Gare Weilerbaach

Vu Wikipedia
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gare Weilerbaach
Streck Ettelbréck-Waasserbëlleg
PK 25
Quaien
Gleiser 3
Uertschaft Weilerbaach
Gemeng Bäerdref
Kanton Iechternach
Koordinaten 49° 50’ 01.0’’ N
      6° 23’ 00’’ O

D'Weilerbaacher Gare war eng Gare an der Weilerbaach, op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck), déi tëscht 1862 an 1964 bedriwwe gouf.

D'Gare an der Weilerbaach louch op enger Héicht vun 166 Meter, um PK 25, tëscht der Gare op der Bollenduerfer Bréck an där vun Iechternach.

Sengerzäit bestoung vun der Weilerbaach aus e Gleisuschloss iwwer d'Sauerbréck bis bei d'Weilerbaacher Schmelz. D'Bréck gouf 1944 am Krich zerstéiert an duerno net méi opgeriicht. 1967 gouf se duerch d'Alfred-Toepfer-Foussgängerbréck ersat.

D'Garegebai ass am Kader vum Ausbau vun der Nationalstrooss 10 ewechgerappt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Weilerbaach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]