Galápagosinselen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Galápagos-Inselen)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Galápagos-Archipel

D'Galápagosinselen (op spuenesch Islas Galápagos, offiziell Archipiélago de Colón) bilden en Archipel vu vulkaneschen Inselen am Pazifeschen Ozean ëm den Equator, ronn 1000 km westlech vum Land Ecuador.

Den Archipel besteet aus 19 méi oder wéineger groussen, an Dosende vu verstreete, klenge bis winzegen Inselen, déi zesummen eng Provënz, mat der Haaptstad Puerto Baquerizo Moreno, vum Land Ecuador bilden. Nëmme véier Insele si bewunnt, mat zesummen 30.000 Awunner.

Den Numm Galápagos kënnt vum spuenesche galápago, Suedel, dëst wéinst der opfälleger Suedelform vum Panzer vun enger Partie vun de Rise-Landschildkröten op den Inselen.

De ganzen Archipel, zesumme mat dem Mier ronderëm, gehéiert zum Galápagos-Nationalpark, dee streng geschützt ass.

D'Galápagosinsele si berühmt wéinst hire villen endemeschen Aarten (Aarten déi nëmmen hei virkommen) an och wéinst dem Openthalt vum Charles Darwin am Joer 1835, deen hei e wichtegen Ustouss fir d'Opstellen vu senger Evolutiounstheorie fonnt huet.

[änneren] Wichtegst Inselen, der Gréisst no

Isabela, Santa Cruz, Fernandina, Santiago, San Cristóbal, Floreana, Marchena, Española, Pinta, Baltra, Santa Fe.

[änneren] Literatur

  • Kricher, J., 2002. Galápagos. Smithsonian Natural History Series. (Dat wahrscheinlech beschte Buch iwwer d'Galápagosinselen, hiert Enstoen, Geographie, Geschicht an hir Déieren a Planzen).
  • Swash, A. & R. Still, 2005 (2. Ed.) Birds, Mammals and Reptiles of the Galapagos Islands. Christopher Helm.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Galápagosinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Fotoalbum

D'Insel Bartolomé, mat, lénks, dem Pinnacle Rock.
Geospiza fuliginosa, Weibchen. Eng vun de 14 Arte vun Darwinfinken.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht