Frantz Charles Muller

Vu Wikipedia
Frantz Charles Muller
Gebuer 4. Oktober 1942
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Direkter
Member vun Natura, natur&ëmwelt, Haus vun der Natur, Stëftung Hëllef fir d'Natur
Famill
Geschwëster Adolphe Muller

De Frantz Charles ("Frantz") Muller, gebuer de 4. Oktober 1942 an der Stad Lëtzebuerg, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Forstingenieur a Verwaltungsdirekter. Hien ass bekannt wéinst sengem berufflechen a benevollen Asaz am Naturschutz an am Jugendberäich.

Hien huet vun 1966 bis 1981 als Forstingenieur an der Forstverwaltung (haut Natur- a Bëschverwaltung) geschafft. Vun 1981 bis zu senger Pensioun (2003) war hien Direkter vum Service national de la jeunesse, wou en d'Successioun vu senger Fra der Gaby Kunsch iwwerholl hat.

De Frantz Muller ass President vum Conseil supérieur de la protection de la nature (zanter 2002). Hie war President vun der Natura (vun 2003 bis 2012) respektiv vun natur&ëmwelt (Juli 2012 - Mäerz 2013)[1]. Hie war President vun der Associatioun D'Haus vun der Natur (1999 - 2006) a vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur (1997 - 2013)[1].

De Frantz Muller war, zesumme mam Carlo Hemmer, Henri Rinnen, Léopold Reichling a Robert Thorn, Grënner vun der Natura, déi 1971 duerch den Zesummeschloss vu ronn 30 Vereenegungen entstane war.

Fir säi laangjäregen Engagement fir den Natur- an Ëmweltschutz um nationale Plang huet de Frantz Muller den 28. Januar 2016 de Präis Hëllef fir d'Natur 2015 iwwerreecht kritt.[2]

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No senger Primaireschoul zu Gaasperech a senger Première am Stater Jongelycée huet de Frantz Muller op den Universitéiten zu Oochen, Zürich a Freiburg im Breisgau studéiert, fir Forstingenieur ze ginn. D'Professeren Hans Leibundgut am Waldbau an Heinz Ellenberg an der Planzesoziologie op der ETH Zürich hunn hien am stäerkste markéiert.[3]

1966 huet hie säi Stage an der deemoleger Forstverwaltung (haut Naturverwaltung) ugefaangen. A sengen éischte Beruffsjoren huet hien ë. a. un der Preparatioun vum Naturschutzjoer 1970 vum Europarot matgeschafft.

1973 krut de Frantz Muller seng Nominatioun als Forstingenieur. An där Funktioun huet hie weider haaptsächlech am Naturschutzservice vun der Verwaltung geschafft.

Wichteg Aktivitéiten an de Beruffsjoren no 1970 waren d'Mataarbecht beim Ausschaffe vum éischte Plan sectoriel fir den Naturschutz[4], a vun der Déclaration d'intention générale du plan d'aménagement partiel concernant l'environnement naturel.[5] De Frantz Muller war déi dreiwend Kraaft beim Opstellen an der Publikatioun vun der éischter offizieller Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg am Joer 1981.

1981 huet de Frantz Muller de Beruff gewiesselt a gouf Chargé de direction an duerno Direkter - bis zu senger Pensioun am Joer 2003 - vum Service national de la jeunesse. An där Funktioun huet hie sech weider fir d'Natur- an d'Ëmwelterzéiung agesat. Sou huet hie gehollef de Centre d'écologie et de la jeunesse zu Huelmes op d'Been ze setzen.

De Frantz Muller ass mat der Gaby Kunsch bestuet a Papp vu véier Kanner. Hien ass de Brudder vum Ady Muller.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, F.C. & L. Reichling, 1971. Naturlehrpfad Echternach. Spelzboesch - Aesbach. In: Courrier de l'Éducation nationale Luxembourg, A1/71, S. 36-43.
  • Muller, F.C., 1975. Plan sectoriel concernant la protection de l'environnement naturel. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 77(1972), S. 3-14.[2]
  • Muller, F.C., 1978. Klima und Waldgesellschaften. In: Mein Taschenbuch 1978. Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer, Luxembourg, S. 56-59.
  • Muller, F.C., 1978. Wald- und Naturschutz in Luxemburg. Geschichtlicher Überblick. In: Mein Taschenbuch 1978. Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer, Luxembourg, S. 60-69.
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 167 S. (Mat der éischter offizieller Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Wéi deemools gewinnt bei Publikatioune vun de Verwaltungen, ass den Numm vum Auteur am Buch net genannt).
  • Muller, F.C., 1986. Die Biene und ihre Umwelt. In: Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg: Livre d'or du centenaire: 1886-1986. Luxembourg, S. 217-219.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 natur&ëmwelt: Roby Biwer und Claude Meisch neue Präsidenten von natur&ëmwelt. Frantz Charles Muller neuer Ehrenpräsident von natur&ëmwelt. [1]
  2. Lëtzebuerger Journal 2016, Nr. 10 (13. Januar), S. 21.
    Lëtzebuerger Journal 2016, Nr. 24 (29. Januar), S. 17 (Ein Pionier in Sachen Naturschutz: Frantz Muller mit dem "Präis Hëllef fir d'Natur" ausgezeichnet).
    Luxemburger Wort 2015, Nr. 25 (30. Januar), S. 31 (Ein Leben im Dienst von Natur und Jugend: früherer Forstingenieur und SNJ-Chef Frantz Charles Muller erhält "Präis Hëllef fir d'Natur" 2015).
  3. Quell fir d'Biographie ass den Interview mam Frantz Muller an der Emissioun Erlieft a Verzielt um Radio 100,7 vum 13. Februar 2010.
  4. Dee Plan sectoriel gouf den 23. Februar 1973 vum Conseil de gouvernement approuvéiert.
  5. Decisioun vum Gouvernement en conseil vum 24. Abrëll 1981.