Infrared Telescope Facility
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Infrared Telescope Facility (IRTF) ass een Teleskop fir Infraroutastronomie um Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii. Säin Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 3,0 m.
D'Teleskop dat säin éischt Liicht 1979 hat, gouf fir d'Ënnerstëtzung vun de Voyager-Missioune (Voyager 1 a Voyager 2) gebaut, a gëtt elo zesumme vun der NASA a vun der University of Hawaii bedriwwen. Well den IRTF vun der NASA finanzéiert gëtt, gi wéinstens 50 % vun den Observatiounen um IRTF fir d'Fuerschung vum Sonnesystem gebraucht, wat fir en Teleskop vun där Gréisst ongewéinlech ass.