Granat (Satellit)

Vu Wikipedia
Granat
De Weltraumteleskop Granat
Typ Weltraumteleskop
Land Sowjetunioun
Agentur
COSPAR-Bezeechnung 1989-096A
Apogeum 200.000 km
Perigeum 2.000 km
Bunnschréi 51,6°
Mass ? kg
Bunn-Ëmlafzäit 5880 min
Exzentrizitéit -
Start 1. Dezember 1989, 20:20 UTC
Startplaz Baikonur LC 200/40
Drorakéit Proton-K/D-1 352-01
Status vergloust de 25. Mee 1999

De Granat (russesch: Гранат) war e sowjetrussesche Röntgenstralesatellit, deen als Kollektivwierk tëscht der Sowjetunioun a Frankräich entstoung. De 5 Tonne schwéiere Satellit gouf den 1. Dezember 1989 mat enger Proton-K/D-1-Rakéit vun der Weltraumgare Baikonur an en exzentreschen 2.000 op 200.000 km héijen Orbit mat enger Bunnschréi vun 51,6° bruecht. En hat eng Ëmlafzäit vu véier Deeg.

De Satellit huet vun 1989 bis 1998 geschafft an ass zënter 1994 spinstabiliséiert. D'Aktivitéite waren de 27. November 1998 fäerdeg.[1] De Satellit Granat hat véier Haaptinstrumenter. Dat waren de franséische Röntgenteleskop SIGMA, deen an engem Beräich tëscht 30 an 1000 keV geschafft hat, dat russescht Teleskop Art-P, d'Iwwerwaachungsinstrument Watch an de Gammastralendetekter Phebus. U Bord waren nach aner Instrumenter aus Dänemark a Bulgarien.

Banne véier Joer huet de Satellit Granat vill Galaxien an erreechbar Röntgenstralen ënnersicht, déi baussenzeg vun eiser Galaxis leien. Duerno gouf hie fir weider Ënnersich vun anere Objete benotzt. Doriwwer eraus huet de Granat eenzegaarteg Fotoe vum Zentrum vun eiser Galaxis gemaach, souwéi och vu Kandidate fir schwaarz Lächer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) NASA-Seite zu Granat