Euro Space Center

Vu Wikipedia
Euro Space Center bei Redu an der Belsch
Modell vum ESA-Lander, der Rosetta-Raumsond Philae, déi am Euro Space Center ausgestallt ass

Den Euro Space Center ass e wëssenschaftleche Musée a Konferenzzentrum zu Transinne bei Redu an der Belsch dee sech mat der Raumfaart befaasst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1968 gouf vun der ESA (European Space Agency) en Zentrum fir Satellitteverfollgung zu Redu opgeriicht. Deen deemolege Buergermeeschter Magin hat 1972 eng grouss Ausstellung zum Theema Weltraum zu Redu organiséiert. D'Rakéit Europa 2, déi haut virum Euro Space Center ausgestallt ass, gouf vu Le Havre op den Euro Space Center bruecht.

D'Entscheedung, e Space Camp opzeriichten, gouf vum Jacques Planchard, dem Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg, essentiell beaflosst, sou datt et zu Huntsville (Alabama) zu Gespréicher tëscht der USSCF an der Intercommunale d'équipements économiques de la Province de Luxembourg koum. Am September 1990 gouf de Grondstee fir den Euro Space Center geluecht, dee schonn am Juni 1991 offiziell ageweit an opgemaach konnt ginn. Am Mäerz 1994 gouf ënner dem Virsëtz vum belschen Astronaut Dirk Frimout d'Euro Space Society gegrënnt. De belsche Ministère fir Bildung erkennt zanter September 1995 déi pedagogesch Programmer vum Euro Space Center un. Am Juni 2000 krut den Euro Space Center den Erliefnesrondgank "A Space Odyssey". Zanterhir gouf eng modern Solar-Fassad an eng nei Zoufaartstrooss gebaut.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]