Claude Lamberty

Vu Wikipedia
Claude Lamberty
Gebuer 24. September 1976
Houwald
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Enseignant
Partei Demokratesch Partei

De Claude Lamberty, gebuer de 24. September 1976, ass e lëtzebuergeschen DP-Politiker.

De Claude Lamberty huet am Stater Kolléisch seng Première ofgeschloss. Um ISERP huet hie säin Diplom als Schoulmeeschter ofgeschloss. Ier hien Deputéierte gouf war de Claude Lamberty Enseignant am Lycée technique de Bonnevoie.

Hien ass zanter 1995 Member vun der Jeunesse démocrate et libérale, vun där en 2002 Generalsekretär gouf a vun 2006 bis 2010 Nationalpresident war.

Zanter 2008 ass de Claude Lamberty Member vum Gemengerot an der Gemeng Hesper a war do tëscht Mäerz 2008 an Dezember 2011 och Schäffen, an de Beräicher Sport, Ëmwelt a Mini Hesper (Vakanzaktivitéiten). Zanter de Gemengewale vum Oktober 2011 ass hien do DP-Fraktiounschef.

Hien ass den 19. Januar 2016, nodeems de Guy Arendt Enn 2015 Staatssekretär gouf, als Nächstgewielten op der DP-Zentrumslëscht vun de Chamberwale vun 2013, fir deen als Deputéierten an d'Chamber nogeréckelt.[1] Den 21. Januar 2020 ass hie fir d'Joëlle Elvinger, déi Member vum Europäesche Rechnungshaff gouf, als nächstgewielten DP-Vertrieder am Zentrum, an d'Chamber nogerëtscht.[2] Hien huet säi Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.

Zanter Mäerz 2013 ass hie mat senger Ekipp vun 12 weidere Leit un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun gewielt.

Den 12. Juni 2022 gouf hien um Nationalkongress vun der DP zum Vizepresident vun där Partei (erëm?)gewielt.[3]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Claude Lamberty a prêté serment." wort.lu, 20 janvier 2016 à 11:59.
  2. "E spannend Mandat fir eng iwwerzeegten Europäerin." rtl.lu, 04-12-2019.
  3. "De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP." rtl.lu, 12.06.2022.
  4. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.