De Mythos vun der Onofhängegkeet 1839

Vu Wikipedia
Plakat vun 1939.
Kaart zum Art. 2 vum Traité vu London (1839) iwwer d'Deelung vu Lëtzebuerg.

1839, am Traité vu London, ass de Grand-Duché, deen 1815 um Wiener Kongress geschaf gi war, duerch d'Applikatioun vum Traité vun de 24 Artikelen (1831) tëscht dem neie belsche Kinnekräich an dem Kinnek vun Holland, dem Wëllem I., opgedeelt ginn. Mat deem Kompromëss ass ee Schlussstréch ënner d'Episod vun der belscher Revolutioun gezu ginn.

Erënnerungsplack vun de Bierger vum Kierchbierg, 9.7.1939

Zu Lëtzebuerg gouf an enger ganzer Rei vun historeschen a politesche Schrëfte[1] joerzéngtelaang vun "Onofhängegkeet" geschwat, woubäi ee sech mol sollt froen, ob et net vläicht méi richteg gewiescht wier, vu "staatlecher Autonomie" oder vläicht vu "Souverainetéit" ze schwätzen.

Wann ee gesäit, datt d'Lëtzebuerger Land, dat zanter 1815 Member vum Däitsche Bond war an zanter 1842 och nach am preisesch beherrschten däitschen Zollveräin integréiert war, 1848 op een Hoer mat deenen aneren "däitsche" Staaten an e vereenegt Däitschland opgaange wier, wéi d'Unifikatioun (ouni Éisträich) demokratesch ugestrieft gouf, da kann een net gutt behaapten, Lëtzebuerg wier zanter 1839 "onofhängeg" gewiescht. Och 1867 war et bal mat Lëtzebuerg geschitt, wéi den deemolege Grand-Duc, de Wëllem III., och nach Kinnek vun Holland, säi Grand-Duché un den Napoleon III., Keeser vun de Fransouse, verkafe wollt.

No 1867, wéi Lëtzebuerg an engem neien Traité vu London neutral gi war, ass de Grand-Duché effektiv ëmmer méi autonom a souverän ginn: 1868 krut d'Land eng nei liberal Verfassung, d'Industrialiséierung ass richteg op d'Toure komm, 1870/73 ass de Bistum Lëtzebuerg geschaf ginn an 1890 krut d'Land, mat der Famill vun Nassau-Weilburg, eng eegen Herrscherdynastie.

1839 ass am Fong soss näischt geschitt, wéi datt d'Lëtzebuerger Land gedeelt gouf. An deene Joren duerno ass allerdéngs ee lëtzebuergesche Staat, mat engem eegene Grondgesetz (1841) a mat lëtzebuergesche Staatsbeamten, entstanen, a mat der Entdeckung vum Minett an der Integratioun an den Zollveräi goung et geschwë biergop.

D'Iddi, datt Lëtzebuerg 1839 "onofhängeg" gi war, ass eréischt 1939, als Message un Hitlerdäitschland, "erfonnt" ginn. De Centenaire vun der Deelung vun 1839 ass benotzt ginn, fir der ganzer Welt, a besonnesch den Däitschen, nach eng Kéier matzedeelen, datt Lëtzebuerg mëttlerweil eng stabil Existenz opzeweisen hat, an datt d'Lëtzebuerger op kee Fall hir rezent Onofhängegkeet wéilte verléieren. Dat ganzt Joer duerch goufe Festivitéiten uechter d'Land organiséiert, Riede gehalen, Monumenter ageweit a Fräiheetsbeem geplanzt.[2]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Onofhängegkeetsfeierlechkeeten 1939.

Lëtzebuerg de Lëtzebuerger a mir wëlle bleiwe wat mir sin zu Bauschelt

Duerno war de Mythos perfekt, an et gouf (a gëtt nach dacks) behaapt, Lëtzebuerg wier schonn 1839 "onofhängeg" ginn. Sou gouf och 1989 eng grouss 150-Joer-Feier organiséiert; ë. a. gouf et eng grouss historesch Ausstellung an denale Foires-Halen um Lampertsbierg ënnert dem Motto De l'Etat à la Nation. 150 Joer onofhängeg, an et gouf e Staatsakt um Anniversaire vun der Ënnerschrëft vum Traité vu London, op deem déi haiteg Staats- oder Regierungscheffe vun de Länner, déi deemools ënnerschriwwen haten, present waren. Den Historiker, déi den Datum vun 1839 kritesch ënner d'Lupp geholl hunn, huet do dergéint bal keen nogelauschtert.

