Ania Polfer

Vu Wikipedia
Ania Polfer
Gebuer 1978
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Ania Polfer, gebuer 1978 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Molerin an diploméiert Konschttherapeutin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hir Maîtrise en Arts Plastiques huet si op der Université de Provence zu Aix-en-Provence gemaach. Op der Universitéit vu Lëtzebuerg huet si dunn nach en DESS an Art-Thérapie drugehaangen. Haut wunnt a schafft si zu Veianen.

Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Hir Biller moolt si haaptsächlech mat der Drippingmethod vum Jackson Pollock, well dës Technik si un hire Grousspapp erënnert, dee Bäcker war, wéi dee mam waarme Schockela Kuchen dekoréiert huet.

Hiert Haaptmotiv ass de Bam. Et gi keng zwéi Beem déi d'selwecht sinn. Et ass fir si wéi eng passiv Revolt géint d'Ofholze vun den Urbëscher. Déi gemoolt Beem sti souzesoen als Erënnerung un déi ëmgeluecht Beem aus den Urbëscher. Zanter der Serie fir den 20. Anniversaire vum Radio ARA ass och den Doudekapp mat Kopfhörer e Motiv dat an de verschiddenste Faarwen a Formen ëmmer erëmkënnt.

Als begeeschterte Rock- a Metal-Auditeur dréckt si déi opgehollen Energie och an hire Molereien aus. Zemools d'Drums gesäit een ëfters duergestallt. Och den Tëntefësch ass e Motiv dat ee bei hir dacks begéint. Et ass hire Lien zum Mëttelmier an zu de geschwongene Linne vum Modernismo catalán, dee si zanter hirer Kandheet am Gaudí senger Stad verënnerlecht huet.

Allgemeng wierken hir Biller éischter graphesch.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

An der Konschttherapie huet si sech op d'Problemer vun Héichbegaabte spezialiséiert.

Si ass Grënnungsmember vum Veiner KonschTour a Kommiteesmember vu ViArt, vun der ARC asbl a vu Mensa Lëtzebuerg asbl. Ausserdem ass si aktiv an der Veiner Kulturkommissioun a Member vun der Jury bei der Déifferdenger JugendKonschtWoch "JuKoWo".

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • bal iwwerall zu Lëtzebuerg
  • Aix-en-Provence
  • Ottange
  • Audun-le-Tiche
  • St Génis-des-Fontaines
  • Collioure
  • Berlin

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]