54 Piscium

Vu Wikipedia
54 Piscium
Infrarout-Foto vum 54 Psc (Spitzer-Weltraumteleskop); agekreest: de brongen Zwerg 54 Psc B
Stärebild: Pisces (Psc)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 00h 39m 21,8s
Deklinatioun + 21° 15' 02"[1]
visuell Magnitude 5,80 mag
Spektralklass: K0 V
Astrometrie
Radialvitess: (−34 ± 2) km/s
Parallax: (90,03 ± 0,72)[1]
Distanz (36,23 ± 0,29) Lj.[1]
Physikalesch Eegenschaften
Mass: zirka 0,8 M☉
Radius: (0,95 ± 0,03) R☉
Metallizitéit: zirka +0,05
(zirka 110 % vun der Sonn)
Uewerflächentemperatur zirka 5200 K
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +20° 85
GJ GJ 27
Bright Star Catalogue HR 166
Flamsteed-Bezeechnung 54 Piscium
Henry-Draper-Katalog HD 3651
Hipparcos-Katalog HIP 3093
LHS LHS 1116
SAO SAO 74175
Tycho-Katalog TYC 1193/2072/1
Weider Katalogen LTT 10224 • LFT 59 
NSV 245 • WDS 00394+2115

De 54 Piscium (kuerz 54 Psc), oder als HD 3651 bekannt, ass e Planéitesystem am Stärebild Pisces (Fësch). Den Zentralkierper ass en Haaptreiestär mat enger visueller Magnitude vu 5,9 an der Spektralklass K0. D'Distanz bis op eis Äerd ass nëmme 36 Liichtjoer an ënner gudde Bedéngungen ass de Stär mat bloussem A ze gesinn.

Den Zentralstär, deen zur Ofgrenzung vun den iwwrege Kierper am System, als 54 Piscium A bezeechent gëtt, dacks awer och einfach als 54 Piscium, gëtt vun zwéin substellare Begleeder ëmkreest, fir deenen hir Identifikatioun meeschtens d'Katalogbezeechnung vum System am HD-Katalog gebraucht gëtt. Den Zentralstär gëtt op engem relativ klengen Ofstand vun engem Exoplanéit, HD 3651 b, an op enger méi grousser Distanz vun engem brongen Zwerg, HD 3651 B, begleet.

Zentralstär[änneren | Quelltext änneren]

De 54 Piscium A (HD 3651 A) huet ongeféier 80 Prozent vun der Mass vun eiser Sonn an ass eppes manner hell. Seng Metallizitéit huet zirka 110 Prozent vun eiser Sonn (op d'Eise bezunn). Et konnt e ronn 13-järlechen Aktivitéitszyklus beim Stär observéiert ginn. Dat suggeréiert, datt d'Haaptkomponent vum System magnéitesch aktiv ass. Intensiv Observatiounen a Miessunge vun Emissiounsstäerkte leeën no, datt de 54 Piscium A e Kandidat fir en Aktivitéitsminimum ass, dee geschwë soll sinn (vgl. Maunder-Minimum).

Brongen Zwerg[änneren | Quelltext änneren]

Den HD 3651 B (54 Piscium B) ass e Methanzwerg vun der Spektralklass T7 bis T8. D'Wénkeldistanz zum Zentralstär ass 43", wat eng Distanz vun zirka 480 AE entsprécht. Hie brauch fir en Ëmlaf iwwer 1000 Joer an huet op d'mannst déi 50-fach Jupitermass.[2] De 54 Piscium B gouf onofhängeg vunenee mam Spitzer-Weltraumteleskop (Luhman et al. 2007) a vu buedemgestëtzten Teleskopen (Murgauer et al. 2006) entdeckt.

Exoplanéit[änneren | Quelltext änneren]

Den HD 3651 b (54 Piscium b, formal a wéinst Verwiesselungen och HD 3651 Ab) ass en Exoplanéit mat enger Mindestmass vun zirka 0,23 Jupitermassen an enger siderescher Ëmlafzäit vun 62,206 Deeg, deen den Zentralstär vum System op enger Distanz vun zirka 0,30 A. E. bei enger Exzentrizitéit vun 0,6 ëmkreest.

Hie gouf am Joer 2003 vum Paul Butler et al. mat der Radialvitessmethod entdeckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Hipparcos-Katalog
  2. SPACE.com – Distorted Solar System Discovered