Op den Inhalt sprangen

Yosemite-Nationalpark

Vu Wikipedia
Panorama vum Yosemite-Nationalpark, mat lénks am Bild den Half Dome

De Yosemite-Nationalpark ass ee vun den Nationalparken an den USA. E läit 200 km ëstlech vu San Francisco an Zentral-Kalifornien, un de westlechen Häng vun der Sierra Nevada. Mat sengen 3.079 Quadratkilometer ass e méi grouss wéi Lëtzebuerg.

De Yosemite-Dall

Méi wéi 3 Millioune Leit kommen all Joer an de Yosemitepark. Déi meescht dovu limitéiere sech awer op d'Yosemite Dall, duerch deen de Floss Merced leeft an deen op 1.200 m Héicht läit. Do gëtt et e sëllege Waasserfäll. De Yosemite Waasserfall ass deen héchste vun Nordamerika an dee fënnefhéchsten op der Welt. Ganz bekannt bei de Kloterer sinn déi wonnerbar Granitfielsformatiounen, zu deenen ë. a. den Half Dome (2693 m) an den El Capitan (2307 m) gehéieren. D'Flora an d'Fauna vum Park ka plazeweis mat urale Mammutbeem an enger Abberzuel vu wëllen Déieren, dorënner Hirschen, Kojoten a Schwaarzbieren, beandrocken.

Ronn 95 % vum Park si geschützt Wëldnes.

Zanter 1984 steet de Park op der UNESCO hirer Lëscht vum Weltierwen.

Commons: Yosemite National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien