Op den Inhalt sprangen

Gaston Diederich

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist a fréiere Sportler Gaston Diederich (mat laangem "ie"). Fir de Politiker a Stater Buergermeeschter, kuckt wgl. Gaston Diderich.
Gaston Diederich
Gebuer 15. September 1927
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. Dezember 2007
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer, Jurist, Fonctionnaire

De Gaston Diederich, gebuer de 15. September 1927 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 31. Dezember 2007, war e lëtzebuergesche Jurist am Staatsdéngscht.

Hie war bis 1992 Distriktskommissär am Distrikt Lëtzebuerg a vum 29. Dezember 1976 bis den 11. Februar 1998 Member vum Staatsrot. No senger Demissioun am Staatsrot[1] gouf do de Carlo Meintz säin Nofollger.

Op sportlechem Plang war hien a senge jonke Joren als Boxer aktiv, a war e puermol lëtzebuergesche Landesmeeschter.


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Arrêté g.-d. vum 11.2.1998
  2. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Archivéiert de(n) 21.01.2020. Gekuckt de(n) 01.01.2013.