Zuchaccident zu Zoufftgen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zuchongléck zu Zoufftgen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Onglécksplaatz op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz
D'Automotrice vun der CFL.

Beim Zuchaccident zu Zoufftgen sinn den 11. Oktober 2006 e Persounenzuch an e Gidderzuch op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz bei der Uertschaft Zoufftgen kollidéiert.

Géint véirel vir 12 sinn um PK 203,700 d'Automotrice 2207 vun den CFL an e franséische Gidderzuch vun der Verbindung Basel - Beetebuerg op der Héicht vun der Grenz frontal kollidéiert.

Well de Persounenzuch zum Zäitpunkt vum Ongléck nach zum Deel op Lëtzebuerger Territoire stoung, hat d'Accident en internationalen Charakter.

Emstänn[änneren | Quelltext änneren]

Mëttwochs den 11. Oktober 2006 huet wéinst Aarbechten um franséischen Eisebunnsnetz eent vun den zwee Gleiser um internationale Streckenofschnëtt tëscht Beetebuerg an Diddenuewen missen tëscht 8:50 Auer a 16:30 Auer gespaart ginn. D'Zich sinn dowéinst op dem anere Gleis a béide Richtungen ënnert dem Regime vun der Installation permanente de contre-sens gefuer. Während e Gidderzuch vun der SNCF op deem Gleis a Richtung Beetebuerg ënnerwee war ass e Persounenzuch vun der CFL a Géigerichtung um selwechte Gleis vum Stellwierk Beetebuerg a Richtung Diddenuewen geschéckt ginn. Déi zwéin Zich si géint 11:44 Auer um Territoire vun der franséischer Gemeng Zoufftgen um PK 203,700 net wäit vun der franséisch-lëtzebuergescher Grenz anenee gerannt.[1]

Rettungsplang[änneren | Quelltext änneren]

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Bilan[änneren | Quelltext änneren]

De Bilan vum Accident war:

  • 6 Doudeger, 2 Lëtzebuerger a 4 Fransousen, dorënner de Machinist an en Aarbechter deen op dem gespaarte Gleis geschafft huet
  • 1 schwéier blesséierte Fransous, deen an e Spidol op Lëtzebuerg transportéiert gouf
  • 15 liicht Blesséierter, dorënner och Leit, déi ënner engem Schock gelidden hun, an déi op Diddenuewen an an d'Stad Lëtzebuerg bruecht goufen [2].

Enquête[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Accident a Frankräich an zu Lëtzebuerg passéiert ass, hunn de Parquet vun Diddenuewen a vu Lëtzebuerg parallel eng Enquête opgemaach, fir ze kläre wie Schold wier.

De Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Oktober 2007 huet de Stater Parquet sechs Agente vun den CFL wéinst onfräiwellegem Doutschlag an onfräiwelleger Kierperverletzung ugeklot. D'Charge géint zwéin Direktiounsbeamte goufen am weidere Verlaf fale gelooss.

An éischter Instanz goufen den 29. Januar 2009 veruerteelt:

De Fuerdéngschtleeder vun der Spéitschicht zu 4 Joer Prisong, dovun 2 Joer mat Sursis,
den Zuchmelder zu 46 Méint Prisong ouni Sursis,
de Weichesteller zu engem Joer Prisong mat Sursis,
de Fuerdéngschtleeder vun der Fréischicht zu 6 Méint Prisong mat Sursis.

Ausser dem Weichesteller goungen déi aner dräi an Appell.

Den 23. September 2009 huet de Prozess an zweeter Instanz um Appellatiounshaff ugefaangen. D'Urteel war dat heiten:

De Fuerdéngschtleeder, deen deemools de fatalen Ordre écrit erausginn hat, deen derzou gefouert huet, datt zwéin Zich um selwechte Gleis ënnerwee waren, an den Annonceur krute manner héich Strofe wéi an 1. Instanz, dat heescht 6 Méint feste Prisong an eng Geldstrof vun allkéiers 5.000 Euro; de Chef de circulation vun der Moiesschicht koum am Appell ouni Prisongsstrof dovun, huet awer och 5.000 € bezuele missen. D'Partie-civilen hunn iwwerdeems an engem 1. Volet am Ganzen 105.000 € zougesprach kritt.[3]

Monument[änneren | Quelltext änneren]

Op der Plaz vum Accident gouf 2009[4] nieft de Gleiser am Bësch e Monument mat zwéi marbers Stäiler opgeriicht, fir un d'Affer z'erënneren. (Bild op Panoramio)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]