C/2011 L4 (PANSTARRS)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
C/2011 L4 (PANSTARRS)
De Koméit PanSTARRS opgeholl vum Gingin Observatoire
Orbittyp Hyperbel (laangperiodesch)
Grouss Hallefachs 26,092
Perihel 0,3016 AE
Aphel onbekannt
Numeresch Exzentrizitéit 1.00
Perihelduerchgank 10. Mäerz 2013[1]
Ëmlafdauer 110000 a[2]
Ëmlafvitesse 76,7 km/s
Physikalesch Eegeschafte vum Kär
Duerchmiesser  ?
Entdecker Pan-STARRS
Entdeckungsdatum 6. Juni 2011
Aner Bezeechnungen -

Den C/2011 L4 (PANSTARRS) ass e netperiodesche Koméit, deen am Juni 2011 entdeckt gouf. Et gëtt erwaart, datt hien a sengem Perihel mat dem bloussem A ze gesinn ass.[3] De Koméit gouf mat dem Pan-STARRS-Teleskop opfonnt, deen um Bierg Haleakala op der Insel Maui steet.

Den C/2011 L4 hat eng visuell Magnitude vun 19 mag wou hien am Juni 2011 entdeckt gouf.[4] Am Mee 2012 hat sech de Koméit schonn op 13,5 mag opgehellt,[5] a ka schonn mat groussen Amateur-Teleskopen gekuckt ginn. De 5. Mäerz 2013 erreecht den C/2011 L4 mat 1,09 AE déi noost Distanz zu der Äerd.[6] De Perihel gëtt den 10. Mäerz 2013 erreecht.[1]

De Koméit C/2011 L4 brauch méiglecherweis Millioune Joer vun der Oort-Wollek bis an dat bannenzegt Sonnesystem. No dem Perhelduerchgank gëtt erwaart, datt de Koméit op eng Ëmlafbunn mat enger Period vu ronn 110000 Joer aschwenken wäert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: C/2011 L4 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]