun Karelien, eng 130 km nordëstlech vu Sankt Péitersbuerg un der finnescher Grenz.

Si gouf am Mëttelalter vun de Schwede gegrënnt, koum 1710 un d'russescht Keeserräich an huet zanterhier dacks d'Hänn tëscht Russland a Finnland gewiesselt, ier se 1944 endgülteg zu Russland koum.

Zu Wyborg ass den Ufank vun der 1.222 km laanger Nord Stream Gas Pipeline. D'Stad ass och eng Gare un der Eisebunsslinn Helsinki–Sankt Péitersbuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Géigend war viraals bewunnt vun de Karelier, déi um Site vum haitege Wyborg am 10. Joerhonnert en Handelsposten haten.

D'Karelier sinn awer ëmmer méi ënner d'Dominatioun vun Nowgorod a Schweden geroden, a wärend dem sougenannten "drëtte schweedesche Kräizzuch", enger kruzialer Zäit vun de Konflikter tëscht den zwou Lokalmächten, huet 1293 de schweedesche Räichsmarschall Torgils Knutsson op der Plaz vun engem fréire verbrannte karelesche Fort d'Buerg Wyborg baue gelooss. D'Nowgoroder sinn doropshi wärend Joerzéngten eng sëllege Kéire géint d'Buerg gelaf an hu versicht se ze plécken.

Am russesch-schweedesche Krich huet den 13. Oktober 1495 den Iwan III. d'Stad vum Danil Schtschenja an en ettlech Truppe belagere gelooss. D'Moskowiter waren no enger Zäitchen och drop an drun, d'Stad anzehuelen, mä verschiddenen Erzielungen no huet de Festungskommandant Knut Posse den 30. November 1495 den ënnerminnten Tuerm vum Hl. Andreas an der Stadmauer an d'Luucht joe gelooss (aner Quelle schwätze vun engem Accident oder engem Naturphenomeen am Himmel), wat d'Belagerer déi net wousste wéi hinne geschouch entsat huet, well den 30. November de Festdag vum Hl. Andreas ass a se ugeholl hunn de Patréiner kéim der Stad zu Hëllef. D'Moskowiter hu sech dowéinst a grousser Angescht nees zeréckgezunn.

Wyborg ass dofir laang Zäit a schweedeschen Hänn bliwwen, bis datt den Zar Péiter de Groussen am Groussen Nordesche Krich, no engem éischte Versuch 1706, d'Stad 1710 effektiv ageholl huet, fir datt se keng Gefor méi sollt si fir säin neigegrënntent Sankt Péitersbuerg. Mam Traité vun Nystad ass 1721 de Krich op en Enn gaangen an d'Stad ass ganz offiziell dem russesche Räich zougeschloe ginn.

Schweden huet duerno nach dacks versicht, d'Stad zeréckzerueweren. Sou och am Russesch-Schweedesche Krich am Summer 1790, wou et sech an der Séischluecht vun der Bucht vu Wyborg eng batter Néierlag siche goung.

Wéi no engem weidere Krich mat Schweden duerch den Traité vu Fredrikshamn 1809 de Rescht vu Finnland u Russland koum, huet den Zar Alexander I. 1811 d'Stad ma der ganzer Provënz Wyborg ronderëm an dat nei gegrënntent Groussherzogtum Finnland agegliddert, wat bannent dem russesche Räich a groussen Deeler autonom gouf.

An der Folleg vun der Russescher Revolutioun 1917 an dem Fall vum russeschen Zareräich huet Finnland seng Onofhängegkeet erkläert. Tëscht deenen zwee Weltkricher houch d'Stad du Viipuri a war déi zweetgréisste Stad vum neie Land.

1939-1940 koum et zum Wanterkrich tëscht der Sowjetunioun a Finnland, an am Traité vu Moskau huet d'Sowjetunioun sech d'Stad - ouni seng Awunner - an déi Karelesch Landenk erëmgekroopt. Déi an aner Deeler vu Finnland evakuéiert Awunner hunn doropshi politeschen Drock op hir Regierung gemaach fir zeréck kënnen ze goen. Wéi Finnland sech un der Säit vun Nazi-Däitschland an de Fortsetzungskrich gestierzt huet, do koum Viipuri den 29. August 1941 nees a finnesch Gewalt. Ronn 70% vun den Evakuéierte sinn no der Eruewerung nees zeréckkomm, mee net fir laang well 1944 si alt nach eng Kéier evakuéiert gi wéi déi Rout Arméi eng Offensiv ugefaang huet, zur selwechter Zäit wéi d'Landung an der Normandie. D'Stad koum den 20. Juni 1944 ënner russesch Kontroll, mee vill historesch Gebaier ware beschiedegt, sou och déi al Kathedral déi vu Bomme getraff gouf an ausgebrannt ass. Den 19. September 1944 beim Waffestëllstand vu Moskau huet Finnland nach méi Land hiergi misse wéi beim Traité vu Moskau zougestanen.

De Rëmopbau vun der Stad huet direkt 1944 ugefaang a war 1948 zu groussen Deeler ofgeschloss. Wyborg gouf vu Leit aus der ganzer Sowjetunioun besidelt, an d'Bevëlkerung ass vu 35.000 am Joer 1950 op 81.000 am Joer 1986 geklommen.

An der Perestroikazäit an duerno ass d'Bevëlkerungszuel, vun e bëssen op an of mol ofgesinn, relativ konstant bliwwen. Staatlech Betriber hu wéinst Faillite zwar hir Dieren zoumaache missen, mee wéinst der opper Grenz mat Finnland konnt sech de Grenzhandel entwéckelen, privat Firmen hunn deelweis mat ausländeschem Kapital ugefaang z'investéieren, an d'Stad huet sech fir Touristen erausgefiizt.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wyborg – Biller, Videoen oder Audiodateien