Dustin Hoffman
Dustin Hoffman | |
---|---|
am Joer 2013 | |
Gebuer |
8. August 1937 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Santa Monica College, Neighborhood Playhouse, Los Angeles High School |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmregisseur, Synchronspriecher, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Filmproduzent, Theaterproduzent, Televisiounsschauspiller, Televisiounsmoderateur |
Partei | Democratic Party |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Lisa Hoffman |
Kanner | Jake Hoffman |
Den Dustin Lee Hoffman, gebuer den 8. August 1937 zu Los Angeles, ass e US-amerikanesche Filmproduzent, Filmregisseur a Schauspiller, dee fir seng Interpretatiounen e puermol e Golden Globe an en Oscar gewonnen huet. hien ass zëneter den 1970er Joren ee vun de profiléiertste Charakter-Schauspillere vum US-amerikanesche Film.
Den Dustin Hoffman huet ufanks Musek studéiert, ass dann awer op Schauspillerei gewiesselt, well een do, wéi e sot, besser Meedercher kenne léiere konnt. An den 1960er Joren huet hien Theater, duerno och kleng Tekevisiounsroller gespillt. 1967 huet en, als zweet Kinosroll, dHaaptroll am Mike Nichols sengem The Graduate gespillt, wou e, mat 30 Joer, en zwanzegjärege Student gespillt huet, dee vun enger duebel sou aler Fra, der Mrs. Robinson, verfouert gëtt. Duerno koumen Haaptrollen am Film Midnight Cowboy (1969), wou en en doudkranke klenge Brigang gespillt huet, an den Anti-Western Little Big Man (1970), wou en dem Haaptpersonnage säi Liewen tëscht 17 an 120 Joer interpretéiert huet. 1973 huet en de Prisonéier Louis Dega am Film Papillon gespillt.
1974 huet en den Entertainer Lenny Bruce a Lenny vum Bob Fosse interpretéiert, an 1976 de Journalist Carl Bernstein (nieft dem Robert Redford als Bob Woodward) an der Geschicht ëm d'Watergate-Affär All the President's Men. Dat selwecht Joer war en am Thriller Marathon Man ze gesinn, wou säi Personnage vum fréiere KZ-Dokter Szell (Laurence Olivier) brutal mat engem Zännbuerer gefoltert gëtt. 1978 huet en a Straight Time e Kriminelle gespillt, deen op Surcis fräigelooss gouf, ma dann nees réckfälleg gouf. 1980 krut den Hoffman fir seng Roll als Papp, deen ëm d'Garde vu sengem Kand kämpft, säin éischten Oscar.
An den 1980er Joren hat hien ë. a. an der Travestie-Comédie Tootsie vum Sydney Pollack, an der Verfilmung vum Arthur Miller sengem Theaterstéck Death of a Salesman vum Volker Schlöndorff an als Autist a Rain Man (1989) grousse Succès; fir dee leschtgenannte krut hie säin zweeten Oscar.
Duerno koume Genre-Filmer no, wéi Family Business (1989), Hook (1991), Outbreak (1995), Sphere (1998) oder Wag the Dog mam Robert de Niro (1997), deen en och mat produzéiert huet.
2003 huet e mat sengem Kolleeg Gene Hackman an der Verfilmung vum John Grisham sengem Runaway Jury matgespillt, an zwee Joer drop a Meet the Parents (mam Robert de Niro a Ben Stiller), vun deem et och zwou Fortsetzunge gëtt. Weider war hien 2006 an der Verfilmung vum Patrick Süskind sengem Bestseller aus den 1980er Joren Das Parfum - Die Geschichte eines Mörders ze gesinn.
Dustin Hoffman
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 2012: Quartet - Haaptacteuren: Maggie Smith, Tom Courtenay
als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1967: The Tiger Makes Out - Regie: Arthur Hiller - Haaptacteuren: Eli Wallach, Anne Jackson
- 1967: The Graduate - Regie: Mike Nichols - Haaptacteuren: Anne Bancroft, Katharine Ross
- 1968: Un dollaro per 7 vigliacchi - Regie: Giorgio Gentili - Haaptacteuren: Elsa Martinelli, Cesar Romero
- 1969: Sunday Father - Regie: Paul Leaf - (Kuerzfilm)
- 1969: Midnight Cowboy - Regie: John Schlesinger - Haaptacteuren: Jon Voight, Sylvia Miles
- 1969: John and Mary - Regie: Peter Yates - Haaptacteuren: Mia Farrow, Michael Tolan
- 1970: Little Big Man - Regie: Arthur Penn - Haaptacteuren: Faye Dunaway, Chief Dan George
- 1971: Who Is Harry Kellerman and Why Is He Saying Those Terrible Things About Me? - Regie: Ulu Grosbard - Haaptacteuren: Barbara Harris, Jack Warden
- 1971: Straw Dogs - Regie: Sam Peckinpah - Haaptacteuren: Susan George, Peter Vaughan
- 1972: Alfredo, Alfredo - Regie: Pietro Germi - Haaptacteuren: Stefania Sandrelli, Carla Gravina
- 1973: Papillon - Regie: Franklin J. Schaffner - Haaptacteuren: Steve McQueen, Victor Jory
- 1974: Lenny - Regie: Bob Fosse - Haaptacteuren: Valerie Perrine, Jan Miner
- 1976: All the President's Men - Regie: Alan J. Pakula - Haaptacteuren: Robert Redford, Jack Warden
- 1976: Marathon Man - Regie: John Schlesinger - Haaptacteuren: Laurence Olivier, Roy Scheider, Marthe Keller
- 1978: Straight Time - Regie: Ulu Grosbard - Haaptacteuren: Theresa Russell, Harry Dean Stanton
- 1979: Agatha - Regie: Michael Apted - Haaptacteuren: Vanessa Redgrave, Timothy Dalton
- 1979: Kramer vs. Kramer - Regie: Robert Benton - Haaptacteuren: Meryl Streep, Jane Alexander
- 1982: Tootsie - Regie: Sydney Pollack - Haaptacteuren: Jessica Lange, Teri Garr
- 1985: Death of a Salesman - Regie: Volker Schlöndorff - Haaptacteuren: Kate Reid, John Malkovich
- 1987: Ishtar - Regie: Elaine May - Haaptacteuren: Warren Beatty, Isabelle Adjani
- 1988: Rain Man - Regie: Barry Levinson - Haaptacteuren: Tom Cruise, Valeria Golino
- 1989: Family Business - Regie: Sidney Lumet - Haaptacteuren: Sean Connery, Matthew Broderick
- 1990: Dick Tracy - Regie: Warren Beatty - Haaptacteuren: Warren Beatty, Charlie Korsmo
- 1991: Billy Bathgate - Regie: Robert Benton - Haaptacteuren: Nicole Kidman, Bruce Willis
- 1991: Hook - Regie: Steven Spielberg - Haaptacteuren: Robin Williams, Julia Roberts
- 1992: Hero - Regie: Stephen Frears - Haaptacteuren: Geena Davis, Andy Garcia
- 1995: Outbreak - Regie: Wolfgang Petersen - Haaptacteuren: Rene Russo, Morgan Freeman
- 1996: American Buffalo - Regie: Michael Corrente
- 1996: Sleepers - Regie: Barry Levinson - Haaptacteuren: Robert De Niro, Brad Pitt
- 1997: Mad City - Regie: Costa-Gavras - Haaptacteuren: John Travolta, Alan Alda
- 1997: Wag the Dog - Regie: Barry Levinson - Haaptacteuren: Robert De Niro, Anne Heche
- 1998: Sphere - Regie: Barry Levinson - Haaptacteuren: Sharon Stone, Samuel L. Jackson
- 1999: Joan of Arc - Regie: Luc Besson - Haaptacteuren: Milla Jovovich, John Malkovich
- 2002: Moonlight Mile - Regie: Brad Silberling - Haaptacteuren: Jake Gyllenhaal, Susan Sarandon
- 2003: Confidence - Regie: James Foley - Haaptacteuren: Edward Burns, Rachel Weisz
- 2003: Runaway Jury - Regie: Gary Fleder - Haaptacteuren: John Cusack, Gene Hackman
- 2004: Finding Neverland - Regie: Marc Forster - Haaptacteuren: Johnny Depp, Kate Winslet
- 2004: I Heart Huckabees - Regie: David O. Russell - Haaptacteuren: Jason Schwartzman, Isabelle Huppert
- 2004: Meet the Fockers - Regie: Jay Roach - Haaptacteuren: Robert De Niro, Ben Stiller
- 2004: A Series of Unfortunate Events - Regie: Brad Silberling - Haaptacteuren: Jim Carrey, Emily Browning
- 2005: The Lost City - Regie: Andy Garcia - Haaptacteuren: Andy Garcia, Bill Murray
- 2006: Perfume: The Story of a Murderer - Regie: Tom Tykwer - Haaptacteuren: Ben Whishaw, Alan Rickman
- 2006: Stranger than Fiction - Regie: Marc Forster - Haaptacteuren: Will Ferrell, William Dick
- 2006: The Holiday - Regie: Nancy Meyers - Haaptacteuren: Cameron Diaz, Kate Winslet
- 2007: Mr. Magorium's Wonder Emporium - Regie: Zach Helm - Haaptacteuren: Natalie Portman, Jason Bateman
- 2008: Kung Fu Panda - Regie: Mark Osborne, John Stevenson - (nëmme Stëmm)
- 2008: Last Chance Harvey - Regie: Joel Hopkins - Haaptacteuren: Emma Thompson, Eileen Atkins
- 2008: The Tale of Despereaux - Regie: Sam Fell, Rob Stevenhagen - (nëmme Stëmm)
- 2010: Barney's Version - Regie: Richard J. Lewis - Haaptacteuren: Paul Giamatti, Macha Grenon
- 2010: Little Fockers - Regie: Paul Weitz - Haaptacteuren: Robert De Niro, Ben Stiller
- 2011: Kung Fu Panda 2 - Regie: Jennifer Yuh Nelson - (nëmme Stëmm)
- 2014: Chef - Regie: Jon Favreau - Haaptacteuren: Jon Favreau, Scarlett Johansson
- 2014: Boychoir - Regie: François Girard - Haaptacteuren: Kathy Bates, Eddie Izzard
- 2014: The Cobbler - Regie: Tom McCarthy - Haaptacteuren: Adam Sandler, Steve Buscemi
- 2010: The Program - Regie: Stephen Frears - Haaptacteuren: Ben Foster, Guillaume Canet
- 2016: Kung Fu Panda 3 - Regie: Alessandro Carloni, Jennifer Yuh Nelson - (nëmme Stëmm)
- 2017: The Meyerowitz Stories (New and Selected) - Regie: Noah Baumbach - Haaptacteuren: Adam Sandler, Grace Van Patten
- 2019: L'uomo del labirinto - Regie: Donato Carrisi - Haaptacteuren: Toni Servillo, Valentina Bellè
TV
[änneren | Quelltext änneren]als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1961-1963: Naked City - (Tëleesserie) - (2 Episoden)
- 1962-1965: The Defenders - (Tëleesserie) - (2 Episoden)
- 1965: The Nurses - (Tëleesserie) - (1 Episod)
- 1966: The Journey of the Fifth Horse - Regie: Larry Arrick, Earl Dawson - Haaptacteuren: Susan Anspach, Michael Tolan
- 1966: The Star Wagon - Regie: Karl Genus - Haaptacteuren: Orson Bean, Eileen Brennan
- 1966: A Christmas Masque
- 1967: ABC Stage 67 - (Tëleesserie) - (1 Episod)
- 1968: Premiere - (Tëleesserie) - (1 Episod)
- 2005: Curb Your Enthusiasm - (Tëleesserie) - (1 Episod)
- 2011-2012: Luck - (Tëleesserie) - (10 Episoden)
- 2015: Esio Trot - Regie: Dearbhla Walsh - Haaptacteuren: Judi Dench, Polly Kemp
- 2016: Medici - (Tëleesserie) - (5 Episoden)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dustin Hoffman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- US-amerikanesch Filmschauspiller
- US-amerikanesch Filmregisseuren
- US-amerikanesch Filmproduzenten
- Oscar fir de beschte Schauspiller
- Gebuer 1937
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem dramatesche Film
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem Musical oder Kaméidisstéck
- Golden Globe fir de beschte Schauspiller an enger Miniserie oder Televisiounsfilm
- Golden Globe fir de beschten neie Schauspiller vum Joer
- Cecil B. DeMille Award