Gliese 370 b
De Gliese 370 b (och nach HD 85512 b genannt) ass en äerdähnleche extrasolare Planéit, deen de 17. August 2011 entdeckt gouf. De Planéit läit ronn 36 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Vela.
Entdeckung [änneren]
De Planéit gouf mat Hëllef vum HARPS vu Wëssenschaftler vun der Universitéit Genf entdeckt, ënnert der Leedung vum schwäizer Astronom Stéphane Udry.
Eegeschafte [änneren]
De Gliese 370 b ëmkreest de sonnenähnleche Stär Gliese 370, e K-Stär, dee ronn 36 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Fir en Ëmlaf brauch hie ronn 54 Deeg. De Planéit befënnt sech an der habitabler Zon, wat prinzipiell äerdähnlech Temperaturen an d'Existenz vu Waasser a flësseger Form erméiglecht. Iwwer d'Uewerfläch oder eng eventuell Atmosphär vum Planéit ass nach näischt bekannt. D'Duerchschnëttstemperatur ass op 25 °C geschat ginn.