Avenue du Dix-Septembre

Vu Wikipedia
Avenue du Dix-Septembre
Numm lb: Lonkecher Strooss
fr: Avenue du Dix-Septembre
Fréieren Numm fr: Route de Longwy
de: Longicher Straße
Deel vun N5
Längt ca. 1.000 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode 2550,
2551
Koordinaten 49° 36’ 31’’ N
      06° 06’ 55.8’’ O

D'Avenue du Dix-Septembre (och nach an der Schreifweis X septembre oder 10 septembre ze fannen, op Lëtzebuergesch nach dacks Lonkecher Strooss sou wéi se fréier housch) ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Et ass d'Verlängerung vun der Avenue Monterey, vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte u bis op d'Place de France. Se ass en Deel vun der N5.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Longicher Straße” geheescht.

D'Strooss krut hiren Numm als Erënnerung un d'Liberatioun vun der däitscher Besatzung duerch d'Amerikaner; den 10. September 1944 ass déi 5. US-Panzerdivisioun ënner dem Generol Lunsford E. Oliver iwwer dës Strooss an d'Stad erakomm[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue du Dix Septembre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich, 1981. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 7: 25