Aner Datumen, déi d'Entstoe vum Land besser kéinte symboliséieren, wéi d'Schafe vum Groussherzogtum um Wiener Kongress, 1815, oder d'Unhuele vun enger éischter Verfassung, 1848, hu sech bis ewell an der kollektiver Erënnerung, resp. an der Erënnerungskultur, kaum duerchgesat.

Sougenannt Fräiheetsbeem, déi 1939 geplanzt goufen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Auguste Collart, Am Wege zur Unabhängigkeit Luxemburgs ; Lëtzebuerg, Verlag Linden, 1938; 448 Säiten (ill.); behandelt d'Zäitspan 1780-1867.
  • Hengen, Jean (Mgr), 1839-1989: 150 Joer Onofhängegkeet - Trei der Vergaangenheet, der Zoukonft verflicht. E Schreiwes vum Erzbëschof (sic) vu Lëtzebuerg fir den nationale Jubiläum vum 19. Abrëll 1989 / Der Vergangenheit treu, der Zukunft verpflichtet. Ein Wort des Erzbischofs von Luxemburg zum 150. Gedenkjahr der Luxemburger Unabhängigkeit ; Broschür, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1989; 48 Säiten.
  • Kayser, Edouard M., 1988. État, Nation, indépendance, dynastie... Les prétextes aux commémorations de 1839 dans leur perspective historique. In: Ré-Création 4, Dikrech (Verlag vun der APESS); Ss. 5-10 (ill.).
  • Kayser, Edouard M., 1990. Quelque part entre Vienne et Londres... Le Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à 1967 ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 110 S. (ill., Bibliogr.).
  • (Kollektiv), 1839-2014: 175 Joer Onofhängegkeet, Bäilag am Luxemburger Wort, 19. Abrëll 2014, 24 S.
  • (Kollektiv; ë. a. Denis Scuto), 1839-2014: 175 Jahre Unabhängigkeit Luxemburgs - Die Erfindung eines Geburtstags ; in Tageblatt, Ausgab vum 29. Abrëll 2014; vgl. Dossier Ss. 10-14!
  • Krieps, Robert, 1989. Notre indépendance n'est pas un don des dieux ; in: Rappel, Jgg. 44 (Lëtzebuerg, 1989), Nr. 5/6; Ss. 5-11.
  • Müller, Pierre-Joseph, 1968. Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. [Ikonographie zsgst. a beaarb. vum Antoine May, vum Marcel Schroeder a vum Nicolas Muller ; Virwuert vum Pierre Grégoire ; Schutzëmschl. an Aband vum Pit Ludwig]. 4. erw. Oplo. Lëtzebuerg; Verlag 'De Frëndeskrees'. Drock: Bourg-Bourger. 547 Säiten.
  • Spirinelli, Fabio, 2019. Le Centenaire de l'Indépendance en 1939: une célébration dans l'esprit de son époque. Tageblatt 2019-04-20, S. 4.
  • Trausch, Gilbert, 1989. La signification historique de la date de 1839 - Essai d'interprétation. Lëtzebuerg (Staatsministère), 36 Säiten (ill.).
  • Weber, Paul, 1961. Histoire du Grand-Duché de Luxembourg. 4. aktualiséiert an ergänzt Editioun. Bréissel; 'Office de publicité, S.A., Éditeurs'; Collections Lebègue & Nationale, Band Nr. 97. L. 131 Säiten.
  • Wey, Claude, 1989. Le Centenaire de l'Indépendance et sa commémoration en 1939 ; in: Hémecht, Jgg. 41 (Lëtzebuerg, 1989), Heft 1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beispiller:
    • Weber (1961, cf. Literatur): Iwwerschrëft op Säit 77: L'Indépendance et le troisième Partage (1839), woubäi mer hei mat engem anere Mythos konfrontéiert ginn.
    • Muller (1968, cf. Literatur), S. 229: Die wallonischen Distrikte des Grossherzogtums kommen an Belgien. (...). Drei Distrikte (...) bilden das unabhängige Grossherzogtum.
  2. Cf. z. B. d'Nationalmonument vun der Onofhängegkeet, op Franséisch « Monument national de l'indépendance », gouf op engem Hiwwel südwestlech vu Miersch opgeriicht, deen zanterhier Krounebierg genannt gëtt.