Kifer zu Bierschbech

Vu Wikipedia
Kifer zu Bierschbech
D'Schwaarzkifer (2008) a Richtung Rolleng gekuckt
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Koordinaten 49°44'39,520"N, 6°6'47,632"O
Bamaart Schwaarzkifer
Geschaten Alter 165 Joer
Status Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
Héicht 21 m (2002)
Duerchmiesser 0,91 m (2002)
Ëmfang 2,86 m (2002)
Kifer zu Bierschbech (Lëtzebuerg)
Kifer zu Bierschbech
Kifer zu Bierschbech
Lag vum bemierkenswäerte Bam

D'Kifer zu Bierschbech, war eng Schwaarzkifer (Pinus nigra, (fr) pin noir, (de) Schwarzkiefer oder Schwarzföhre) déi bis 2015 zu Bierschbech an der Gemeng Miersch stoung an déi zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert huet.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Bam stoung zu Bierschbech an der Sektioun Rolleng vun der Gemeng Miersch, am Park vum Blannenheem laanscht d'Haaptstrooss (N7).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert hat den Nottär Michel Clement sech zu Bierschbech eng Villa gebaut a ronderëm e Park amenagéiere gelooss. D'Schwaarzkifer war also ronn 165 Joer al wéi s'ëmgehae gouf.[1]

D'Proprietéit huet e puermol de Besëtzer gewiesselt, ier se vun der leschter Besëtzerin un d'Blannevereenegung verierft gouf. 1972 sinn déi éischt Blann an d'Heem agezunn. Zanterhier gouf d'Villa e puermol ëmgebaut an nei Gebaier koumen derbäi. Zënter 2016 sinn en Altersheem an e Foyer fir blann Leit am Komplex ënnerbruecht.[1]

2015 gouf de Bam wéinst enger méiglecher Gefor fir de Stroosseverkéier ewechgeholl.

Am Park stoung bis 2001 e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum) mam selwechten Alter wéi d'Schwaarzkifer. Et war geplangt de Käschtebam 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg ze setzen; de Bam gouf awer 2001 ouni erkennbare Grond ewechgeholl.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De Bam stoung zënter dem 29. Mäerz 1974 am Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer [2]
2000 2,86 0,91 21,00

= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht

Biller[änneren | Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 198-199, Foto an Text)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kifer zu Bierschbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Les arbres remarquables, 2002. Xf. Literatur
  2. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur