Edward Walter Maunder

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Edward Walter Maunder

Den Edward Walter Maunder, gebuer den 12. Abrëll 1851 zu London an och do gestuerwen den 21. Mäerz 1928, war en engleschen Astronom a Bibelfuerscher, dee besonnesch duerch seng Aarbechten iwwer de Sonnemagnéitismus an deem seng Aflëss op d'Äerd bekannt gouf.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Maunder gouf als jéngst Kand vun engem Methodistepriedeger gebuer. Hie war an de King's College vun der Universitéit London gaangen, ouni awer d'Studium ofzeschléissen. Säi Studium hat hie mat enger Aarbecht bei enger Bank finanzéiert.

1873 hat hien eng Plaz als Assistent fir Spektroskopie um Royal Greenwich Observatory ugeholl. Zu sengen Aarbechten huet d'Fotograféieren an d'Ausmoosse vu Sonneflecke gehéiert. Dobäi huet hien entdeckt, datt d'Breedegraden, op deenen d'Sonneflecke sinn, mat engem 11-järegen Zyklus vun der Sonnefleckenheefegkeet variéieren. 1904 huet hie seng Resultater a Form vun der Päiperleksgraphik publizéiert.

Zanter 1891 gouf hien a senge fotografeschen Aarbechte vu senger spéiderer Fra Annie Maunder, geb. Annie Scott Dill Russell, ënnerstëtzt. Si war eng um Girton College vu Cambridge ausgebilte Mathematikerin, déi en Hëllefsjob als „mënschleche Computer“ am Royal Observatory erhalen hat.

Ugereegt duerch d'Aarbechte vum Gustav Spörer, deen en Zäitraum vu manner Sonnefleckenzuell vu 1400 bis 1510 ausgemaach hat (de Spörer-Minimum), hat de Maunder d'Archive vum Observatoire duerchsicht a konnt 1893 dann dee spéider no him genannte Maunderminimum bekanntginn, deen haut op den Zäitraum 1645 bis 1715 datéiert gëtt.

De Maunder hat och de Mars observéiert a war ganz skeptesch an der Fro vun de Marskanäl. Versich haten hien iwwerzeegt, datt et sech ëm optesch Täuschunge handele misst. Entgéint vun deemools wäit verbreeter Meenung hat hien och d'Méiglechkeet vu Liewen um Mars verneent, op d'mannst net an där Form wéi mer si op eiser Äerd hunn. Zu sengen Éiere gouf Moundkrater Maunder an e Marskrater no him genannt.[1]

De Maunder war och eng dreiwend Kraaft bei der Grënnung vun der British Astronomical Association 1890. Hie war zanter 1875 Member (Fellow) vun der Royal Astronomical Society, hie wollt e Veräi vun Astronomen (Amateure an Professioneller) grënnen, deem all Interessent onofhängeg vu Stand a Geschlecht bäitriede konnt. Sou ware vun Ufank u Fraen aktiv bedeelegt, déi eréischt 1915 der Royal Astronomical Society bäitriede konnten. (Seng Fra gouf 1916 eng vun den éischte Membere.) Hie war den éischten Editeur vum Memberejournal, eng Funktioun, déi spéider seng Fra iwwerholl hat. Säin eelste Brudder, den Thomas Frid Maunder (18411935) war Matgrënner an 38 Joer laang Sekretär. D'Koppel Maunder hat nei villen Observatiounskampagnen deelgeholl.

De Maunder war zweemol bestuet. 1875 mat dem Edith Hannah Bustin. Hei goufe 5 Kanner gebuer. Seng 1. Fra d'Hannah Maunder war 1888 un TBC gestuerwen. 1895 hat hie sech du mat der Annie Scott Dill Russell bestuet. An deem Bestietnes gouf et keng Kanner.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • E. Walter Maunder FRAS: The Royal Observatory, Greenwich: A Glance at its History and Work, (1900)
  • E. Maunder: Astronomy without a Telescope, (1902)
  • E.W. Maunder: Note on the distribution of sun-spots in heliographic latitude, 1874-1902, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 64, (1904) p. 747-761
  • E. Maunder: Astronomy of the Bible: An Elementary Commentary on the Astronomical References in the Holy Scripture, (1908)
  • A. and E. Maunder: The Heavens and their Story, (1909)
  • E. Maunder: Are the Planets Inhabited?, (1913)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Willie Wei-Hock Soon and Steven H. Yaskell: The Maunder Minimum and the Variable Sun-Earth Connection, World Scientific, 2003, ISBN 981-238-274-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. MARS,MAUNDER nssdcftp.gsfc.nasa.gov (Abgerufen am 10. Mai 2010)