Fern Weirich

Vu Wikipedia
Fern Weirich
Gebuer 29. Mäerz 1948
Rodange
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur, Illustrateur
Famill
Bestuet mat Beate
Resurrection (comicstyle). Originalzeechnung vum Fern Weirich - 5/2008.
Planche aus der BD Lawman. Originalzeechnung vum Fern Weirich - 2008.

De Fern(and) Weirich, gebuer den 29. Mäerz 1948 zu Rodange, ass e lëtzebuergesche Comiczeechner deen zanter 2010 an Däitschland lieft.

Hien huet eréischt mat 40 Joer ugefaange mat sengen Zeechnungen an d'Ëffentlechkeet ze goen (sporadesch am Lëtzebuerger Journal, Tageblatt, Gaart an Heem....) Vun 1998 bis 2003 huet en als Redaktiouns-Cartoonist a Karikaturist reegelméisseg an der Wochenzeitung Le Jeudi an duerno bis Enn 2006 an der Dageszeitung Le Quotidien gezeechent. 2000 bis 2002 huet en an dem Mensuel Autorevue seng éischt humoristesch Bande dessinée publizéiert. 2006 huet hie mat der Presseaarbecht opgehalen an zeechent just nach BDen an Illustratiounen, déi en ë. a. am däitsche Verlag TheNextArt an am franzéisesche Verlag Y.I.L. publizéiert.

2010 an 2013 huet e mat der däitscher Fantasyauteurin Beate Weirich zwéi Projete realiséiert: eng Romanrei ënner dem Titel: "Die Siegelwelt-Chroniken" an eng Graphic-Novelrei ënner dem Titel: "Wurzelwelt-Chronik".

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997 – Cartoons contra racism – De Flautert – Cartoons (Anthologie)
  • 1998 – Der Raubritter von Heringen – Edition Emile Borschette - Illustratiounen
  • 1998 – De Nächsten – Edition Kiischpelter - Cartoons
  • 1999 – Pater Noster I. – Éditions Le Phare - Cartoons
  • 2000 – Plein-Air – Éditions Le Phare - Cartoons
  • 2001 – De Bréifdréier – Edition Cartoon - Cartoons
  • 2001 – Chaque jeudi – Éditions Le Phare - Cartoons
  • 2002 – Vive L´école – Éditions Le Phare - Cartoons
  • 2003 – Medieval – Edition Cartoon - Artworks
  • 2003 – Naval – Edition Cartoon - Artworks
  • 2004 – Pater Noster II. - Éditions Le Phare - Cartoons
  • 2005 – SOS Comics – BOD - Cartoons (Anthologie)
  • 2007 – Max I. – Edition Cartoon - Bande dessinée
  • 2007 – Das Tal (1. Deel) – Verlag TheNextArt – Bande dessinée (Anthologie)
  • 2007 - Face à l´emploi – Equal - Bande dessinée (zesumme mam Andy Genen)
  • 2007 – Frissons lovecraftiens – Edition BD-Lune - Bande dessinée (Anthologie)
  • 2008 - Das Tal (2. Deel) – Verlag TheNextArt – Bande dessinée (Anthologie)
  • 2008 – Artwork 1 - Verlag TheNextArt – Illustratiounen
  • 2008 - 10 ans Opalebd - Éditions de la Fibule - Illustratioun (Anthologie)
  • 2013 - Artwork 2 - Verlag TheNextArt – Illustratiounen
  • 2017 - Humoristic Luxembourg - CartoonArt.lu Éditions - Illustratiounen (Antologie)
  • 2018 - Artwork 3 - Verlag TheNextArt - Illustratiounen/Fanart
  • 2018 - Artbook - Éditions Y.I.L. - Illustratiounen
  • 2018 - Branded Nation - CartoonArt.lu Éditions / Mouvement Ecologique asbl - Illustratiounen (Antologie)
  • 2019 - Grotesques - Éditions YIL - Illustratiounen
  • 2020 - Conan - fern.comics - Fan-art (tiré à part aus dem Artbook 2018)
  • 2020 - Woman - Éditions YIL - Illustratiounen
  • 2020 - Carbonara - fern.comics - Skizzebuch
  • 2020 - Le Petit Peuple - 1. La grande marche - Tuttistori Editions - bande dessinnée
  • 2020 - Carbonara - Sketchbook - fern.comics
  • 2021 - Sinnerman t.1 - Pas de pardon pour les pécheurs - Verlag TheNextArt - western comic
  • 2022 - Westward - Verlag TheNextArt - western artbook
  • 2022 - Humoresques - Cartoons 1997-2004 - fern.comics - cartoons

mat senger Fra Beate Weirich:

  • 2011 - Die Siegelwelt-Chroniken - Von den Anfängen - Armadillo-Collection - 4 Kuerzgeschichten - (Illustratiounen)
  • 2011 - Die Siegelwelt-Chroniken - Das Vermächtnis - Armadillo-Collection - 1 Kuerzgeschicht - (Illustratiounen)
  • 2011 - Die Siegelwelt-Chroniken - Die Schatzsuche - Armadillo-Collection - 1 Kuerzgeschicht - (Illustratiounen)
  • 2011 - Sie Siegelwelt-Chroniken -... zweifeln - Armadillo-Collection - 1 Kurzroman - (Illustratiounen)
  • 2011 - Sie Siegelwelt-Chroniken - Der Auftrag - Armadillo-Collection - 1 Kurzroman - (Illustratiounen)
  • 2011 - Sie Siegelwelt-Chroniken - Nichts als Ärger - Armadillo-Collection - 1 Kurzroman - (Illustratiounen)
  • 2011 - Sie Siegelwelt-Chroniken -... entdecken - Armadillo-Collection - 1 Kurzroman - (Illustratiounen)
  • 2012 - Sie Siegelwelt-Chroniken -... erfroschen - Armadillo-Collection - 1 Kurzroman - (Illustratiounen)
  • 2012 - Sie Siegelwelt-Chroniken - Die Feuerprobe - Armadillo-Collection - 1 Roman - (Illustratiounen)
  • 2013 - Die Wurzelwelt-Chronik - Verlag TheNextArt - Graphic Novel (Illustratiounen)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]