Zitrounesänger
Zitrounesänger | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Zitrounesänger | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Protonotaria citrea |
Den Zitrounesänger (Protonotaria citrea) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Bëschsänger an der Ënneruerdnung vun de Sangvullen.
Am Däitschen heescht de Vull Zitronenwaldsänger, am Franséische paruline orangée.
Wéi s ausgesinn
[änneren | Quelltext änneren]Vun uewe gesinn ass d'Plommekleed olivgréng mat blo-groe Flilleken a Schwanzplommen. Déi baussenzeg Plommen hu wäiss Flecken. D'Bauchsäit ass giel. D'Weibchen an déi Jonk hunn e giele Kapp, de Männchen en orange-gielen. D'Zitrounesänger hunn donkelgro bis schwaarz Been, schwaarz Aen an e spatze laange Schniewel. Hire Kierper ass eng 14 Zentimeter laang.
Wou se liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den Zitrounesänger lieft an Amerika. Den typesche Liewensraum vum Zitrounesänger si Suppe mat Beem.
Wat se friessen
[änneren | Quelltext änneren]Zitrounesänger friessen Insekten, déi se meeschtens am vermuuschten Holz fannen, Schleeken a Kriibsdéieren. Jee no der Saison kommen nach Nektar an Uebst mat dobäi.
Wéi se sech reproduzéieren
[änneren | Quelltext änneren]Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- L.J. Petit: Prothonotary Warbler (Protonotaria citrea). in: The Birds of North America, No. 408, A. Poole and F. Gill, eds. The Birds of North America, Inc., Philadelphia, PA, 1999.